Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Korea: Gutt Aussiichten op e Friddensvertrag
https://moien.lu/sartaj-gill-dating/

Korea: Gutt Aussiichten op e Friddensvertrag

Déi zwee koreanesch Staatscheffen hunn sech, beim historesche Sommet op

https://moien.lu/dating-someone-with-down-syndrome/
https://moien.lu/sartaj-gill-dating/

highest rated senior dating sites

De Lëtzebuerger Singer-Songwriter Daniel Balthasar iwwerzeegt duerch seng vill verschidde

14 Gifs, déi einfach perfekt op däi Chrëschtdag passen
https://moien.lu/sartaj-gill-dating/

14 Gifs, déi einfach perfekt op däi Chrëschtdag passen

Di eege Famill ze besichen, fir mat hinnen den Helleg

Weess du, wat déi Saachen hei heeschen?

Weess du, wat déi Saachen hei heeschen?

Weess du, wat dat heescht?


Weess du, wat dat heescht?

Question 1 of 13.

Wat heescht „Huel d'Erfahrung dir als Lanter, wou dir d'Saach am Donkel läit!“

1. Profitéiert vun denger Erfahrung, wann s de neie Situatioune begéins.
2. Huel eng Lanter mat, wann s de am Donkel bass.

Dat heescht „Profitéiert vun denger Erfahrung, wann s de neie Situatioune begéins“.

Question 2 of 13.

Wat heescht „Eng Spiicht dreiwen“?

1. Net gutt mat Geld ëmgoe kënnen.
2. Sech aggressiv verhalen.
3. Eng Dommheet oder Bauzegkeet maachen.

Dat heescht eng Dommheet oder Bauzegkeet maachen.

Question 3 of 13.

Wat heescht „esou laachen, datt engem d‘Gehir wackelt“

1. Esou laachen, datt keen et mierkt.
2. Wéineg laachen
3. Vill laachen

Et heescht „vill laachen“.

Question 4 of 13.

Wat heescht „dass et eng quokeleg Saach ass”?

1. Et ass eng verréckten Ugeleeënheet.
2. Et ass eng schwéier oder onsécher Ugeleeënheet.
3. Et ass eng witzeg Ugeleeënheet.

„Et ass eng schwéier oder onsécher Ugeleeënheet” ass hei richteg.

Question 5 of 13.

Wat heescht „‘t gëtt engem schwaarz virun An“

1. Et fält ee schwaach.
2. Et gesäit een d‘Liicht um Enn vum Tunnel.
3. Et gesäit een näischt Guddes op sech duerkommen

„Et fält ee schwaach“ ass hei richteg.

Question 6 of 13.

Wat heescht „Engem Dronkege geet e Fudder Hee aus dem Wee“?

1. Et soll een deen, dee gedronk huet, aspären.
2. Engem, dee gedronk huet, soll een aus dem Wee goen.
3. Et muss een deem, dee gedronk huet hëllefen.

Dat heescht „Engem, dee gedronk huet, soll een aus dem Wee goen“

Question 7 of 13.

Wat heescht „'t ass fir en Har op d'Stir ze kréien”

1. Et kéint een traureg ginn.
2. Et kéint ee rose ginn.
3. Et kéint ee bei de Coiffeur goen.

„Et kéint ee rose ginn” ass hei richteg.

Question 8 of 13.

Wat heescht „datt d'Dronkenellen engem ausginn”?

1. Datt een iwwerwältegt ass oder engem onwuel ass.
2. Datt engem eppes net gefält.
3. Datt een ze vill Gedronk huet.

„Datt een iwwerwältegt ass oder engem onwuel ass” ass richteg.

Question 9 of 13.

Wat heescht „Bass du vum Lämmes gebass?“

1. Domat hannerfreet een en onsënnegt Verhalen.
2. Domat hannerfreet een en onlogescht Verhalen.

Et hannerfreet een domat en onsënnegt Verhalen. En Däitscht equivalent wier hei „Bist du vom Affen gebissen?“

Question 10 of 13.

Wat heescht „Bake wéi eng Kiischt hunn“?

1. Déck Backen hunn.
2. Rout Backen hunn.
3. Ronn Backen hunn.

Et heescht „rout Backen hunn“.

Question 11 of 13.

Wat heescht „engem eng schneiden”?

1. Ee mat engem Messer ugräifen.
2. Eng Schmier maachen.
3. Béis oder schlechtgelaunt drakucken.

„Béis oder schlechtgelaunt drakucken” ass richteg.

Question 12 of 13.

Wat heescht „‘t ass sech näischt ze fuesenten“?

1. Et gëtt näischt ze feieren.
2. Et gëtt näischt ze beschwätzen.
3. Et gëtt näischt ze drénken.

Dat heescht „Et gëtt näischt ze feieren“.

Question 13 of 13.

Wat heescht „‘t ass kee Kraut fir e gewuess“?

1. Et schmaacht him net.
2. En huet keng Léisung fir d‘Situatioun.
3. Säin Dout ass no.

„Säin Dout ass no“ ass richteg.

Next question 1 of 13

All 13 questions completed!


Share results:

Weess du, wat dat heescht?

Gefält dir moien.lu?

Abonnéier dech op eisen Newsletter
Keng Angscht, mir spammen net. Dir kritt 1 Newsletter pro Dag.

D’Lëtzebuergesch Sprooch ass eng räich Sprooch. Dat vergësst een heiansdo gären. Dowéinst hu mir e klenge Quiz gebastelt, fir eraus ze fannen, op s du weess, wat déi Phrasen a Spréchwierder hei heeschen.

Recherchéiert hu mir se op Phraseolux.

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch, Quiz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel