Search

You may also like

Zwou nei Maisons Médicales an der Haaptstad an um Belval
Kultur Neiegkeeten

Zwou nei Maisons Médicales an der Haaptstad an um Belval

Déi medezinesch Grondversuergung ass eng wichteg Sail am Lëtzebuergesche Gesondheetssystem,

De Sultan vun Ankara mécht nees Drock
Kultur Neiegkeeten

De Sultan vun Ankara mécht nees Drock

Et war laang roueg tëscht der EU an der Tierkei.

Neit opflame vum Gestreits a Katalounien
Kultur Neiegkeeten

Neit opflame vum Gestreits a Katalounien

Madrid a Barcelona, dat sinn zwou ënnerschiddlech Welten an zanter

Webserie W: Vun Erausfuerderungen an Erkenntnisser fir déi zweet Staffel

Webserie W: Vun Erausfuerderungen an Erkenntnisser fir déi zweet Staffel

Nom immensen nationalen an internationale Succès vun der Webserie W huet d’Ekipp vu Six Letters fir dëst Joer eng zweet Staffel ugekënnegt. Wärend un der DNA vun der Geschicht festgehalen an dës virugefouert gëtt, waarden elo nei Erausfuerderungen op all Bedeelegt.

Erënnert Dir Iech nach? Et si 6 kuerz Folgen vu jeeweils 10 Minutten. Si goufen op Facebook, Instagram a YouTube verëffentlecht an erzielen d’Geschicht vun enger Fra, déi ouni Erënnerung, mat Konzentratiounsproblemer an enger grousser Uschëllegung säitens der Police am Bësch erwächt. Esou decidéiert si sech ganz simpel W ze nennen, an alles dorunner ze setzen de Fall opzedecken..

Elo gëllt et de Beamten ze beweisen, dass si net hir Kanner entfouert huet. Genee dat ass net esou einfach. D’W leit nämlech och un Hypermnesie an Hypersensibilitéit, huet Schwieregkeeten am soziale Beräich wat duerch hir autistesch Entwécklungsstéierung, den Asperger-Syndrom, zeréckzeféieren ass.

Nodeems d’Webserie W mat engem sougenannte Cliffhanger opgehalen huet probéiert d’Protagonistin hir Famill erëmzefannen an de Schëllegen ze fänken. Zënter November sinn d’Dréibicher prett, woubäi ee versicht huet och d’Aktualitéit ze verschaffen. D’Personnage si gepräägt vum Joer 2020. An awer gëtt um Bekannte festgehalen.

Si sinn hirem Bauchgefill nogaangen

Am Interview mat Six Letters huet d’Ekipp ganz beim Ufank ugesat. Ier et iwwerhaapt zur éischter Staffel koum, huet d’Iddi vun der Geschicht dem Lëtzebuerger Zeenarist Frédéric Zeimet scho méi laang am Kapp ronderëm gedanzt. Mee a wéi enger Form sollt een déi perplex Handlung ëmsetzen?

D’Leit verbréngen ëmmer méi Zäit virum Handy a Computer, och d’Streamingdéngschter sinn zu Lëtzebuerg ukomm, an awer gëtt et just wéineg Lëtzebuerger Fiktiounsserien um Fernseh oder um Web. Wisou also net eng Webserie lancéieren? „Mir waren eis iwwerhaapt net sécher, et war ee Bauchgefill an mir haten d’Gefill, dass mir et wéinstens sollte probéieren.“

Trotz finanzieller Ënnerstëtzung vum Film Fund war de Budget kleng. Op der Sich no Sponsoren ass d’Ekipp leider nëmmen op zouen Diere gestouss. Schliisslech konnt kee vu Baussen sech eppes ënnert enger Webserie virstellen.

Steng an d’Féiss geluecht ze kréien, huet déi Bedeelegt awer net dovunner ofgehalen hire Wee ze goen. Dëse war duerch déi geréng Hëllef zwar mat méi Stress verbonnen, an awer huet de Succès beim Publikum an op diverse Festivallen all Méi belount.

