Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bayonne: Eelere Mann schéisst bei Moschee ëm sech
Quiz

Bayonne: Eelere Mann schéisst bei Moschee ëm sech

Zu Bayonne (Südwest-Frankräich) huet e Mann vu 84 Joer bei

Réckbléck: Zesummenaarbecht mat Japan am medezinesche Beräich verdéiwen
Quiz

Réckbléck: Zesummenaarbecht mat Japan am medezinesche Beräich verdéiwen

Ugangs Oktober huet eng Lëtzebuerger Delegatioun mat der Gesondheetsministesch eng

Dan Codello: Bei der LSAP war et och schonn emol besser
Quiz

Dan Codello: Bei der LSAP war et och schonn emol besser

D‘Sozialisten aus der Minettemetropole hunn et am Moment net liicht.

Wéi gutt kenns du d’Gemeng Helperknapp?

Wéi gutt kenns du d’Gemeng Helperknapp?

Gemeng Helperknapp-Quiz


Gemeng Helperknapp-Quiz

Question 1 of 10.

Wien ass de Buergermeeschter vun der Gemeng Helperknapp?

1. Anny Quintus-Thillen
2. Christiane Eicher-Karier
3. Paul Mangen

Dat ass de Paul Mangen.

Question 2 of 10.

Wéi ee Joer sinn d'Gemenge Béiwen-Attert an Tënte matenee fusionéiert, fir des nei Gemeng ze schafen.

1. 2018
2. 2015
3. 2012

Dat ass op den 1. Januar 2018 geschitt.

Question 3 of 10.

Wéi vill Awunner huet d'Gemeng Helperknapp ongeféier? (Stand 1.1.2017)

1. 3.100
2. 4.100
3. 2.100

D'Gemeng hat zum 1.1.2017 4.095 Awunner.

Question 4 of 10.

Aus wéi engem Joerhonnert staamt d'Buerg Aansebuerg?

1. 12. Joerhonnert
2. 16. Joerhonnert
3. 10. Joerhonnert

Si staamt aus dem 12. Joerhonnert.

Question 5 of 10.

Wéi eng Gemeng sollt an enger éischter Phas mat Tënten a Béiwen-Atert mat fusionéieren?

1. Groussbus
2. Viichten
3. Sëll

Dat ass d'Gemeng Sëll gewiescht.

Question 6 of 10.

A wéi engem Kanton ass d'Gemeng Helperknapp ze fannen?

1. Dikrech
2. Miersch
3. Réiden

Si läit am Kanton Miersch.

Question 7 of 10.

Wéi ee vun dëse Flëss fléisst duerch d'Gemeng?

1. Sauer
2. Atert
3. Uelzecht

Dat ass d'Atert.

Question 8 of 10.

D'Fusiounsgemeng ass nom klenge Bierg Helperknapp benannt. Op wéi vill Meter kënnt deen ongeféier op senger héchster Plaz?

1. 290
2. 390
3. 340

Déi héchste Plaz läit op 393 Meter.

Question 9 of 10.

A wéi engem Joerhonnert gëtt d'Buerg Huelmes fir d'éischt erwäänt?

1. 11. Joerhonnert
2. 6. Joerhonnert
3. 13. Joerhonnert.

Dat war am 11. Joerhonnert.

Question 10 of 10.

Wéini gouf d'Schlass vun Aansebuerg gebaut?

1. 1839
2. 1739
3. 1639

Dat war 1639.

Next question 1 of 10

All 10 questions completed!


Share results:

Gemeng Helperknapp-Quiz

Gefält dir moien.lu?

Abonnéier dech op eisen Newsletter
Keng Angscht, mir spammen net. Dir kritt 1 Newsletter pro Dag.

Haut gi mer mam Quiz an eng vun de jéngste Gemenge vum Land. Wéi gutt kenns du se?

Foto: Vum MMFE – Eegent Wierk, CC BY-SA 3.0.

Ähnlech Sujeten Helperknapp, Lëtzebuerg, Quiz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel