Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chantier LuxTram: déi häertste 24 Méint kommen op eis duer
Neiegkeeten Stories

Chantier LuxTram: déi häertste 24 Méint kommen op eis duer

Wéi d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) leschte Mëttwoch iwwert déi weider

Iwwernam vun ArcelorMittal Diddeleng duerch Liberty House
Neiegkeeten Stories

Iwwernam vun ArcelorMittal Diddeleng duerch Liberty House

Eng Delegatioun vum OGBL, an der Personaldelegatioun vun ArcelorMittal Diddeleng,

money
NAFTA: Ginn sech d‘Kanadier mat den Amerikaner eens?
Neiegkeeten Stories

NAFTA: Ginn sech d‘Kanadier mat den Amerikaner eens?

Bei der „Reform“ vum Fräihandelsofkommes NAFTA, dee säit 1994 déi

Mam „Weizen“ vun der Bouneweger Brauerei huet een en Hauch Summer doheem

Mam „Weizen“ vun der Bouneweger Brauerei huet een en Hauch Summer doheem

Wann ee bedenkt, datt d‘Hierstellung vu Béier mat Weess (Weizen) scho vun den Egypter schwéier appreciéiert gouf, a Bayern e „must have“ ass, an och zu Lëtzebuerg seng Fans huet, dann dierft een net laanscht de „Weizen“ vun der Bouneweger Brauerei kommen. Den uewergärege „dréif-blonde“ Béier gëtt no Lëtzebuerger Rezept aus gudde Grënn an Däitschland gebraut.

An de Grond ass: d‘Hiefbakterie géifen déi ganz Braukichen verseuchen. Dat heescht, datt iert een d‘Produktioun vun anere Béierzorten kann an Ugrëff huelen, alles Keimfräi misst gebotzt ginn, wat éischter schwiereg ass. De „Weizen“ ass awer en echte Lëtzebuerger, esouwuel vum Charakter, wéi och vum Rezept hir. Den Olivier Schaul an den Eric Thibor hunn näischt dem Zoufall iwwerlooss.

Dat sech de „Weizen“ vun der Bouneweger Brauerei an der Zeen duerchsetzt, huet vill mam Goût ze dinn. Esou liicht wéi eng „Blanche“ awer mam vollen Aroma vun engem „Hefeweizen“ ass et dëse Béier e genoss zu all Joreszäit. Mat engem Alkoholgehalt vun 5,3% läit en eppes iwwert dem traditionelle Pils, ouni datt een de Béierfrënd vum Hocker hëlt, an e wëll a Frëndschaft genoss ginn.

Bouneweger

Den Eric Thibor (l) an den Olivier Schaul virum eegene Betrib zu Bouneweg. Mat hirem „Weizen“ hunn se ee ganz gutt Rezept entwéckelt an de richtege Choix getraff. © Martine de Lagardère/moien.lu

Wann ee sech eppes an de Kapp gesat huet

Wéi sech den Olivier Schaul an den Eric Thibor fir de Béier entscheet hunn, firwat et haut zu Bouneweg de „Craftcorner“ gëtt, war net gewosst wou d‘Rees géif hiféieren. Haut wëssen se genee wat se wëllen, an et gëtt och onermiddlech an der Braukichen experimentéiert. Net alles wat een upéckt geléngt, mee dat wat als gutt zréckbehale gëtt, ass dann och wierklech exzellent.

Op 112, Bouneweger-Strooss zu Lëtzebuerg kann een, sollt ee sech keen Adventskalenner gekroopt hunn, mat eppes Gléck de Weizen vu Méindes bis Samschdes schmaache kommen. Eppes fir de klengen Honger gëtt engem hei och nach gebueden. Ansonsten sinn d‘Jongen och op verschiddene Chrëschtmäert ënnerwee. Op hirer Facebooksäit kritt een dozou all noutwenneg Informatiounen.

Foto: Et ass mat Ofstand een vun de beschte Weizen, deen een zu Lëtzebuerg fir Geld kafe kann. Keen industriellt Produkt, dofir mat vill Léift a Verstand no Lëtzebuerger Rezept gebraut. Ei deet dat gutt wann en engem d‘Strass erofleeft.

Ähnlech Sujeten Bière Artisanale, Bouneweger Brauerei, Craft Beers, Craftcorner, Eric Thibor, Olivier Schaul
Nächsten Artikel Virrechten Artikel