Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg trauert ëm de Groussherzog Jean
Quiz

Lëtzebuerg trauert ëm de Groussherzog Jean

Wéi de Marechalat vum groussherzoglechen Haff matgedeelt huet, hätt sech

What the Fakt – Dag vum Knätsch
Quiz

What the Fakt – Dag vum Knätsch

Et ass vläicht een zéien Ulooss, awer haut ass am

Bass du prett fir Black Panther?
Quiz

Bass du prett fir Black Panther?

All puer Méint begréisst eis en neie Superhelde-Film an de

Wéi gutt kenns du Schëffleng?

Wéi gutt kenns du Schëffleng?

Wéi gutt kenns du Schëffleng?


Wéi gutt kenns du Schëffleng?

Question 1 of 10.

Wéi vill Awunner huet Schëffleng ongeféier?

1. Ëm déi 10.000
2. Ëm déi 8.000
3. Ëm déi 6.000

Schëffleng hat zum 1. Januar 2017 10.379 Awunner.

Question 2 of 10.

Mat wéi enger franséischer Uertschaft huet Schëffleng e Jumelage?

1. Drusenheim
2. Chauffailles
3. Manom

Si hunn e Jumelage mat Drusenheim.

Question 3 of 10.

Schëffleng huet eng Zuchgare. Op wéi enger CFL-Linn läit dës?

1. Linn 5
2. Linn 6
3. Linn 3

Si läit op der Linn 6.

Question 4 of 10.

De Stadion vu Schëffleng ass nom Jean Jacoby benannt. Wat war hien?

1. Sportler
2. Moler
3. Politiker

E war Moler.

Question 5 of 10.

Wien ass den aktuelle Buergermeeschter vu Schëffleng? (Stand: 2018)

1. Nelly Stein
2. Paul Weimerskirch
3. Roland Schreiner

Dat ass de Paul Weimerskirch.

Question 6 of 10.

De Charles Sowa ass een zu Schëffleng gebuerene Sportler, deen insgesamt 4 mol un den olympesche Summerspiller deelgeholl huet. A wéi enger Disziplin?

1. Héichsprong
2. Marathon
3. Athletesche Goen

Dat war an der Disziplin vum athletesche Goen.

Question 7 of 10.

D'Gemeng Schëffleng gëtt et eréicht zënter 1876. Zu wéi enger Gemeng huet d'Uertschaft virdru gehéiert?

1. Beetebuerg
2. Monnerech
3. Esch-Uelzecht

D'Uertschaft huet virdrun zu Esch-Uelzecht gehéiert.

Question 8 of 10.

D'Astrid Lulling gehéiert zu de Perséinlechkeeten, déi zu Schëffleng gebuer sinn. Wéi laang souz Si als Deputéiert am Europaparlament?

1. 25 Joer
2. 20 Joer
3. 15 Joer

Si souz vun 1989 bis 2014 am Europaparlament, also 25 Joer.

Question 9 of 10.

Den zu Schëffleng gebuerene Gilles Müller gehéiert zu de Giganten am Lëtzebuergesche Sport. Wéi oft war e Sportler vum Joer zu Lëtzebuerg?

1. 5
2. 3
3. 4

Den Tennisspiller war dräi Mol Sportler vum Joer: 2014, 2015 an 2016

Question 10 of 10.

D'Bestgensmillen huet an de leschte Joerzéngten e puer ënnerschiddlech Funktiounen erfëllt. Wéini gouf se wahrscheinlech gebaut?

1. Ëm 1945
2. Ëm 1803
3. Ëm 1890

Si ass ëm d'Joer 1803 gebaut ginn.

Next question 1 of 10

All 10 questions completed!


Share results:

Wéi gutt kenns du Schëffleng?

Gefält dir moien.lu?

Abonnéier dech op eisen Newsletter
Keng Angscht, mir spammen net. Dir kritt 1 Newsletter pro Dag.

Am Quiz vun haut dréint sech alles ëm d’Süd-Gemeng Schëffleng. Wéi gutt kenns du dech do aus?

Foto: Vum Fliedermaus at lb.wikipedia, CC BY-SA 3.0 lu.

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Quiz, Schëffleng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel