Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Spuenien: Uerteel géint katalanesch Separatisten (Analys)
Kultur Neiegkeeten

Spuenien: Uerteel géint katalanesch Separatisten (Analys)

Um Méindegmueren hat den ieweschte Geriichtshaff zu Madrid géint néng

Konstruktive Gedankenaustausch mat der Bauerenzentral
Kultur Neiegkeeten

Konstruktive Gedankenaustausch mat der Bauerenzentral

En Donneschdeg huet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider (LSAP) eng Delegatioun

Stad Lëtzebuerg: Ee gelongenen Internetoptrëtt
Kultur Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: Ee gelongenen Internetoptrëtt

Wat fir deen een laang dauert, ass um Enn fir

D’Lëtzebuerger Webserie W. – Brillant Auszeechnung beim DC Web Fest

D’Lëtzebuerger Webserie W. – Brillant Auszeechnung beim DC Web Fest

Wärend d’Majoritéit vun den Eventer weltwäit hu missen ofgesot ginn, konnt den DC Web Fest, een US-amerikanesche Filmfestival fir Webserien säi grousst Ereegnis op der Internet verleeën. Um vergaangene Freideg a Samschdeg sinn hei nees déi bescht digital Konzepter a Wierker belount ginn. Ma, de Gold Award fir déi Bescht international digital Serie goung heibäi un d’Lëtzebuerger Webserie W.!

Voller Freed huet d’Ekipp vu Six.-Letters, zesumme mam Zeenarist Frédéric Zeimet dëse groussaartegen Erfolleg matgedeelt. A 6 kuerze Folgen konnt eng komplex, héich spannend a schlësseg Geschicht iwwert eng Fra erzielt ginn, déi weder weess wien si selwer ass, nach wéi si am Bësch gelant ass. An awer muss si, beschëllegt vun der Police, ee Fall vu Kannerentféierung léisen.

D’Konzept vun der Webserie, déi op de soziale Medien a YouTube ze fannen ass, huet dobäi net nëmmen d’Lëtzebuerger an all déijéineg hannert dem Bildschierm iwwerzeegt, mee och de Jury. Berechtegt, fanne mir.

Iwwert d’Reaktioun säitens den Organisateuren an dem Jury vum Festival kann ee sech iwwert béid Oueren freeën. D’Ekipp ënnersträicht: „Wärend der Zeremonie, huet d’Jury an d’Organisateuren de Mistere vun der Serie ënnerstrach deen sech lues a lues entfaalt an d’Serie ganz “addictive” mécht. Si hunn och d’Spill vun de Schauspiller (Catherine Elsen, Jérôme Burelbach, Fränk Grotz, Claude Faber) ervirgehuewen, d’Qualitéit vum Bild (Rae Lyn Lee) a sinn op d’Aarbecht vum Sound (Lucas Theis, Daniel Balthasar) am Detail gaangen. Sou niewebäi, waren si och ganz houfreg fir d’éischt Kéier an hirem Liewe Lëtzebuergesch ze héieren.“

Ma, grad elo wier dach den ideale Moment sech dat ganzt Wierk nach emol unzekucken, fannt Dir net? D’Webserie W. Kënnt Dir Iech op YouTube a Facebook ukucken. Mir wënsche vill Spaass dobäi a gratuléieren alle Bedeelegte vun W. fir dëse Succès!

Zum DC Web Fest

Zënter 2013 gëtt duerch den DC Web Fest d’Kombinatioun aus Ënnerhalung, Technologie an innovativen Iddien zelebréiert. Zil ass et duerch modern Konscht ze begeeschteren an ze léieren. Direktesch ass d’Otesse Maria Ghadar, selwer eng digital Geschichtenerzielerin, déi duerch d’Kombinatioun aus Fotografie, Technologie, Filmer a Schreiwen als eng vun den Éischten d’Webserie als Medium opgeholl huet.

Net nëmmen national an international Webserien gi beim Festival ausgezeechent, och Podcasts, AR/VR & Games, wéi och digital Expressioun an digitaalt Schreiwen stinn op der Lëscht vun der Selektioun.

Opmaacherbild: © Webserie W. / Facebook

Ähnlech Sujeten Auszeechnung, Bescht international digital Serie, DC Web Fest, Frédéric Zeimet, Golden Award, Otesse Maria Ghadar, Six Letters, W., Webserie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel