Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Virun 28 Joer weist Disney fir eng éischt Kéier d’Arielle am Kino
Meenung

What the Fakt – Virun 28 Joer weist Disney fir eng éischt Kéier d’Arielle am Kino

Eis all ass déi kleng Mierjongfra Arielle vu Walt Disney

Méi bezuelbare Wunnraum um Kierchbierg
Meenung

Méi bezuelbare Wunnraum um Kierchbierg

D‘Piraten, déi lénk, d‘Gewerkschaften an ongezielten ONGe fuerderen zanter enger

Dem US-President säin neit Feindbild: Facebook, Google an Twitter
Meenung

Dem US-President säin neit Feindbild: Facebook, Google an Twitter

„Si musse gutt oppassen!“: den US-President Donald Trump huet en

E Wéckeldësch op allen ëffentlechen Toiletten? Déi Iddi ass net vu schlechten Elteren!

E Kommentar

E Wéckeldësch op allen ëffentlechen Toiletten? Déi Iddi ass net vu schlechten Elteren!

Virun e puer Méint hunn ech eng Story fir moien.lu geschriwwen, déi sech mat de skurrilste Petitiounen auserneen setzt. A mëttlerweil kéint een se gutt ausbauen – zum Beispill mat dëser zum Bau vun engem Doudesstär. Ëmmer erëm taucht eng op, wou een sech einfach froe stelle muss. Mee dës Petitioun ass alles anescht wéi skurril!

Eng nei Petitioun fuerdert Wéckeldëscher op allen ëffentlechen a kommerziellen Toilette – och bei de Männer! D’Petitioun 958 gouf zwar nach net fräigeschalt, sollt awer duerchaus zum Nodenken ureegen. Et ass kloer, datt d’Pappen ëmmer mi staark an d’Erzéiung vun hire Kanner agebonne ginn. Dëst gouf jo och duerch verschidde Gesetzer staark ausgebaut. Och dat ass eng Konsequenz vu Gläichberechtegung a Gläichbehandlung vu Mann a Fra.

Mee ech si gespaant, wéi den ëffentlechen Debat an dëser Fro wäert ausgesinn an och, op d’Petitioun déi noutwenneg Ënnerschrëften dozou zesumme kritt. Evident ass et net! Di meescht Petitioune scheitere leider un der Hürd, och wann se mol duerchaus ganz interessant Iddien ervir brénge kënnen.

Et ginn international Virbiller. Mee esou ee Signal muss och vun der Regierung kommen.

A mir wieren net déi éischt, déi d‘Fuerderung, déi an dëser Petitioun formuléiert gëtt, géifen aféieren. An New York steet esou ee Gesetz an de Startlächer. Et ass eng Verännerung, déi fir den Opstig vun der Gläichberechtegung steet, an am Fong gëtt et wéineg dogéint anzewennen. Oder ass et engem Léiwer, wann d‘Männer dofir mussen eriwwer op d‘Dammentoilette lafen? An op mannst vu staatlecher Säit aus sollt e Signal kommen, andeems een et a sämtlechen ëffentleche Gebaier ëmsetzt.

Op een elo private Geschäfter (Restauranten, Baren an esou) dat esou einfach virschreiwe kann, ass do eng aner Saach. Eventuell mussen se – sou wéi dat schonn op anere Plazen de Fall ass – einfach e separate Wéckelraum ubidden. Mee do fënnt ee bestëmmt eng Léisung.

Update 13.40: Déi éischt zwee Ofsätz goufen iwwerschafft, fir méi kloer ze sinn.

Ähnlech Sujeten Eltern, Erzéiung, Gläichberechtegung, Lëtzebuerg, Petitioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel