Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ACEL: Lëtzebuerger Verband vun de Studentencercele stellt sech géint d‘Stage-Gesetz
International Neiegkeeten

ACEL: Lëtzebuerger Verband vun de Studentencercele stellt sech géint d‘Stage-Gesetz

Mat der „Originalversioun“ vum Gesetzprojet 7265 (Stage fir Schüler a

money
OGBL: „Wann eng Mindestlounerhéijung elo net dran ass, wéini dann?“
International Neiegkeeten

OGBL: „Wann eng Mindestlounerhéijung elo net dran ass, wéini dann?“

Um Dënschdeg huet de nationale Comité vum OGBL éischt Fortschrëtter

money
Emirates SkyCargo a Cargolux ënnerschreiwe Codesharing Partnerschaft
International Neiegkeeten

Emirates SkyCargo a Cargolux ënnerschreiwe Codesharing Partnerschaft

Um Méindeg hunn Emirates SkyCargo an d‘Cargolux ugekënnegt eng Partnerschaft

EPP-Spëtzekandidat Manfred Weber erfreet griichesch Gemidder

Däitlech Wierder géintiwwer dem Premierminister an eng Ofso un d‘Tierkei

EPP-Spëtzekandidat Manfred Weber erfreet griichesch Gemidder

Et fält wuel kengem op, mee déi „hëtzeg“ Phas vum Wahlkampf – am Kontext vun den EU-Wahlen – huet ugefaangen an wien sech fir méi wéi nëmmen e Mandat als Parlamentarier opgestallt huet, geet op Tournée. Esou och de Kandidat vun der bayrescher CSU, de Manfred Weber. E Mann deen de Usproch stellt d‘Nofolleg vum Jean-Claude Juncker unzetrieden, a realistesch Chancen huet.

Gëschter war de streng konservativ agestallte Politiker an Griicheland ënnerwee, an huet am 1888 ageweiten „Zappeion“ – engem klassizistesche Gebai am Athener Faubourg – de Wahlprogramm vun der EPP virgestallt. „Et gëtt keng besser Plaz (…) wann d‘Leit iwwer Demokratie an Europa schwätzen, denken si ëmmer fir d‘éischt u Griicheland“, esou de Manfred Weber aleedend.

Datt d‘Griichen d‘Demokratie „erfonnt“ hunn, an eis et erméiglecht hunn an enger demokratescher Unioun ze liewen, ass eng gewoten Ausso. Zum enge well et esou einfach wéi duergestallt net ass, an zum aneren, well och de Begrëff „Demokratie“ – am Bezuch op d‘Griichen aus der Antik – sech net wierklech mat eisem Verständnis vun „Demokratie“ deckt. Mee esou geet nu emol Politik…

Et sollt awer nach ee ganze Krack besser ginn. Erënnere mir kuerz drun, datt ee vun de gréissten europäeschen „Demokraten“, de Victor Orban, vum Manfred Weber hofféiert gëtt. Den Ungar ass beschtefalls mat „rietsradikalem Despot“ oder zumindest, esou wéi de Jean-Claude Juncker et scho richteg erkannt hat, als „Diktator“, ze bezeechnen. Dat just fir dem Bayer seng Frënn ze beliichten.

Mat politeschem Anstand gewënnt ee keng Walen

Dat gewosst, geet et zréck an de Zappeion. Nom Luef oder dem Merci fir de Kaddo „Demokratie“ un d‘Griichen, ass et dann awer nach „politesch“ ginn. An esou ass de Manfred Weber verbal géint den amtéierende Premierminister Alexis Tsipras virgaangen. De lénke Politiker ass vun deem Mann, dee wéi gesot den Usproch op d‘Mandat als EU-Kommissiounspresident stellt, haart ugepaakt ginn.

