Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Staatsrot bewëllegt weider subventionéiert Logementer
Meenung Neiegkeeten

De Staatsrot bewëllegt weider subventionéiert Logementer

Bei senger Sëtzung vum 13. Juli, huet de Staatsrot datt

Regierungsrot: Thermalbad Munneref, international Accorden a eng Rei Konventiounen
Meenung Neiegkeeten

Regierungsrot: Thermalbad Munneref, international Accorden a eng Rei Konventiounen

E Freideg huet sech, ënnert der Leedung vum Premierminister Xavier

USA: Demokrate wëlle Milliardär entmuechten
Meenung Neiegkeeten

USA: Demokrate wëlle Milliardär entmuechten

Virun zwee Méint hat den US-Sonnerermëttler Robert Mueller säi Rapport

Mat klengen a groussen Tréinen: Och Kräische verbënnt

Mat klengen a groussen Tréinen: Och Kräische verbënnt

Feiert Dir Ouschteren? Ech sinn net gleeweg, fir mech ass dësen Dag e Familljefest, jidderee kënnt zesummen, mir iessen eppes Guddes, laachen a poteren zesummen. Ma, fir eis fält Ouschteren an d’Waasser, mir hu scho Krämpes eis ze verhale wéi e Wochendag et ass.

De Bréifdréier ass eng gutt Orientatioun – wann e kënnt, steet de Weekend eréischt virun der Dier. Gefierften Eeër sinn näischt Besonnesches méi, et kritt een se dat ganzt Joer am Supermarché ze kafen. A vum Ouschterhues wënschen ech mir just eppes – Gesondheet fir déi Krank, Mutt fir d’Medeziner an Hoffnung fir eis all.

Mir stinn dat duerch! Mä dat ännert näischt un eisem Alldag, e mécht midd. En ass eng eenzeg Monotonie. Opstoen, Zänn wäschen, duschen, d‘Schoul doheem, Kannerbeschäftegung, dertëschent eppes iessen, bastelen, en Tour trëppelen, staubsaugen a sech wonneren, datt d’Zäit esou lues vergeet.

Ech ka meng Aueren net méi leiden, ma si kënnen am mannsten dofir. Mir verpassen der Schwéiermamm hire Gebuertsdag, deem Klenge säi wäert och just an eise véier Wänn gefeiert ginn, keng Anung ob mir iwwerhaapt aus dem Haus gi fir e Kuch ze kafen. Villäicht bake mer e selwer. Wahrscheinlech. Wa mir Eeër am Frigo hunn…

Ech weess, ech jéimeren a bekloe mech, mir Lëtzebuerger hunn et nach gutt getraff, Gott säi Dank. Ech ginn eben ongedëlleg a froe mech, wien vun Iech nach no um Waasser gebaut ass. Ech sinn dach bestëmmt net eleng! Ech kräische kleng a grouss Tréinen. An ech schumme mech dofir, obwuel et eng natierlech Reaktioun ass, esou geet eise Kierper mam emotionale Stress ëm. Eng Zenner schwéier Laascht ass dono méi einfach ze droen. Kräischen ass e Ventil, mir verléieren d’Kontroll. Kräische verbënnt a botzt d‘Séil.

An eisem Liewe sinn déi intensiivst Momenter mat Kräische verbonnen – d’Gebuert vun engem Kand, den Dout vun engem geléiftene Mënsch, Freed iwwert en Erfolleg, Péng, de Präis vum Bensin a sou villes méi. Kräische kann ustiechend sinn, eis verstéieren oder beréieren. Stabiliséieren. Eis méi no unenee bréngen, Grenzen iwwerwannen. Eise Géigeniwwer besser verstoen. Kräischen ass keng Schwächt, ma et beweist Stäerkt! An et ass gesond. Léiwer e puer Tréine lassginn, ewéi de ganze Frust a sech eranzefriessen an z’explodéieren. Dat ass besser fir Är Matmënschen.

Kräische

Kräischen ass e Kommunikatiounsmëttel an hëlleft Stress ofzebauen. D‘Gléckshormoner fannen hire Wee nees méi einfach. Ech fanne souguer, dass e besser schléift. Méi gesond lieft. Heiansdo léisst et awer och eng Migrän aus – et ass ewéi beim Alkohol, alles a Moossen. Dofir schummt Iech net a kräischt roueg wann Iech dono ass!

Elo botzen ech mir d’Nues, dréchne meng Tréinen a freeë mech op d’Zukunft. Well déi kënnt! An da feiere mir all Fest a Gebuertsdag no. Zesummen! Bekanntlech ass Virfreed jo déi schéinste Freed. An ech si mir elo scho sécher, dass dësen Dag e vun de beschten iwwerhaapt wäert ginn – voller Léift an Ëmäerbelungen. Sonneg, ech héieren d’Villercher scho päifen. Ech wäert all Sekonn genéissen!

Wien allerdéngs ze vill an och dacks ouni Grond kräischt, kéint un enger depressiver Verstëmmung leiden, am Zweiwelsfall ass et besser sech un den Hausdokter ze wenden. Dee ka mat Sécherheet hëllefen.

Bleift gesond!

Opmaacherbild: ©  _Mxsh_ / Unsplash

Ähnlech Sujeten Coronakris, Coronavirus, Covid-19, Emotiounen, Familljefest, Kräischen, Ouschteren, Tréinen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel