Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Steierreform 2.0
dating after divorce focus on the family

Steierreform 2.0

Se stieche matten an de Koalitiounsgespréicher, an d‘CGFP fuerdert vun

boundaries in dating cloud
dating after divorce focus on the family

Du mengs, du géings eis Verbe gutt kënnen? Da versich dech un eisem Präteritum-Quiz!

De Präteritum ass eng Raritéit: Just nach eng 30 Verben

Wéi gutt kenns du Réimech?
dating after divorce focus on the family

Wéi gutt kenns du Réimech?

Réimech nennt sech gären d’Pärel vun der Musel. An déi

Wéi wierken déi gréng zu Ettelbréck?

Wéi wierken déi gréng zu Ettelbréck?

Ettelbréck geet et wéi ville klenge Stied an Europa: Hier Zentren hu Problemer sech ze behaapten, Leit un ze zéien, ma si wuesse weider, an d’Präisser klammen. Wien sech d’Problemer ukuckt, stellt dann och schnell fest, datt et wéi e Barometer fir d’ganzt d’Land ass. Véier Parteien trieden zu dësem Gemengewahlkampf un. Dorënner och déi gréng, déi hier eege Léisunge fir dës Problemer presentéieren.

„Attraktivitéit“ dierft eent vun de Wieder sinn, déi am meeschte beim Interview mam Abbes Jacoby an dem Marthy Thull gefall sinn. Béid stinn se op der Lëscht vun déi gréng zu Ettelbréck a schwätze sëlleche Problemer un. Déi gréisste Problemzon ass säit Joren d‘Maartplaz, op där sech dat alt Monopolsgebai befënnt. Dogéint ass net nëmmen ästhetesch eppes anzeleeën, mee och infrastrukturell. Zwar zitt do elo de Cactus anscheinend an, mee op do investéiert gëtt, dat ass nach net gewosst.

E stännegt hin an hier

A wéi steet et do ëm d‘Parkplazen? „Nëmme wann een eng Parkplaz no bei der Dier hunn, zitt dat Leit un, mengen d‘Geschäftsleit“, erkläert eis do d‘Marthy Thull. An trotzdem schéngt de Cactus drop ze bestoen. Dobäi war eppes anescht ugeduecht: an engem seelene Fall vun der Biergerbedeelegung gouf gemeinsam e Plang ausgeschafft, fir aus der Maartplaz eng méi gréng Plaz ze maachen. Eng, wou just nach wéineg Parkplazen do sinn, wat elo dem Cactus awer en Dar am An ass. Déi aktuell Propos vum Architekt ass just nach e Schied vun deem, wat ugepeilt gi war.

Eng vun deene wuel attraktiivste Léisungsvirschléi ass nawell nëmmen op den éischte Bléck destruktiv: Ofrappen a Plaz fir eppes maachen, wat d‘Uelzecht betount. Op Waasser setzen, dat ass eppes, wat anere Stied am Ausland och scho gehollef gëtt, an et ass eng Iddi, déi bei ville Gemengepolitiker ëmmer méi Fouss faasst. „Wann do kee valabele Projet mat enger Valeur ajoutée kënnt, kéint een dee Wee goen“, mengt den Abbes Jacoby.

D‘Foussgängerzon zu Ettelbréck erlieft reegelméisseg Transformatiounen.

Et ass natierlech nëmmen e Fallbeispill. D‘Foussgängerzon zu Ettelbréck erlieft reegelméisseg Transformatiounen. Geschäfter verschwannen, heiansdo vun haut op muer. Neier kommen eran, mat ongewësser Zukunft. Dat mat der Attraktivitéit géing een an der Politik am Ament gäre falsch verstanen. Déi aktuell regéierent Parteien, CSV an LSAP, géinge mengen, datt ee fir d‘éischt misst Geschäfter ulackelen, iert d‘Leit géife kommen.

Méi Start-Ups fir d’Patton-Stad?

