Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Pestiziden: D‘Gëft an den eegene véier Wänn
Neiegkeeten

Pestiziden: D‘Gëft an den eegene véier Wänn

Am Kader vun enger Pressekonferenz am Haus vun der Natur

Finanziell Hëllef fir Kënschtler op den 31. August 2020 verlängert
Neiegkeeten

Finanziell Hëllef fir Kënschtler op den 31. August 2020 verlängert

Leschte Freideg ass decidéiert ginn, datt déi finanziell Hëllef, déi

Zesummenaarbecht vu Police an ACL fir eng „sécher“ Vakanz
Neiegkeeten

Zesummenaarbecht vu Police an ACL fir eng „sécher“ Vakanz

D‘Vakanze kommen ëmmer méi no, a vill vun eis wäerten

Wéi steet et ëm eis Pensiounen?

Wéi steet et ëm eis Pensiounen?

Enn Juli hat sech den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo beim Minister a Parteifrënd Romain Schneider nogefrot, wéi et ëm d‘Pensiounen zu Lëtzebuerg gestallt ass. Déi Äntwert läit elo vir an et kann ee behaapten, esou schlecht gesäit et net aus. Natierlech bestätegen d‘Ausnamen d‘Reegel.

Den engagéierten Diddelenger huet seng Fro opgrond enger Informatioun vun eisen däitschen Nopere gestallt. Do géifen – statistesch betruecht – iwwer 50% vun de Rentner hunn do eng Pensioun ënner 900 Euro/Mount an esouguer 70,8% vun de Pensioune léichen ënnert 1.200 Euro. An dat ass nach net emol déi netto Pensioun. Do kann ee schon emol Froe wéi et bei eis ausgesäit.

A senger Äntwert ass de Sozialminister Romain Schneider zimlech konkret op déi gestallte Froen agaangen, an et dierf ee schon emol virausschécken, datt et zu Lëtzebuerg wiesentlech besser ass wéi an Däitschland. Déi lescht Zuelen si wuel néng Méint al, mee besserer hu mir elo och net. Also am Dezember 2018 hunn 98.470 Persounen iwwert der CNAP eng Rent ausbezuelt kritt.

Heiranner abegraff, och d‘Prepensiounen net awer d‘Invaliderenten nom 65 Liewensjoer. Bei eis muss een zudeem 480 Méint cotiséiere fir eng Vollpensioun beusprochen ze kënnen. D‘Assurance-Periode stellen sech zesummen duerch obligatoresch „Perioden“, Komplementar- an/oder sougenannt fräiwëlleg Cotisatiounsperioden. Et kann ee sech och Periode „Kafen“ fir dat et opgeet.

Net der Däiwel vill

D‘Zuel vun de Rentner déi eng sougenannt „Vollpensioun“ bezéie beleeft sech op 30.050 an déi kréien am Schnëtt Brutto 3.862 Euro. D‘Hallschent vun de Pensionäre mat Vollpensioun kritt eng Brutto-Pensioun ënner 3.831 Euro, 75% vun de Rentner kréien eng Brutto-Pensioun vu bis zu 4.766 Euro. Dat relativiséiert déi genannten Zuel vun 98.470 Pensionären déi Geld vun der CNAP kréien.

Woubäi de Minister Romain Schneider nach preziséiert, datt déi vun der CNAP ausbezuelte Renten net dierf ënner 1.824 Euro Brutto leien. Si dierf allerdéngs och net iwwer 8.448 Euro leien. Dës „Grenzen“ sinn 2019 liicht no uewe gaangen: de Minimum läit esou bei 1.841 Euro, de Maximum bei 8.525 Euro/Mount. Vun dëse Beträg ginn dann nach Cotisatiounen a Steieren ofgezunn.

63.420 Pensionäre kënnen sech net op déi voll Zuel vun de Cotisatiounsjoren bezéien, firwat hei am Schnëtt 1.266 Euro/Mount Brutto ufalen. Hei verweist de Minister nach op déi Fäll wou d‘Persoun zwar u sech genuch Jore cotiséiert huet, en Deel dovunner net zu Lëtzebuerg abezuelt ginn ass. Dat bezitt sech fir d‘Majoritéit op d‘Grenzgänger a Mënschen déi hei eng nei Heemecht fonnt hunn.

Am Dezember 2018 gouf et zu Lëtzebuerg 6.456 Rentner déi net voll cotiséiert hunn an och keng Uspréch am Ausland geltend maache kënnen. Do beleeft sech d‘Pensioun am Schnëtt op Brutto 1.455 Euro, mee gutt d‘Hallschent kritt hei eng Pensioun vun ënner 1.198 Euro. Fir déi 56.964 Rentner déi Geld aus dem Ausland erhalen, läit den Undeel vun der CNAP am Schnëtt bei 1.244 €.

Ähnlech Sujeten CNAP, Cotisatiounen, Mars di Bartolomeo, Pensiounen, Romain Schneider, Sozialminister
Nächsten Artikel Virrechten Artikel