Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

MeYouZik – Musek aus der ganzer Welt!
Meenung Money Neiegkeeten

MeYouZik – Musek aus der ganzer Welt!

De Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d’Stad Lëtzebuerg (VDL)

Ass déi lëtzebuergesch Wunnengskris e Spill op d‘Zäit?
Meenung Money Neiegkeeten

Ass déi lëtzebuergesch Wunnengskris e Spill op d‘Zäit?

Dat zumindest ass d‘Fro déi sech déi lénk stellt, a

Wéi a wou d‘Kommunikatioun fir de Naturschutz sënnvoll ass
Meenung Money Neiegkeeten

Wéi a wou d‘Kommunikatioun fir de Naturschutz sënnvoll ass

All Joer organiséieren d‘ASBL Natur an Ëmwelt, d‘Waasserwirtschaftsverwaltung, d‘Naturverwaltung an

money

Editorial: Weiderverwäertung vu Ministeren

Editorial: Weiderverwäertung vu Ministeren

Wat ass et nees ee Gedauschs. Kaum datt déi russesch Holding mëttels Pressecommuniqué der Welt matgedeelt huet, datt de fréiere Wirtschaftsminister Etienne Schneider fir de Verwaltungsrot vun der russescher Holding Sistema nominéiert ginn ass, ginn d‘Spekulatiounen am Netz viral. Gutt, datt et ethesch a mënschlech diskutabel ka sinn, dogéint léisst sech näischt awennen an awer gëtt et dem Thema net ganz gerecht. Gëtt hei dem Etienne Schneider de falsche Prozess gemaach?

Erënner mir kuerz drun, datt schonn 2012 de Jeannot Krecké, och ee sougenannte Kaviar-Sozialist do ee Posten zougestane kritt huet. Dee kéint, falls et esou bei der Generalversammlung Enn Juni decidéiert géif ginn, dann duerch eben den Etienne Schneider ersat ginn. Eng Lëtzebuerger Präsenz an dësem Verwaltungsrot ass faktesch elo kee Scoop. Zudeem huet et Traditioun, datt sech eis Wirtschaftsminister, onbeuecht hirer Parteikaart, mussen hir schmuel Pensioun opbesseren.

An et sinn och net nëmmen d‘Wirtschaftsminister, déi eng Weiderverwäertung am Privatsecteur sichen a fannen. Esou huet de Luc Frieden sech och vu Verwaltungsrot zu Verwaltungsrot duerch geschloen an ass aktuell President vun der Handelskummer, ee Poste wou de Jeton och liicht méi Wäert huet wéi de Loun vun de Salariéeën aus dem Gesondheetssecteur, fir emol déi op dëser Plaz ze ernimmen. Do virdru war hie bei der Deutsche Bank zu London an uschléissend bei der BIL.

Dës Lëscht vu vermeintlech „politesche Profiteure“ kann een onendlech ausféieren. An et ass jo elo och net wéi wann dës Politiker sech hirer Pensioun do géifen doutschaffen. Et ass net emol sécher op hir Meenung gefrot ass. Si déngen eenzeg dem Zweck déi „richteg Kontakter“ hierzestellen an si beschtefalls als Lobbyisten ze bezeechnen. Si hu sech als Minister kaum fir d‘Bierger, mee kloer fir d‘Wirtschaft agesat, esou ännert sech prinzipiell näischt un hirem Charakter. Wou ass de Problem?

Illustratioun: Politik ass ëmmer nëmmen eng Tëschenetapp, d‘Ziler vun de Politiker sinn oft ganz anerer wéi ee mengt, de Franz Fayot wäert do keng Ausnam maachen. Et muss ëmmer weider goen, och wann een dobäi zuweilen anerer enttäuscht. Geld mécht net glécklech, mee et berouegt immens. © Jospeh Akbrut / unsplash

Ähnlech Sujeten Etienne Schneider, Jeannot Krecké, Privatwirtschaft, Sistema Holding
Nächsten Artikel Virrechten Artikel