Trotz allem géif ee momentan méi driwwer nodenken, als Gemeng eidelstoend Flächen opzekafen, fir se gënschteg a gezillt vermidden ze kënnen. Vue datt d‘Loyeren sou héich wieren, géifen och ëmmer méi Büroen an d‘Foussgängerzon kommen. „D’Attraktivitéit ass mi kleng ginn, well méi Büroen op eemol hei sinn. Sou Start-Up Geschichte sinn do eng Méiglechkeeten, fir deem géigen ze wierken“, esou d‘Marthy Thull mam Verweis op e Bitzbuttéck, deen esou de Wee an d‘Foussgängerzon fonnt hätt.

D‘Leit missten sech zu Ettelbréck wuel fillen, fir e Grond ze hunn, iwwerhaapt dohinner ze kommen.

D‘Leit missten sech zu Ettelbréck wuel fillen, fir e Grond ze hunn, iwwerhaapt dohinner ze kommen. Woumat mer zwangsleefeg beim Thema Sécherheet ukomm sinn. „D‘Plaze mussen esou gestalt ginn, datt ee Loscht huet, fir sech do op ze halen“, hält do d‘Marthy Thull fest. „Vill Leit brénge Sécherheet mat sech. Leit, déi op enger Spillplaz sinn, hënnere suspekt Gestalten dorunner, Drogeschäfter ze maachen.“

Eng Widderbeliewung vum Stadkär wier hei dat wichtegst, betounen d‘Kandidaten, an dat kéint een och mat Gréngflächen erreechen. Mee och d’Integratioun misst viru gedriwwe ginn, géif Ettelbréck dach schnell wuessen. „D‘Clibb musse méi ënnerstëtzt ginn, bei hirer Aarbecht.“, mengt do den Abbes Jacoby. An och iwwert Streetworking misst verstäerkt nogeduecht ginn.

Vun der Zesummenaarbecht eriwwer zur Fusioun

An dann ass do natierlech dat grousst Thema: d‘Nordstad. Wann ee vun Attraktivitéit schwätzt, misst een eigentlech als Nordstad un engem Strang zéien, sech ënnerteneen organiséieren a matenee schwätzen. Eppes, wat nach net esou geschitt. Am Kader vun der Konferenz Stadvisiounen 2030 huet d‘Gemeng Ettelbréck mat der Beroderfirma CIMA an de Bierger Iddie gesammelt. Dat leider am Allenggang. Sou hält den Abbes Jacoby fest: „Et ass bedauerlech datt d‘Cima Studie net als Nordstat gemaach ginn ass. Déi zwee Zentren hätt een do solle mat u Bord huelen. Et gëtt jo kee Sënn, datt Dikkrech dat selwecht nach emol am grénge mécht. Mir musse kucken datt d‘Nordstad visibel bleift – als attraktiivt Zentrum.“

A wéi gesäit et do mat Fusiounen aus? D‘CSV huet an hirem Programm iwwerraschend ugekënnegt, 2019 dozou e Referendum ze féieren, fir mat enger vun den Nopeschtgemengen (do kéime Schieren an Ierpeldéng un der Sauer a Fro) unzestriewen. Déi gréng stellen sech deem net explizit an de Wee, mee hu Bedenken: „Et ass fatal, wéi d‘CSV do eru geet. Do gëtt d‘Kand mam Waasser ausgeschëtt“, esou den Abbes Jacoby. Et misst ee fir d‘éischt méi staark zesumme schaffen, bis op de Punkt, wou eng Fusioun eng logesch Konklusioun duerstellt. An dofir misst de Syndicat à vocation multiple endlech Realitéit ginn. Mee leider feelt et dofir an der Nordstad allgemeng nach un Impulser. „Do ass nach e risegt Lach tëscht dem Fusiounsprozess an der Realitéit“, stellt den Abbes Jacoby fest.

Ähnlech Sujeten Abbes Jacoby, déi gréng, Dikkrech, Ettelbréck, Lëtzebuerg, Marthy Thull, Nordstad
Nächsten Artikel Virrechten Artikel