Search

You may also like

Wahlen an Éisträich: ÖVP erwaart victoriéis
Neiegkeeten

Wahlen an Éisträich: ÖVP erwaart victoriéis

Dem Sebastian Kurz seng ÖVP geet mat gutt 38%, däitlech

Covoiturage: Fir manner Gefierer op eise Stroossen (mat Kommentar)
Neiegkeeten

Covoiturage: Fir manner Gefierer op eise Stroossen (mat Kommentar)

Gëschter huet de Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten, de

Deconfinement: Wéi eng Moossnamen fir Kanner mat spezifesche Besoinen?
Neiegkeeten

Deconfinement: Wéi eng Moossnamen fir Kanner mat spezifesche Besoinen?

D’APCCA (Association du Personnel des Centres de Compétences et de

Dank dem Brexit ass d‘EU esou beléift wéi laang net méi

Dank dem Brexit ass d‘EU esou beléift wéi laang net méi

Laut der leschter Ëmfro, steet fest: d‘EU ass esou beléift wéi laang net méi. Dat mat engem Rekord-Zousproch vun 68%. Laut dem EU-Parlament, eng Konsequenz vum briteschen EU-Austrëtt.

Wann ee sech déi lescht Enquête vun Eurobarometer ukuckt, da gesäit een, datt den Undeel vun den EU-Bierger, déi der Usiicht sinn, datt hiert Land vum Bäitrëtt an déi europäesch Unioun profitéiert huet, zolidd zougeholl huet. A Prozenter ausgedréckt, sinn 68% vu de Leit frou an der EU ze sinn. E Niveau un Zousproch wéi en zanter 1983 net méi erreecht ginn ass.

Zu Lëtzebuerg sinn d‘Zuelen nach e Krack besser. Bei eis sinn 85% vun de Befrote leit mat der EU ganz zefridden. Op d‘Fro hin, op d‘Zougehéieregkeet zur Unioun dem Land Virdeeler bréngt, hunn 62% vun den Europäer mat „Jo“ geäntwert. Dat ass den héchste Wäert zanter 25 Joer. Bei eis hunn dozou 87% mat „Jo“ geäntwert. Dat ënnersträicht, wei verbonne mir mat der EU sinn.

Am Detail läit d‘Äntwert

Ënnert den Haaptgrënn déi vun den zu Lëtzebuerg befrote Leit genannt goufen: 1) d‘EU huet zum Wuesstem vum Land bäigedroen (45%), 2) d‘EU gëtt Lëtzebuerg eng méi staark Stëmm an der Welt (32%). Interessant a grad esou erfreelech, ëmmer méi Europäer sinn der Meenung, datt hir Stëmm an der EU eppes wäert ass (48%). Zu Lëtzebuerg si 60% vun de Befroten dëser Meenung.

Zudeem huet den Undeel vun de Leit, déi der Meenung sinn, datt d‘EU-Parlament sech positiv duerstellt, zougeholl (32%). Zu Lëtzebuerg läit dësen Taux bei 46% (e Plus vu 4%). Zudeem sinn 48% vun den EU-Bierger der Usiicht, datt d‘Europaparlament an Zukunft eng gréisser Roll misst spillen. Dat denken esou och 63% vun de befrote Persounen zu Lëtzebuerg.

Europawahl den 19. Mee

Och interessant: iwwert d‘Hallschent (51%) vun de Sondéierten hunn ausgesot, un der Europawahl am Mee 2019 interesséiert ze sinn. Zu Lëtzebuerg sinn et 55%. Am grousse ganze kann ee soen, datt d‘Europäer sech generell méi bewosst sinn, datt am Mee Wahle stattfannen.

Zu Lëtzebuerg erwaarden sech d‘Bierger an der Wahlcampagne folgend Themen: de Chômage bei de Jonken (48%), Moossname géint de Klimawandel an Ëmweltschutz (48%), Immigratioun (46%). Op europäeschem Niveau ass et d‘Immigratioun déi mat 50% déi éischt Plaz anhëlt. D‘Ekonomie a de Chômage bei de Jonken (béid 47%) mee och Terrorismus (44%) si wichteg Themen.

Mir si gutt do wou mir sinn

Am Fall vun engem Referendum, hunn sech 66% vun de befroten Europäer dofir ausgeschwat an der EU bleiwen ze wëllen. Nëmme 17% kéinten sech virstellen, fir en Austrëtt ze stëmmen, 17% hu keng kloer Meenung dozou. Zu Lëtzebuerg géifen sech 85% fir Europa ausdrécken. Ganzer 7% kënnen sech eng“Scheedung“ virstellen, 8% ass einfach emol egal…

Den EU-Parlamentspresident Antonio Tajani huet d‘Resultater vum Eurobarometer kommentéiert. Hien ass der Meenung, datt ugesiichts de virleienden Zuelen, d‘Zoustëmmung fir d‘EU zouhëlt. Et bedeit allerdéngs och, datt nach vill Aarbecht ze leeschten ass. Et misst op EU-Niveau einfach méi a besser zesummegeschafft ginn, an och bei der Solidaritéit wiere Fortschrëtter wënschenswäert.

De Coordinateur vum Europaparlament fir de Brexit, Guy Verhofstadt, stellt fest, datt wann sech 51% vun de befrote Brite fir d‘EU ausgeschwat hunn, ee sech virstelle kann, wéi zerstridden déi britesch Gesellschaft muss sinn. Et géif eis och virun Ae féieren, wéi wichteg et ass zum engem gudden, liewensfäegem Accord ze kommen. „Frënn“ kann een net einfach ze Réck zouwennen.

Related topics Antonio Tajani, Europabarometer, Europaparlament, Europawahlen 2019, Guy Verhofstadt
Next post Previous post