Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dat grousst Geschäft
Kultur Neiegkeeten

Dat grousst Geschäft

Dem Donald Trump steet den Toupet zu Bierg an de

Weltaidsdag: Meng Gesondheet, meng Rechter
Kultur Neiegkeeten

Weltaidsdag: Meng Gesondheet, meng Rechter

Säit 1988 gëtt all Joer um 1. Dezember den internationalen

Editorial: Houere Miel, gëtt houere Paangech
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Houere Miel, gëtt houere Paangech

Eigentlech interesséiert et keen an awer kritt jiddereen et mat.

Webserie W. – Immense Succès op internationalem Niveau!

Webserie W. – Immense Succès op internationalem Niveau!

Fir d’Lëtzebuerger Webserie W. geet et weiderhin steil biergop. Nom Präis fir déi bescht international Webserie beim DC Webfest ass d’Wierk vu Six.-Letters elo bei engem vun de gréisste Webfestivals an Europa Die Seriale nominéiert ginn.

D’Chance op e Präis gouf et fir d’Beräicher „Best international Webserie“, „Best Actress“ fir d’Catherine Elsen, „Best Director“ fir de Frédéric Zeimet, „Best Screenplay“ fir de Frédéric Zeimet, „Best Editing“ fir de Loic Tanson a „Best Sound“ fir de Luca Theis. Ma, ofgestëbst huet d’Webserie d’Auszeechnung fir dat bescht Dréibuch. Dëse fantastesche Präis belount d’Aarbecht an d’Talent vum Frédéric Zeimet fir d’Schreiwe vun Zeenarien.

Domat awer net genuch: Leschte Weekend ass d’Award Show vum T.O. Webfest, dem gréisste kanadesch Evenement an dësem Beräich, online organiséiert ginn. Erëm war W. an e puer Kategorien nominéiert ginn, dorënner „Best Drama“, „Best Supportive Performance“, „Best Sound“ fir de Luca Theis a „Best Screenplay“

Och hei konnt dem Frédéric Zeimet säin Zeenario iwwerzeegen, sou datt d’Cobie Smulders, bekannt als Robin bei der Serie How I Met Your Mother, an d’Kategorie „Best Screenplay“ fir sech gewannen. Elo ass et awer nach ëmmer net eriwwer! W. krut fir seng Qualitéit d’Board Of Governors Honorable Mention.

D’Ekipp vu Six.-Letters ka säi Gléck kaum faassen a weist sech beréiert iwwert den immensen Erfolleg vun der Lëtzebuerger Webserie: „Et ass flott an erstaunlech ze gesi wéi eis Serie op Lëtzebuergesch, déi mat eise wéineg Moyen’en gemaach gouf, “Luxembourg on the map” gesat huet am Domaine vun de Webserien (laut de Presentateuren vun Die Seriale)

Mir sinn immens beréiert ze gesi wéi duerch d’ganz Welt eis Geschichten an eiser Sprooch verstanen ginn an dass d’Qualitéit vum Schreiwen ënnerstrach ginn.“

D’Episode vun der Lëtzebuerger Webserie W. kënnt Dir op FacebookInstagram a Youtube nokucken.

Ähnlech Sujeten Auszeechnung, Best Screenplay, Die Seriale, Éierung, Erfolleg, Frédéric Zeimet, Nominatioun, Präis, Six Letters, T.O. Webfest, W., Webserie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel