Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – de kanadesche Fändel kritt säin Ahornblat
Neiegkeeten

What the Fakt – de kanadesche Fändel kritt säin Ahornblat

Nodeems vill Virschléi erakomm sinn konnt um 15. Februar 1965

Den éischten Escape Room a Frankräich: op de Spure vun engem Rockstar
Neiegkeeten

Den éischten Escape Room a Frankräich: op de Spure vun engem Rockstar

Eng knapp véierel Stonn vu Metz ewech kann een an

Kenosha: Nom Trump de Biden
Neiegkeeten

Kenosha: Nom Trump de Biden

Nodeems den US-President Donald Trump en Dënschdeg zu Kenosha (WI))

T’geet weider: Aarbechten an der Hollerecher Strooss

T’geet weider: Aarbechten an der Hollerecher Strooss

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt vum Donneschdeg, den 27. Februar 2020 um 22:00 Auer bis e Freideg, den 28. Februar 2020 um 5:00 Auer an der Hollerecher Strooss mam Kran geschafft gëtt. Duerch de Chantier wäert a Richtung Rue Jean-Baptiste Merkels Sens Unique sinn.

Den Zirkuslatiounsservice vun der Stad Lëtzebuerg wäert sech ëm eng adequat Beschëlderung këmmeren. Wien den ëffentlechen Transport notzt, sollt op folgend Ännerungen oppasen:

  • Linn 1/125, 4 a 27: Ab der Route d’Esch ginn d’Busser iwwert d’Rue de la Déportatioun an d’Rue d’Alsace ëmgeleet.
  • D’Arrêten Assurances Sociales quai 2 (Linn4), wéi och Jean-Pierre Merkels a Fonderie (1/125, 4 a 7) a Richtung Gare entfalen.
    • Linn 1/125 a 27: Ersat gëtt duerch d’Haltestell Assurances Sociales Quai 3 (154, route d’Esch)
    • Linn 4: Ersat gëtt duerch den Arrêt Hollerich-Gare (Rue de la Déportation)
  • Linn 170: Depart ass um Arrêt Luxembourg Gare quai 104 (tëscht der Rue d’Épernay an der Rue du Commerce), deen den Arrêt Fonderie ersetzt.

Hollerecher Strooss

Sollten d’Wiederkonditiounen schlecht sinn, da ginn och d’Aarbechte verlängert. D’Stad Lëtzebuerg seet am viraus schonn alle Bierger an Notzer vum ëffentlechen Transport Merci fir hire Versteesdemech an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Ähnlech Sujeten Bus, Chantier, Hollerecher Strooss, Kranaarbechten, Linn 1/125, Linn 27, Linn 4, Rue d'Alsace, Rue de la Deportation, Rue Jean-Baptiste Merkels
Nächsten Artikel Virrechten Artikel