Search

You may also like

money
Erfollegräich Wirtschafts- a Staatsvisite zu Dubai
International Neiegkeeten Stories

Erfollegräich Wirtschafts- a Staatsvisite zu Dubai

Dräi Deeg Zäit an helle Wull un Entrevuen hunn der

surprise
Wee sinn déi gréisste Privat-Employeuren zu Lëtzebuerg?
International Neiegkeeten Stories

Wee sinn déi gréisste Privat-Employeuren zu Lëtzebuerg?

Un der Spëtzt steet de Group Post Luxembourg mat ronn

Glous – Eng politesch total inkorrekt literaresch-kabarettistesch Liesung
International Neiegkeeten Stories

Glous – Eng politesch total inkorrekt literaresch-kabarettistesch Liesung

„Fréier war alles besser“ gëtt ëmmer nees gesot. Dobäi war

Wéi de Kéisécker lues awer sécher ausstierft…

Wéi de Kéisécker lues awer sécher ausstierft…

De Mouvement Ecologique muss leider feststellen, datt de Kéisécker – hiert Maskottchen – vum Ausstierwe bedreet ass. Viru 50 Joer hunn d’Grënner hir Zäitschrëft nom pickegen Déierche benannt, mee deemools hätt kee geduecht, datt et dëst sympathesch Kreatur vläicht geschwënn net méi wäert ginn.

De Kéisécker ass a grousser Gefor! Et muss een net wäit fueren, fir d’Aartestierwen ze spieren,well och zu Lëtzebuerg geet d’Zuel un Déieren drastesch zeréck. Net nëmme fir Wëssenschaftler, Déiereschützer an aner Spezialisten ass dësen traurege Verloscht vun der Biodiversitéit spierbar: De Mouvement Ecologique beschreift datt de schläichenden an onbemierkte Réckgang beispillsweis un de Spadséiergäng ze gesinn ass, wou ee fréier des ëfteren engem Hues oder Feldhong begéint ass, haut awer net méi.

Nuets héiert een da weder d’Tuereiloch, nach de Steekauz sangen. Op der Rouder Lëscht sinn d’Déierenaarten zuelräich vertrueden, an dorënner eben och de pickege Kolleg, eise Kéisécker. An dofir ass jiddwereen et dem Déierche schëlleg, alles fir den Erhalt ze maachen!

Op 2 Aart a Weise kann ee sech un der Rettung vum Kéisécker bedeelegen:

  • Wien ee Kéisécker gesäit sollt et dem Mouvement Ecologique mellen, sou datt si eng Bestandsopnam maache kënnen.
  • Leet ee kéisécker-frëndleche Gaart un, an deem hie sech wuel a gebuerge fillt. De Mouvement Ecologique bitt beispillsweis ee spezielle Kéisécker-Passage un, deen als Mini-Tunnel (aus Douglasholz) dem pickege Kolleg den Duerchgang erméiglecht.

Kéisécker

Wéi ass den dramatesche Réckgang ze erklären?

D’Schold läit, esou haart et kléngt, beim Mënsch. Oft gëtt de Kéisécker bei senger Wanderung an der Nuecht vun engem Auto iwwerrannt. Duerch eist zerschniddent Land muss d’Däreldéier am Duerchschnëtt 3 bis 4 Mol iwwert d’Strooss lafe fir no Fudder ze sichen. E leeft zwar esou séier wéi e kann, mee bei engem schnellen Auto huet hie keng Chance.

Donieft fënnt de Kéisécker leider net genuch ze iessen. D’Insektebiomasse ass an de vergaangenen 20 Joer ëm 70 bis 80% zeréckgaangen, wouduerch eisen Insektefriesser nach méi wäit Distanze lafe muss, fir sat ze ginn. Verantwortlech fir de staarke Réckgang vun den Insekte sinn d’Pestiziden, déi natierlech och d’Gesondheet vum Däreldéier selwer beanträchtege kënnen.

Um Feld, an de Bongerten an op eise Wise sinn d’Flächen duerch de Gëftasaz an den iwwerméisseg agesaten Dünger net méi bewunnbar. Och kleng Parzelle mat Hecken a Brochen si verschwonnen. Dobäi kënnt, datt de Bauer oft nuets säi Silage mëscht, an d’Déier domat aus senger Stopp zitt.

Kéisécker

Iwwert eise Kéisécker

Laut Mouvement Ecologique ginn et a ganz Europa just 2 verschidden Aarten, woubäi een zu Lëtzebuerg just de sougenannte Braunbrust- oder Westigel virfanne kann. Dat eenheemescht Däreldéier lieft als Eenzelgänger un de Bëschränner, a Bongerten, Parken, Hecken an naturnoe Gäert. Den Duerchschnëttsalter vum Kéisécker läit tëscht 2 bis 4 Joer, woubäi en och schonn emol bis zu 7 Joer al ka ginn.

Wien net gutt gesäit, dee muss eng ëmsou besser Nues hunn, a genau dat aussergewéinlech gutt Sënnesorgan huet de Kéisécker och. Am léifsten ësst en Schleeken, Reewierm, Ouerewierm, Kiewerleken oder Kelleraasselen.

Biologesch gekuckt sinn déi 6.000 bis 8.000 Picke vum Déier näischt anescht, wéi Hoer, déi mat Keratin verstäerkt sinn. Hir Funktioun ass et, de Kéisécker viru Feinden, wéi dem Fuuss oder dem Marder ze schützen. Donieft kann hie sech awer och zu enger Bull zesumme rullen oder sech mat de Kralle wieren.

Méi Detailer zum Kéisécker selwer, dem Réckgang vu senger Aart a villes méi fannt Dir HEI.

Related topics Ausstierwen, Däreldéier, Kéisécker, Mouvement Ecologique, Natur, Pestiziden
Next post Previous post