Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Delphi Lëtzebuerg wëll Aarbechtsplazen ofbauen
International Money Neiegkeeten

Delphi Lëtzebuerg wëll Aarbechtsplazen ofbauen

Den 31. Oktober sinn d‘Mataarbechter vum Standuert Delphi Technologies zu

Kanada legaliséiert de Cannabis an der Euphorie
International Money Neiegkeeten

Kanada legaliséiert de Cannabis an der Euphorie

Säit gëschter ass Kanada dat éischte Land vun de G20,

Gitt dem Virus keng Chance
International Money Neiegkeeten

Gitt dem Virus keng Chance

Um Donneschdeg hunn d‘Gesondheetsministesch an de Premierminister sech zur 2.

money

Wéinst der Dréchent klammen d‘Präisser fir Weess a Fruucht

Wéinst der Dréchent klammen d‘Präisser fir Weess a Fruucht

D‘Hëtztwell an déi domatter verbonnen Dréchent wierkt sech op d‘Präisser fir Weess a Fruucht aus. Déi landwirtschaftlech Produiten hunn op de Weltmäert op e neits zougeluecht. Analyste ginn net dovunner aus, datt et „Hongeropstänn“ wéi 2007/8 kënnt, well et confortabel Reserve gëtt.

Nodeems de Cours vum Weess am Juli iwwer 200 Euro/Tonn geklomme war, huet deen de leschte Freideg nach emol ëm 6% zougeluecht. Um europäesche Marché „Euronext“ hat de Weess um Donneschdeg un der 220 Euro-Mark gekraazt. E Niveau deen et zanter Abrëll 2014 net méi ginn huet. Schold un den héije Präisser ass d‘Wieder, an eng Berouegung vun de Mäert gëtt net erwaart.

De weltwäite Karschnatz ass méi schlecht ausgefall wéi erwaart, an dat heiansdo an Proportiounen déi esou net virauszegesi waren. An och beim Mais gesäit et net gutt aus. Hei ass de Karschnatz nach net realiséiert ginn, d‘Analyste ginn awer vun engem geréngen Ertrag aus.

Nordeuropa staark vun der Dréchent betraff

A Polen, wou de Mount Mee als dee wäermsten zanter 55 Joer registréiert ginn ass, ass de Verloscht beim Weess enorm. Och beim Rapps ass den Ertrag ëm 20% méi geréng, huet d‘Regierung an engem Communiqué matgedeelt. A Lettland war schonn am Juni de landwirtschaftlechen Noutstand ausgeruff ginn. Dänemark mellt héich Verloschter bei der Geescht, déi fir de Béier bestëmmt ass.

Am gréisste sinn d‘Suergen an Däitschland, wou den éischte Produzenteverband DBV, e Mëttwoch seng Previsioune fir de Karschnatz huet missen no „ënnen“ korrigéieren. Amplaz den erwaarten 41 Milliounen Tonnen, dierft en et dëst Joer kaum méi wéi 36 Milliounen Tonne ginn.

Déi eenzeg déi sech iwwert den héije Cours bei der Fruucht freeën, sinn erstaunlecherweis net d‘Händler op de Bourssen, mee d‘Landwirt am Frankräich. Déi hunn an de leschte Jore béiss ënnert de niddrege Präisser gelidden, wat ëmmer nees zu Suicide gefouert huet. 40% vun de Landwirt am Frankräich konnte mat den erziilte Präisser hir Käschten net méi decken.

Déi zwou Säite vun der Medail

„Wann d‘Präisser klammen, dann erlaabt dat ville Landwirt nees op d‘Been ze kommen“, erfreet sech de President vum Weess-Produktiounsverband AGBP, Philippe Pinta. D‘AGBP hat nach am Juli op déi katastrophal Finanzsituatioun vum Secteur higewisen.

Dat verhënnert dann awer net, datt de wichtegste Syndikat FNSEA, beim Staat Hëllefsmesüren agefuerdert huet. Datt d‘Präisser fir Weess a Fruucht héich sinn, wier wuel ze begréissen. Op där aner Säit misst ee berécksiichtegen, datt „d‘Dréchent an d‘Wiederprevisiounen d‘Beaarbechtung vum Buedem net erlaben, an och kee neie Som ënnert dëse Konditioune kann ausbruecht ginn“.

Och Russland ass besuergt. Laut dem russesche Wiederdéngscht, muss mat enger Baisse beim Ertrag an héicht vu 15 bis 20% gerechent ginn. Dat ass net gutt, zemools wann ee bedenkt, datt Russland d‘lescht Joer zum éischte Weess-Produzent op der Welt, virun den USA, opgestige war.

Iwwerall dat selwecht Bild

Ausserhalb Europa, huet Australien en zolitte Problem mam Wieder, an der heirauser entstanener Dréchent. Wéinst dem Defizit bei der Waasserversuergung am Südweste vum Land, ass d‘Suerg bei de Bauere grouss. Laut Agritel, kéint dat dozou féieren – ausser et géif sech klimatesch rapid eppes änneren – dat ee beim Karschnatz ënner 20 Milliounen Tonne Weess anhuele géif.

En Donneschdeg huet d‘EU-Kommissioun de Memberlänner d‘Erlaabnes erdeelt, déi betraffe Landwirt finanziell ze ënnerstëtzen. D‘Landwirt kënne bis zu 70% vum direkte Paiement, a 85% vun de „Subventioune“ fir ländlech Entwécklung schonn am Oktober, statt Dezember erhalen.

An Afrika, südlech der Sahara, ass d‘Dréchent och e Problem, zemools elo an der Iwwergangszäit tëscht dem Enn vum Verbrauch vum Rescht vun der leschter Recolte, an dem Ukomme vun der Neier. Ganz batter ass et am Sahel. Net nëmmen, datt d‘Produktioun duerch Waassermangel staark ageschränkt ass, hei ginn d‘Problemer och nach duerch bewaffent Konflikter verstäerkt.

Et gëtt (nach) genuch Reserven

Wann d‘Präisser klammen, sinn et als éischt déi Äermst déi betraff sinn. Wann hei d‘Regierungen net d‘Produktioun vum Brout oder de Grond-Nahrungsmëttel subventionéieren, wäerten sech d‘Leit wieren, an dat féiert onweigerlech zu Onrouen an de Konflikter déi heimatter zesummenhänken.

D‘Experte ginn dann awer net dovunner aus, datt een et mat Hongeropstänn ze di kritt, wéi dat nach 2007/8 de Fall gewiescht ass. Et sollt och net zu Revolte kommen, wéi dat am „arabesche Fréijoer“ ze gesi war. Hei hu schlecht Erträg an héich Präisser fir landwirtschaftlech Produiten, zesumme mat enger Baisse vun de Weltreserven, den oppene Konflikt erbäigefouert.

En Analyst heizou: „2010 waren d‘Präisser fir de Weess an d‘Noperschaft vun den 300 Euro/Tonn geklommen. Haut huet een net de kritesche Stadium erreecht, deen eng Regierung destabiliséiere kéint. D‘Weltreserve sinn confortabel, a mir sinn net an der selwechter Konfiguratioun.

mam Isabel Malsang/AFP

Ähnlech Sujeten Dréchent, Landwirtschaft, Recolte, Weess, Weltmäert
Nächsten Artikel Virrechten Artikel