Hie wier ee „Populist“, an et sollt een ni de Populisten nolafen, well déi ni hir Verspriechen anhalen. Dat ass dann och keng „satiresch“ Ausso, déi ass ganz eescht gemengt. Do mécht d‘Infirmerie de Geck mam Spidol. Wann ee selwer e Populist mat rietsradikalem Charakter op Hänn dréit – näischt anescht ass de Victor Orban – muss ee sech schonn op d‘Dommheet vun de Mënsche verloossen…

Eng gutt Strategie, déi beschten Aussiicht op Erfolleg huet. Vergiess schéngt et, datt déi griichesch Kris zwar wuel selwer verschëlt war, net awer mat eegene Mëttel bedriwwe ginn ass. Ëmmerhi war et de Manfred Weber, deen d‘Griichen aus der Eurozon verdreiwe wollt. Et war Däitschland, dat de maximale Profit aus der Kris gezunn huet. Esouvill zum europäesche Gedanke vun der CSU.

Virun esou Leit hunn eis Eltere scho gewarnt

Wien engem Manfred Weber a senger politescher Famill, der EPP – also zu Lëtzebuerg der CSV – seng Stëmm gëtt, muss dovunner iwwerzeegt sinn, datt en Europa vum „Nationalismus“ an dem „Géintenaner“ déi fir sech wënschenswäert Zukunft ass. De Manfred Weber huet sech gëschter zu Athen, ganz kloer fir de Neoliberalismus an en Europa vun den Technokraten agesat.

Datt et him eescht gemengt ass, wann hien sech iwwert Jugendaarbechtslosegkeet opreegt – déi deels vun der eegener politescher Famill bewosst erbäigefouert ginn ass – dat huet virun allem domatter ze dinn, datt et an dësem Kontext keng alternative gëtt, wann Europa iwwerhaapt soll eng Zukunft hunn. A bei der Migratioun, déi „reduzéiert muss ginn“, ass de Weber nees beim Orban.

An de Public am Zappeion war glécklech. Dem Manfred Weber seng Rieden an Usiichte waren de konservative Griichen – genee déi wou iwwert Joerzéngten de System fir sech genotzt hunn – zwar bekannt, mee esou de Pelz gekrault ze kréien, ass ëmmer eppes Besonnesches. Esou Mënschen ass e funktionellt Sozial- an/oder Gesondheetssystem souwisou suspekt. De Weber ass hire Kandidat.

D‘Tierkei gehéiert net zu Europa…

An datt hie kee vun deene „ganz Dommen“ ass, den Ëmgang mat Feier net fäert, huet de Manfred Weber och ënner Beweis gestallt. Datt d‘Griichen elo – och deels geschichtlech bedéngt – net vill léift géintiwwer den Tierken hunn, muss ee politesch notzen. Esou huet den EPP-Spëtzekandidat oppen Dieren agetrëppelt, wéi hien iwwert d‘Tierkei an de Sultan vun Ankara hiergefall ass.

Dat ganzt natierlech nëmme Verbal a schwammeg genuch, fir am diplomateschen Echange mam NATO-Partner noutfalls déi gemaachten Aussoen ze relativiséieren. Esou seet also de Manfred Weber: „D‘Tierkei kann net Member vun der EU ginn!“. Dat gëtt net weider begrënnt, woubäi et géif duergoen drop hinzeweisen, datt déi haideg Erdogan-Tierkei d‘Konditiounen net erfëllt.

Wéi et heescht huet den EPP-Spëtzekandidat zu Athen iwwerzeegt, an hien dierft mat senger Aart a Weis och soss op Géigeléift stoussen. D‘Mënsche sinn es der Komplexitéit vun der moderner Welt midd, vläicht scho „sat“, an einfach Léisungen oder appropriéiert Feindbiller sinn am Wahlkampf wichteg. Et gëtt méi Dommer wéi därer déi sech Gedanke maachen, dofir geet de Punkt un d‘EPP

mat indymedia/ath/bru/ber

Foto: Michel Lucan (cc-by-sa 3.0 de)

Ähnlech Sujeten Alexis Tsipras, Athen, EPP, Europäesch Vollekspartei, Griicheland, Manfred Weber, Populismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel