Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Dag vum Knätsch
Neiegkeeten WTF

What the Fakt – Dag vum Knätsch

Et ass vläicht een zéien Ulooss, awer haut ass am

Covid-19: Um 18. Mee fänken déi groussflächeg Tester un!
Neiegkeeten WTF

Covid-19: Um 18. Mee fänken déi groussflächeg Tester un!

Zu Lëtzebuerg sollen déi groussflächeg Tester, fir de Covid-19 festzestellen,

Venezuela: Wat een vun der Constituante weess oder och net weess
Neiegkeeten WTF

Venezuela: Wat een vun der Constituante weess oder och net weess

D‘Land a Mëttelamerika steet virum Biergerkrich. Trotz allem ass dem

surprise

Beschwéierlech a Laang: de Wee zur neier Verfassung

Beschwéierlech a Laang: de Wee zur neier Verfassung

D‘Vetrieder vu CSV, DP, déi gréng an LSAP, hu gëschter um Krautmaart de Ofschlossbericht zur Verfassungsreform presentéiert. Dat war et dann awer och schonn, well en dierft wuel kaum virum Hiecht 2019 nach emol an de Grapp geholl ginn.

Et huet also nëmmen 9 Joer laang gedauert – nodeems den Deputéierte Paul Henri-Meyers (CSV) de Gesetzprojet deposéiert hat, mat deem eng nei Verfassung soll ausgeschafft an ëmgesat ginn – bis déi zoustänneg Kommissioun de Rapport ugeholl huet. An eigentlech huet d‘Kommissioun dem Rapport jo och schonn de 5. Juni zougestëmmt, mee et wollt ee sech virbereeden…

D‘Verännerung, respektiv d‘Neigestaltung vun der Reform, ass natierlech virun de Chamberwahlen eng gutt Geleeënheet sech nach emol „duerzestellen“. Déi véier „Rapporter“ vun de véier Parteien hunn dann och d‘Zäit genotzt, fir op déi wichtegst Ännerungen an der neier Verfassung anzegoen. Och oder grad well, doriwwer net méi kann an dëser Legislaturperiod entscheet ginn.

An datt deem esou ass, gëtt besonnesch vun de Sozialiste bedauert, well déi et nawell gäre gesinn hätten, wann déi nei Verfassung op d‘Joer genee, 150 Joer no der aktuell gülteger Verfassung, hätt kënnen a Kraaft trieden. Do versteet sech, datt dem Alex Bodry (LSAP) säi Bléck sech op den Auteur, de konservative Paul-Henri Meyers, vun dëser Revisioun geluecht huet.

Zesummen oder guer net

Hei muss drop higewise ginn, datt eng Reform vun der Verfassung, sech net ouni d‘Zoustëmmung vun der (nach) Oppositiounspartei CSV maache léisst. An déi „schwaarz“ hunn sech dann och mat Hänn a Féiss géint esou Vott, matten am Wahlkampf, gewiert. Dat sinn an dësem Joer bekanntlech d‘Chamberwahlen a fir 2019 sinn et d‘Europawahlen déi deem ganzen am Wee stinn.

Et ass also ersiichtlech, datt de Rapport vun der Kommissioun nach eppes „Stëbs dierft usetzen“ iert dësen um Krautmaart zur Debatt kënnt. An eréischt wann dann och an der Chamber den Text vun den Deputéierten ugeholl ginn ass, dann… jo da kann ee sech der Organisatioun vum Referendum zouwennen. Dat dierft dann iergendwann am zweete Semester 2020 de Fall sinn.

Woubäi een uecht doe muss, datt et nach eng ronn 30 Texter gëtt, déi ëmgeschriwwe musse ginn, fir mat der neier Verfassung Konform ze sinn. Esou d‘Ausso vum Paul-Henri Meyers. Interessant, datt den Alex Bodry mengt, dat gréisst wier gedoen. Den Avis vun de Bierger hätt ee berécksiichtegt, an duerch d‘Zesummenaarbecht mat der Universitéit, hätt een hei e kohärenten Text erhalen.

De Groussherzog nach just als Symbol?

