Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Hoteller zu Lëtzebuerg si besser wéi ee vläicht mengt
good pictures for dating profile https://moien.lu/online-matchmaking-score/

speed dating faq

Den 30. Januar huet den Tourismusminister Lex Delles (DP), an

celebs go dating 15 september 2017
good pictures for dating profile https://moien.lu/online-matchmaking-score/

Wéi gutt kenns du dës Uertschafte mat “Bur” am Numm?

Mir zéien op en Neit duerch d’Land, fir däi Wëssen

Italien huet eng nei Regierungskoalitioun
good pictures for dating profile https://moien.lu/online-matchmaking-score/

Italien huet eng nei Regierungskoalitioun

An Italien hunn d‘Faschiste vun der Lega Nord eng grouss

dislike

Editorial: Wéi konnt dat nëmme geschéien?

Editorial: Wéi konnt dat nëmme geschéien?

Ech weess jo net, op et nëmme mir opfält, mee an Amerika stellen se sech no all Schéisserei mat villen Affer ëmmer nees déi selwecht Fro: Wéi konnt dat nëmme geschéien? Den Täter war faszinéiert vu Waffen, an der rietser Zeen ënnerwee, ass net vun den Autoritéiten erkannt ginn… Dobäi huet dat ganzt eng ganz einfach Äntwert verdéngt: Selwer Schold!

Dat ass eng batter Ausso, besonnesch géintiwwer de Familljen a Frënn vun den Affer, mee se ass esou wouer wéi déi Kanner an Enseignante aus dem High-School vu Parkland Doud sinn. 2018 ass nach keng 50 Deeg al, an bei eise Frënn an Amerika, huet net manner wéi 18 Schéissereien a Schoule ginn. Esou ee Virfall ass kee Scoop, nach just e Fait divers, an natierlech trëfft kee Schold.

An do hunn der Schold, wäit méi wéi just nëmmen de Knaschtert, deen ofgedréckt huet. Fir unzefänken ass do den Trump, deem keng besser afält, wéi engem neie Géigner de Krich ze erklären: dem geeschtlechen Zoustand! Gutt, datt dee 19-järege Massemäerder net ganz gescheit muss sinn, ass schonn un der Dot ze erkennen. Mee datt en US-President sech selwer de Krich erkläert.

Mat kengem Wuert huet den Donald Trump festgestallt, datt sech den Täter just géint Virlag vu sengem Führerschäin e Stuermgewier AR15 konnt kafen. Et ass eenzeg an eleng gekuckt ginn, op de „Client“ e Casier huet. A verréckt sinn se jo eigentlech alleguerten, wat och erkläert datt sech esoubal näischt wäert änneren.

An och ech hunn d‘Mamm vum Meedchen dat erschoss ginn ass héieren, wéi se dem Trump virgeworf huet, datt hien näischt géif ënnerhuelen, fir ze verhënneren, datt ee mat enger Waff an eng amerikanesch Schoul kann erakommen. Bei allem néidege Respekt, dat ass schlicht an ergräifend déi falsch Fuerderung, an souwisou de falschen Uspriechpartner.

Wann e Land esouwäit ofgerëtscht ass, datt et zu der Standardprozedur gehéiert, Übungen a Schoulen ofzehalen, bei där genee esou ee Virfall wéi elo zu Parkland, Florida trainéiert gëtt, dann ass et scho bal ze spéit fir sech nach Froen ze stellen. Ech stelle mir dann och keng, ech observéieren an denke mir zesumme mat villen anere, gutt datt do vill Waasser dertëscht läit…

An nach e Wuert zu der Interventioun vum fréiere President Obama: Et ass och him net gelongen sech géint d‘Muecht vun der „National Rifle Associatioun“ (NRA) duerchzesetzen. A schonn déi nächst Woch wäerten nees Kanner an iergendenger amerikanescher Schoul stierwen, a well et méi Wichteges ze beriichte gëtt, wäert ech emol keng Zeil doriwwer verléieren.

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Florida, NRA, Parkland, Schéisserei, USA, Waffen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel