Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Coca-Cola als Sponsor vun der rumänescher EU-Presidence
Neiegkeeten

Coca-Cola als Sponsor vun der rumänescher EU-Presidence

Et war kengem opgefall nach net emol eis – wat

What the Fakt: Virun 200 Joer gouf d’Grenz tëscht Kanada an den USA definéiert
Neiegkeeten

What the Fakt: Virun 200 Joer gouf d’Grenz tëscht Kanada an den USA definéiert

Um 20. Oktober 1818 eenegen sech d’USA a Groussbritannien mam

De Kollektivvertrag fir de Bausecteur (endlech) erneiert
Neiegkeeten

De Kollektivvertrag fir de Bausecteur (endlech) erneiert

Wéi et um Dënschdeg vun de Gewerkschafte LCGB an OGBL

Wëll Déieren an Nout kënnen nees empfaange ginn

Wëll Déieren an Nout kënnen nees empfaange ginn

Ab dem 1. Mee 2020 ass den Accueil vun Déieren an Nout an der Wëlldéierestatioun, wéi och bei de sougenannte Wëlldéier Drop-offs zu Klierf, Jonglënster an Nidderfeelen nees méiglech. Duerch eng schnell finanziell Hëllef säitens dem Ministère fir Ëmwelt, Klima a ländlech Entwécklung dierf d’Aarbecht zu Diddeleng nees komplett opgeholl a vum blesséierte Wäschbier bis zum Kaweechelchen an Nout empfaange ginn.

Mat der Ausbreedung vum Virus an de Moossname vun der Regierung waren déi intern Kapassitéite vum Zenter fir wëll Déieren begrenzt. Nei Patiente konnte soumat net opgeholl ginn, wouduerch d’Mataarbechter forcéiert ware, sech eleng op déi 200 Déieren, déi schonn an der Statioun gefleegt gi sinn, ze konzentréieren.

All Woch schaffen ëm 10 Persounen am Zenter. Nieft der fixer Ekipp ass een op d’Hëllef vu Benevollen ugewisen. Duerch d’Enveloppe vum Ministère konnten elo zwee weider Fleeger fir d’Fréijoer an de Summer agestallt ginn – ee Schrëtt, dee batter néideg war, fir an de kommende Méint de Fonctionnement vun der Statioun ze garantéieren.

Tëscht Mee a Juli gëtt mat ronn 2.500 neie Patente gerechent, déi zu Diddeleng empfaange, gefleegt a versuergt ginn.

Ënnerstrach gëtt nach, datt d’Aarbecht vun de Benevolle sech aktuell just op de Service vum Wëlldéierentaxi limitéiert. Hei gëtt d’Déier vum Drop-off an den Zenter gefouert. All aner ëffentlech Aktivitéite sinn fir d’Zukunft ofgesot, fir esou wéineg Zirkulatioun u Mënschen, wéi méiglech op der Plaz ze hunn.

wëll Déieren

© Fleegestatioun fir wëll Déieren / Facebook

Dir hutt ee blesséiert wëllt Déier fonnt? HEI fannt Dir all noutwenneg Informatioune, wat Dir elo maache sollt.

Opmaacherbild: © Fleegestatioun fir wëll Déieren / Facebook 

Ähnlech Sujeten Benevole, Diddeleng, Fleegestatioun fir wëll Déieren, Fuuss, Jonglënster, Kaweechelchen, Klierf, Nidderfeelen, Wäschbier, Wëlldéieren Drop-off, Wëlldéierentaxi
Nächsten Artikel Virrechten Artikel