WebserieWebserie W / Facebook

Méi Kenntnisser, awer och méi Hindernisser

D’Demande, fir déi zweet Staffel ze produzéieren, ass scho beim Film Fund an der Bréifkëscht. Nodeems wéineg finanziell Mëttel zur Verfügung stoungen, wëll d’Ekipp dës Kéier besser virbereet a mat méi Sponsoren un d’Saach erugoen. Net nëmmen d’Aarbecht, den Engagement an d’Méi vun alle Bedeelegte soll adequat belount ginn, och déi Pandemie-bedéngt Moossname fuerdere Budget.

Geplangt ass, d’Geschicht a 6 bis 7 Deeg gefilmt ze hunn. All Persoun um Set soll op mannst 1 Mol d’Woch getest ginn a sollt bei engem d’Resultat positiv ausfalen, gëtt den Dréi fir wéinstens eng Woch gestoppt. Ëm d’Ëmsetzung an de Respekt vun de Moossnamen soll sech extra Personal këmmeren. Dat bedeit: Méi Fraisen, gutt Virbereedung!

WebserieEng frësch Ekipp mat super Iddien (Februar 2020) – Webserie W / Facebook

Hey W, wat gëtt et Neies?

Och bei der zweeter Staffel wäerten déi kuerz Folgen op Facebook, Instagram a YouTube verëffentlecht ginn. Et bleift bei der Lëtzebuerger Sprooch. Ma, déi soll awer nach méi ervirgehuewe ginn. No der grousser Demande soll, nieft franséischem an engleschem Ënnertitel, och e Lëtzebuerger Ënnertitel bäigefüügt ginn. Dat hu sech besonnesch déi Leit gewënscht, déi grad eis Sprooch léieren an duerch zousätzlechen Text d’Geschicht besser verstoe kënnen. Vläicht ass déi Initiative jo och mat internationalem Interessi un der Sprooch verbonnen.

Dës Weideren soll Material vun hannert de Kulisse verëffentlecht ginn. Eng u sech scho spannend Geschicht ka mat dësem „Behind the scenes“ ëmsou méi lieweg gestalt ginn.

Webserie Beim Dréi vun der éischter Staffel zu Bech beim Tunnel – Webserie W / Facebook

Enn 2021 kéint déi zweet Staffel erauskommen

Ass déi (hoffentlech positiv) Äntwert bis do, d’Sponsore fonnt an d’Ekipp zesumme getrommelt soll zum Ufank vum Summer den Dréi starten, sou dass Enn des Jores déi nei Folge verëffentlecht kënne ginn. Mir all wëssen awer, wéi onberechenbar d’Situatioun zënter dem Ausbroch vum Virus ass, wouduerch hei kee festen Datum gesot gëtt. Et bleift een awer optimistesch a sollt et fir 2021 net klappen, da steiert d’Six Letters-Ekipp Ufank 2022 un.

Dat grousst Zil ass et souwisou dem Publikum weiderhi Spaass beim Kucken ze bidden an hiren Interessi un der Opdeckung vum Fall oprecht ze halen. No der internationaler Unerkennung fir déi éischt Staffel, hoffen déi Bedeelegt och dës Kéier och am Ausland ze begeeschteren, vläicht souguer bei physeschen Evenementer deelzehuelen an direkt mam Publikum kommunizéieren an diskutéieren ze kënnen.

Do wënsche mir natierlech nëmmen dat Bescht a waarden ongedëlleg op déi zweet Staffel vun der Lëtzebuerger Webserie W!

Related topics Asperger, Budget, Dréi, Film Fund Luxembourg, Frédéric Zeimet, Interview, Lëtzebuerger Sprooch, Onschold, Pandemie, sanitär Moossnamen, Six Letters, Webserie W
Next post Previous post