Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Däitschland: d‘GroKo fënnt en Accord ronderëm den Diesel
dating in ancient greece Neiegkeeten

https://moien.lu/online-dating-blog-uk/

All d‘Detailer vun der Marathonsëtzung, bei där sech d‘Spëtze vun

mobile phone dating applications
dating in ancient greece Neiegkeeten

Groussbritannien: D‘Theresa May gëtt sech eng nei Regierung

Déi britesch Premierministesch huet um Méindeg konsequent Verännerunge vun hirer

D‘Faschisten hunn eege Fraktioun am Europaparlament
dating in ancient greece Neiegkeeten

D‘Faschisten hunn eege Fraktioun am Europaparlament

Faschisten, rietsradikaler a Gläichgesënnter aus néng Länner hunn sech am

D‘Belsch wësse wéi dem Klimawandel ze begéinen ass

E Professer vun der Uni-Léck fuerdert de Bau vun neien Atomkraaftwierker

D‘Belsch wësse wéi dem Klimawandel ze begéinen ass

Firwat et ëmmer nees déi „ganz gescheiter“ bis hin zu de „ganz mächtegen“ sinn, déi sech als déi eenzeg „Léisung“ fir d‘Klimakris gesinn, huet och eppes domadder ze dinn, wéi ee Raum een hinnen iwwerléisst, fir ëmmer nees abstrus bis geféierlech Aussoen an d‘Welt ze setzen. Si vertrauen dobäi op déi grouss Onwëssenheet, den Näid an den Egoismus vun de Mënschen an hu Recht domadder.

wéiUgefaangen huet e Samschdeg de Johnny Thijs, den neie „staarke Mann“ vun Electrabel (fréier Chef vu Bpost) mat enger Kolumne am „Le Soir“. Dëse Personnage, deen a Punkto „Atomenergie“ esou kompetent ass wéi de Poopst a Saache „Familljeplanung“ wëll d‘Lafzäit vun dräi Atomzentralen ëm 20 Joer verlängeren. Eigentlech sollt d‘Belsch sech bis 2025 ganz vun der Atomkraaft ofkoppelen.

Mee dat gesäit de Johnny Thijs als eng gréisser Gefor un, wéi déi duerch eng Lafzäitverlängerung méiglech Risike vun engem „GAU“. Laut him géif ouni dës Atomkraaftwierker d‘Sécherheet vun der Energieversuergung op d‘Spill gesat, et wier am Kontext vun der ugestriefter CO²-Erspuernes kontraproduktiv a fir d‘Konsumente géif de Präis fir Stroum kuerz- bis mëttelfristeg onbezuelbar.

wéiA well de fréiere CEO vu Bpost zwar weess wéi een Entreprise wirtschaftlech géint d‘Mauer knallt, awer vun Atomkraaft éischter keng Ahnung huet, ausser datt sech domadder liicht Geld verdénge léisst an eventuell Verloschter oder méiglech Katastrophe vun de Bierger gedroe ginn, brauch et en Expert – e méiglechst unerkannten – dee géint eng kleng Entschiedegung dat onméiglecht erkläert.

Wann d‘Léisung den eigentleche Problem ass

Fir déi wëssenschaftlech Ënnerstëtzung huet et den Damien Ernst, e Professer vun der Universitéit zu Léck, deem seng Spezialitéit d‘Energie ass, gesuergt. Dee stäipt den neien Direkter vun Electrabel an ass iwwerzeegt, datt d‘Investitioun vun 1,3 Milliarden Euro fir 3 Gigawatt Atomstroum ze produzéieren eng genial gutt Iddi ass. Et wier déi bescht Investitioun an den Ëmweltschutz an an de Klimawandel.

wéiZousazargument: Fir de Bierger ass et eng „win-win“ Situatioun, well d‘Investitiounen an Wand- an/oder Solarenergie gi vum Staat subventionéiert. Et ass also de Bierger deen hei an d‘Täsch gräife muss. Wann een awer Atomstroum produzéiert, ginn d‘Investitioune vun Electrabel (gehéiert der franséischer Engie S.A., fréier GDF Suez) eleng gedroen. Dat ass zwar riicht ewech gelunn, mee…

Hei gëtt ganz kloer ënnerschloen datt: zum enge sinn déi haut marod, well vill ze al, Atomzentrale vum Steierzueler bezuelt ginn, zum aneren, ass et net der Electrabel, respektiv Engie hire Problem wat mam ganzen nuklearen Offall geschitt. Zur Nout gëtt eben d’Faillitt erkläert an de Staat mat senge Bierger huet d‘Aarschkaart awer nees an der Hand. An do ass de Risk nach net emol abezunn.

wéiMee de Chef vun Electrabel a säi Professer si kompromëssbereet. Vun de 7 Reakter an der Belsch, wieren och si derfir der 4 stëll ze leeën. An zwee vun de Reakter gëtt e Suerge wéinst Hoerrësser, déi zwee aner sinn net méi Konform wat d‘Äerdbiewennorme betrëfft. Tihange 1 an 3, esou wéi Doel 4 wieren awer nach absolut leeschtungsfäeg, esou den Damien Ernst, ouni dobäi rout ze ginn.

Kann d‘Politik esou eng Entwécklung zouloossen?

Gesäit ee emol dovunner of, datt d‘Noperen (also déi däitsch, hollännesch a lëtzebuergesch) scho guer net frou doriwwer sinn, datt déi Anlagen iwwerhaapt nach a Betrib sinn, esou muss hei déi belsch Regierung – déi nach muss forméiert ginn, also iergendwann eng Kéier – hei entscheeden. An dofir ass de Johnny Thijs jo och vun Electrabel engagéiert ginn, hie ass de Mann vun der Stonn.

wéiSäin Job ass et net Stroum hierzestellen oder iwwer méiglech Gefore vun Atomzentralen ze rieden. De Johnny Thijs huet eenzeg den Optrag eng „nei Siicht vun der Strategie déi Engie an der Belsch verfollegt ze vertrieden, an am Dialog den Autoritéiten ze erklären, wien iwwert wat ze befannen huet. Et geet schliisslech ëm richteg vill Geld, firwat et schued wier, dat a falsch Hänn ze ginn.

Mee et kéint een 8 Milliounen Tonne CO²-Emissioune verhënneren, an dat eleng wier dach schonn ee mat de beschte Grënn, d‘Lafzäit vun de liewensgeféierlechen Atomreakter ëm mindestens 20 Joer ze verlängeren. Datt déi Atomzentrale wéinst „Pannen“ nëmmen 48% vun der Zäit Stroum produzéieren ass dobäi irrelevant, well och da verdéngt Electrabel, also Engie, richteg vill Geld.

wéiEt soll also tëscht Atom an CO² gewielt ginn (déi erneierbar stinn hei net zum Debat) firwat den Damien Ernst fuerdert, datt d‘Gesetz vun 2003 muss liquidéiert ginn a massiv an d‘Fuerschung wéi och an d‘Entwécklung vun der Atomenergie soll investéiert ginn. Mee weder de Professer nach den neie Chef vun Electrabel hunn een eenzeg Wuert zum „wat mat Offall maachen“ verluer.

mat indymedia/lgg

Foto: Atomenergie wier d‘Zukunft. Dat behaapten de Johnny Thijs, Chef vun Electrabel an den Damien Ernst, Professer fir Energie op der Universitéit zu Léck. (Wolfgang Claussen /Pixabay)

Ähnlech Sujeten Atomkraaft, Damien Ernst, Electrabel, Engie S.A., Johnny Thijs, Klimawandel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel