Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Kierchbierg um Wee vun der Urbanisatioun
Fail Kultur Neiegkeeten

De Kierchbierg um Wee vun der Urbanisatioun

D‘Virstellung vum Bilan vum „Fonds Kirchberg“ dëse Méindeg, ass eng

De LCGB fuerdert d‘Weiderféierung vun Tripartite-Accord fir déi Lëtzebuerger Siderurgie
Fail Kultur Neiegkeeten

De LCGB fuerdert d‘Weiderféierung vun Tripartite-Accord fir déi Lëtzebuerger Siderurgie

Ugesiichts der Ukënnegung vun ArcelorMittal Lëtzebuerg, sech engem Transformatiounsplang vun

Vill Affer bei Äerdbiewen an Indonesien
Fail Kultur Neiegkeeten

Vill Affer bei Äerdbiewen an Indonesien

Déi indonesesch Autoritéiten hunn e Méindeg matgedeelt, datt no engem

dislike

Wéi verbréngt d’Jugend zu Lëtzebuerg hir Fräizäit?

Spoilers: Net mat Bicher

Wéi verbréngt d’Jugend zu Lëtzebuerg hir Fräizäit?

Mat dëser Fro huet sech de Statec auserneen gesat. An dobäi hunn se eraus fonnt, datt et tëschent Jongen a Meedercher, respektiv Männer a Fraen, tëscht 10 a 24 duerchaus Ënnerscheeder gëtt, wann et ëm d‘Gestaltung vun hirer Fräizäit geet. Schonn eleng bei der Fro, wéi vill Fräizäit se hunn, ginn et ënnerschiddlech Äntwerten: d‘Jongen a Männer hunn 30 bis 90 Minutte méi Fräizäit wéi d‘Meedercher a Fraen.

Dëst gëtt laut der Etude doduercher begrënnt, datt Meedercher a jonk Fraen méi Zäit mat Deplacementer, Kierperfleeg a mat der Hëllef am Stoot verbréngen. Dee plus un Deplacementer hänkt domatter zesummen: Sou ginn d‘Meedercher a jonk Frae méi oft akafen a begleeden och emol hir Geschwëster bei de Sport.

Bildschirmer top, Bicher flop

Ma wéi gesäit d‘Fräizäitgestaltung soss aus? Do herrsche virun allem déi sëlleche Bildschiermer fir: Egal ob weiblech oder männlech, tëscht zwou an dräi Stonne gëtt virun der Televisioun oder um Computer oder Konsol verbruecht. Och wann d‘Begeeschterung bei de Jonge fir d‘Computere méi grouss ass, sou kënnt d‘Televisioun op enger bis zwou Stonnen den Dag.

D‘Liesen spillt do allerhéchst eng ënnergeuerdent Roll. D‘Meedercher tëscht 10 a 14 Joer verbréngen hei all Dag am meeschten Zäit domadder. Si kommen op 19 Minutten den Dag. Alleguerten déi aner Altersgruppe brénge mol keng 10 Minutten den Dag zesummen. Männer vun 20-24 Joer si mat 6 Minutten den Dag d‘absolut Schlussliicht.

Relativ onbeléift schéngt och de Sport an Aktivitéiten an der fräier Loft ze sinn. Do kënnt keng vun den analyséierte Gruppen op iwwert eng Stonn. Am beléiftesten ass Sport bei Jongen a Meedecher tëscht 10 a 14 Joer. Duerno geet et Bierg of.

D‘Televisioun ass dauernd un

Dës Zuelen erginn sech aus enger Enquête, déi de Statec am Joer 2014 gefouert huet. Dobäi gouf scho fir d‘Gesamtpopulatioun festgestallt, datt Männer am Duerchschnëtt iwwer 47 Minutte méi Fräizäit den Dag verfügen, wéi d‘Frae. Iwwert d‘Halschent vun dëser Fräizäit gëtt vun der Televisioun beusprocht. Sport an de Computer an Internet kommen op zweeter an drëtter Plaz. Am Duerchschnëtt verbréngen d‘Leit hei am Land 19 Minutte mam Liese vu Bicher.

Ähnlech Sujeten Fräizäit, Lëtzebuerg, Literatur, Medien, TV, Videospiller
Nächsten Artikel Virrechten Artikel