Search

You may also like

Vu chrëschtlecher Nächsteléift a Verantwortung
International Neiegkeeten

Vu chrëschtlecher Nächsteléift a Verantwortung

D‘Dammen aus dem Botzsecteur… si wiere systemrelevant gouf gesot, elo

CFL multimodal: Bettel a Bausch bei de Containeren
International Neiegkeeten

CFL multimodal: Bettel a Bausch bei de Containeren

CFL multimodal an CFL cargo zu Diddeleng-Beetebuerg sinn am Beräich

dislike
D’AfD sëtzt elo am Bundestag – dobäi bedrohen se d’Demokratie
International Neiegkeeten

D’AfD sëtzt elo am Bundestag – dobäi bedrohen se d’Demokratie

Se si Magistrate, Universitairen oder Bänker. Mee hannert hirem Profil

Däitschland stellt sech wéinst IG-Metall op ongemittlech Zäiten an

Däitschland stellt sech wéinst IG-Metall op ongemittlech Zäiten an

Déi mächteg IG-Metall, déi gréissten däitsch Gewerkschaft, huet haut de Startschoss ginn, fir dat, wat sech an Däitschland zum gréisste Klassekampf vun de leschte Jore kéint entwéckelen.

Uechter ganz Däitschland sinn Aarbechtsnidderleeunge virgesinn, besonnesch awer am Automobilsecteur. An d‘Revendicatioune sinn eenegermoosse Radikal: gefuerdert gëtt eng Aarbechtszäitverkierzung op 28 Stonnen an der Woch.

An d‘Strategie vun der IG-Metall ass erprouft, den Drock gëtt progressiv erhéicht, d‘Aarbecht an ausgewielte Betriber niddergeluecht. Am Westen dierft Nordrhein-Westfalen mat 700.000 Aarbechter am Streik, um haidege Méindeg am stäerkste betraff sinn. Mee och a Baden-Württemberg, Brandenburg, Sachsen oder Berlin, ass den Opruff zum Streik gehéiert ginn.

Et soll dann och déi ganz Woch iwwer unhalen. Éischt Warnstreik-Aktiounen hat dann och schonn an der leschter Woch ginn, esou zum Beispill bei Porsche.

Säit Oktober fuerdert d‘Gewerkschaft fir déi 3,9 Millioune Salariéeën aus hirem Secteur, eng Lounerhéijung vu 6%. D‘Federatioun vum Patronat, Gesamtmetall, proposéiert 2%. Eng u sech gewinnte Prozedur, an normalerweis treffen sech d‘Kontrahenten iergendwou an der Mëtt.

28 Stonnewoch

Normalerweis… Mee de Konflikt 2018 dréit sech net nëmmen ëm méi Loun. Hei geet et ëm eng Aarbechtszäitverkierzung vu 35 op 28 Stonnen an der Woch, fir all déi wou sech et wënschen, mat enger partieller Kompenséierung vum Lounverloscht duerch de Patron.

Profitéiere sollt een, de Fall gesat d‘Fuerderung géif ugeholl ginn, vun dëser „Mesure“ awer héchstens zwee Joer, an de Patron misst dem Salarié d‘Garantie ginn, dann och nees eng Aarbecht a Vollzäit ze erhalen.

Fir Gesamtmetall ass esou eng Fuerderung weder zoulässeg, nach ëmsetzbar. D‘Patrone ginn dovunner aus, datt gutt zwee Drëttel vun de Salariéeë fir dës Aarbechtszäitverkierzung eligibel wieren. Dat wier administrativ net ze maachen an et gëtt och gefaart, datt een op emol virun eidelen Ateliere steet.

D‘Patronen ënnersträichen och de Risiko vun der Diskriminatioun, falls dëse „Regimm“ tatsächlech géif agefouert ginn. Benodeelegt gi géifen all d‘Salariéeën, déi schonn an Deelzäit fir en entspriechend reduzéierte Loun schaffen.

An d‘Fuerderung vun der IG-Metall hat schonn am Hiecht zum Ofbroch vun de Verhandlunge gefouert. Hält jiddereen u sengem Standpunkt fest, dierft déi nächst Etapp en zolitte Klassekampf sinn. En éischte seelene Fall an engem Land, wou d‘Kultur vun de Cogestioun eng laang Geschicht huet.

De Roman Zitzelsberger vun der IG-Metall warnt awer: „Ouni entgéintkomme vum Patronat, gëtt et schwiereg d‘Verhandlunge mat Warnstreiken zu engem gudden Ofschloss ze bréngen“.

Hei muss dann allerdéngs drop higewise ginn, datt d‘Lounverhandlungen an Däitschland (scho bal) traditionell vu Warnstreike begleet ginn. Et ass awer genee esou richteg, datt d‘IG-Metall zanter 2003 keen onbegrenzte Streik op nationalem Niveau organiséiert huet.

Bei Gesamtmetall dréit een déi ganz „Affär“ viru Geriicht ze bréngen. Den Toun ass batter tëscht de Sozialpartner, an engem Land wou ee sech an de leschte Joren dru gewinnt hat, datt d‘Verhandlunge fir e Kollektivvertrag éischter mat Beduecht gefouert ginn, zemools wéinst de gudder Konjunktur.

Exzellent wirtschaftlech Situatioun

D‘Bedreeung vun engem onbegrenzte Konflikt an der „Schlësselindustrie“, wéi dem Automobilsecteur och dem Maschinebau, dreift dem Patronat Suergefalen op d‘Stier.

„E Streik ass generell net de beschte Moyen fir e Lounkonflikt ze léisen. Et schued dem Export an esou der Entreprise an um Enn de Beschäftegten“, esou de Bertram Brossardt, bayresche Patronatsvertrieder fir Metall Betriber an d‘Elektroindustrie.

Mee d‘IG-Metall geet gestäerkt an d‘Verhandlungen, gedroe vun enger „schéi Wieder“ Konjunktur. Alles wat d‘Wirtschaftskraaft vun Däitschland ausmécht: Beschäftegung, Export, Inflatioun ass am grénge Beräich. An nodeems während Joerzéngte gefuerdert ginn ass d‘Friichte vum Wuesstem ze „deelen“ gëtt et dëst Joer eng ganz nei Revendicatioun.

D‘IG-Metall ass mat 2,3 Millioune Memberen déi gréissten europäesch Gewerkschaft a vertrëtt d‘Interesse vun de Salariéeën aus dem gesamten Industrieberäich: Stol, Auto, Elektronik an Textilien. Do ass dann och Potential dra fir e „Klassekampf“.

mam Daphne Rousseau/AFP

Foto: Metallaarbechter vun der Bombardier-Fabrick zu Henningsdorf bei Berlin sinn dem Opruff zum Warnstreik vun der IG-Metall nokomm. Op et duer geet fir d‘Fuerderungen duerchzesetzen ass nach net gewosst. Et schéngt ee sech awer op e verlängerte Klassekampf anzestellen. © Bernd Settnik/dpa/AFP

Related topics Gesamtmetall, IG-Metall, Klassekampf, Streik
Next post Previous post