Interessant och de Fakt, datt iwwert d‘Hallschent un Artikelen aus der aktueller Verfassung erhale bleiwen. De Bodry, deen sech méi mat den Texter beschäftegt huet déi d‘Regierung an de Rôle vum Groussherzog betreffen, stellt hei dann och kloer, datt de Groussherzog nach beschtefalls eng symbolesch Funktioun erfëllt, an ganz vun der Politik lassgeléist gëtt.

Et ass also eriwwer mat der sougenannter „absoluter Monarchie“ an enger Verfassung déi dem Groussherzog e Vetorecht zougestanen huet. Dat bedeit dann och, datt et net méi d‘Regierung vum Groussherzog ass, méi déi vum Land. Net ze vergiessen, datt nach bis 1984 d‘Ministeren als Beroder vun der Kroun gefouert goufen. Gutt eng Erneierung ass net vu Muttwëll.

Woubäi den Alex Bodry net vergësst drop hinzeweisen, datt déi „modern“ Verfassung och virgesäit, datt et zukünfteg méiglech ass, an der Chamber e Mësstrauensvott anzefuerderen. Wann sech eng Regierung „dernieft behëlt“ an et um Krautmaart eng Majoritéit gëtt déi sech deem entgéint setze wëll, da kann et „séier goen“ ouni dat hei de Groussherzog e Wiertche matzeschwätzen hätt.

Aarbecht, Kanner a Logement

Datt d‘Rechter vun de Kanner gestäerkt an och an der Verfassung festgehale ginn, datt begréisst d‘Rapportrice vun der DP, Simone Beissel. Si ass et déi sech mat de fundamentale Rechter an den ëffentleche Fräiheete beschäftegt. D‘Recht op Asyl ass an der neier Verfassung enthalen, grad wéi och d‘Recht op eng Aarbecht an eng Wunneng, och wann een de Staat dowéinst net verkloe kann.

D‘Sam Tanson (déi gréng) huet d‘Modifikatioune vun der Chamber an dem Staatsrot resuméiert. Vill konnt déi Deputéiert jo och nach net soen, vu datt si dës jo awer schwiereg Aufgab eréischt kierzlech vum demissionäre Claude Adam iwwerholl huet. Och an der CSV geet de Staf an nei Hänn iwwer, well de Paul-Henri Meyers mat 81 Joer seng parlamentaresch Aarbecht opgëtt.

Seng Plaz iwwerhëlt den Deputé-Maire vu Gréiwemaacher, de Léon Gloden. Hien ass et dann och deen sech mam Volet „Justiz“ erëmklappen dierf. Hei besteet d‘Erausfuerderung doranner, e nationale Justizrot ze schafen. Eng Iddi déi nach vum Marc Fischbach, engem fréiere Minister a spéidere Mediateur, staamt. Hei dann och de Konsens ze fannen, dierft net einfach ginn.

Sech dann awer och drun halen

Ganz interessant war dann och d‘Ausféierung vum Léon Gloden, deen d‘Roll vun der Verfassung a seng juristesch Valeur zesummegefaasst huet. Et muss een an dësem Kontext dann awer drop hiweisen a virun allem betounen, datt Entscheedunge vum Verfassungsgeriicht, ni eng Regierung derzou beweegt hunn, an der Urgence e Gesetz ze änneren, fir verfassungskonform ze ginn.

Mat der neier Verfassung, wann se da kënnt, géif et sech esou verhalen, datt e Gesetz dat vum Verfassungsgeriicht als net konform verworf gëtt, bannent 12 Méint muss ofgeännert ginn. Mee esouwäit ass et nach net. Als éischt mussen sech déi Deputéiert um Krautmaart eens ginn, an den Text dee virgeluecht gëtt unhuelen. An dann entscheet am Referendum de Bierger.

Et muss also schonn alles gutt lafen: d‘Chamberwahlen am Oktober, d‘Europawahlen 2019 an de Konsens an der Chamber fir d‘Verfassungsreform. An do hëlleft da kee Bléck an déi berühmte Kristallkugel, do spillen aner Kritären eng Roll. Ass dat alles iwwerstanen, da muss een dat ganzt och nach dem Bierger erklären, iert dësen sech fir oder géint eng „nei Verfassung“ ausschwätzt.

Ähnlech Sujeten Groussherzog, Lëtzebuerg, Referendum, Verfassung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel