Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weess du, wéi een dës Wierder schreift? – 5
speed dating events lancashire https://moien.lu/hookup-secure-id/

https://moien.lu/dating-apps-for-50-plus/

Eis schéi Sprooch richteg ze schreiwen ass net ëmmer esou

reddit dating after weight loss
speed dating events lancashire https://moien.lu/hookup-secure-id/

The Last Jedi zerstéiert d‘Vergaangenheet vu Star Wars – Fir eppes Neies opzebauen!

The Last Jedi ass e Film deen oppe refuséiert, der

De neie Polo ass Intelligent a gesäit gutt aus
speed dating events lancashire https://moien.lu/hookup-secure-id/

De neie Polo ass Intelligent a gesäit gutt aus

Se hunn sech Zäit geholl zu Wolfsburg, iert se dem

Migratioun: Huet d‘EU iwwerhaapt wëlles eng Léisung ze fannen

Malteser sinn sech eens, et brauch elo Grondsätz zum Ëmgang mat de Migranten an der Séinoutrettung

Migratioun: Huet d‘EU iwwerhaapt wëlles eng Léisung ze fannen

Virum EU-Ministersommet op der butzeger Mëttelmierinsel Malta sinn d‘Awunner der Usiicht, datt et elo endlech muss zu enger Léisung mam Ëmgang vun de Migranten an der Séinoutrettung komme muss. Malta wier einfach ze kleng, fir déi Leit alleguerte bei sech opzehuelen.

Wann et duerchaus verständlech ass, datt d‘Belaaschtung op déi indigen Populatioun duerch den Zoulaf vun de Migranten aus Nordafrika enorm ass, esou dierf een net aus den Ae verléieren, datt Malta ganz offensiv op der Sich no Aarbechtsmigrante fir seng séier wuessend Wirtschaft ass. An awer gesi vill Awunner d‘Migranten, déi aus dem Mier gefëscht ginn, mat gemëschte Gefiller.

Migratioun

Dobäi muss een no de Migrante sichen, wann ee sech mat engem ënnerhale wëll. An deene vun den Touriste beléifte Küstegebidder oder der Haaptstad, gesäit een se éischter seelen. Si halen sech am Hannerland op, an deelen d‘Meenung vun den Awunner: d‘EU sollt endlech eng seriéis Léisung zur Verdeelung vun de Migranten op d‘EU-Memberlänner fannen. E fromme Wonsch oder Fuerderung?

Besonnesch an de „Lager“ wier d‘Lag beschwéierlech: d‘Leit hausen a Container, Beschäftegung gëtt et kaum, an d‘Liewen op enkstem Raum bréngt sanitär Problemer mat sech. Eigentlech sinn si der maltesescher Regierung dankbar, mee e Liewen an engem Flüchtlingslager ka keng dauerhaft Léisung sinn a si wëlle schaffen, eng Wunneng hunn an hire gesellschaftleche Bäitrag leeschten.

Eng komplex Problematik

Och déi lokal Flüchtlingsorganisatioune wëssen hirer Hänn kee Rot méi. Esou ass et kaum méiglech eng Wunneng ze fannen an d‘Aarbechtsverträg si ganz däitlech „Ausbeutung“. A Malta huet dann och en ähnleche Problem wéi Lëtzebuerg: seng Gréisst an net genuch Logementer. Dat heescht, datt och hei d‘Loyeren an dat Onermiesslecht geklomme sinn, wat natierlech Spannungen ervirrifft.

MigratiounElo ginn dës „Spannungen“ och nach vu Rassismus begleet, firwat de Problem ëmmer méi komplex gëtt. Déi logesch Konsequenz: et kënnt ëmmer méi oft zu Mënscherechtsverletzungen. Politesch ka sech d‘Regierung net zu engem „mënschewierdegen Asylsystem“ duerchréngen, zumindest net esou laang et keng vernënfteg Verstännegung op europäeschem Niveau gëtt. Déi léisst op sech waarden.

Dofir schéngt Italien d‘Mënschlechkeet nei entdeckt ze hunn. Déi nei Koalitiounsregierung vu Sozialdemokraten (Partido Democratico) a Populisten (Movimento 5 Stelle) huet elo scho fir déi zweet Kéier bannent enger Woch Flüchtlinge vun der „Ocean Viking“ u Land gelooss. Dëst Rettungsschëff mat aktuell 182 Migranten u Bord huet dierfen an den Hafe vu Messina Alafen.

Begréissenswäert

D‘ONGen „SOS Méditerranée“ an „Dokteren ouni Grenzen“ (MSF) hunn déi nei Mënschlechkeet vun der italienescher Regierung begréisst. Op Twitter heescht et vun „SOS Méditerranée“: „Mir sinn erliichtert, datt Italien fir déi zweet Kéier bannent enger Woch en Hafe fir déi am Mëttelmier gerett Mënschen opmécht“. Déi 182 Migrante waren e Mëttwoch viru Libyen aus dem Mier gefëscht ginn.

MigratiounSchonn en Dënschdeg war der Ocean Viking erlaabt gi mat 82 Flüchtlingen u Bord den Hafe vu Lampedusa unzelafen an d‘Leit u Land ze loossen. E Fait, deen de fréieren Inneminister Matteo Salvini (Lega Nord) op d‘Palm gedriwwen huet, well hie jo awer e Gesetz duerchgesat hat, dat genee dee „Fall“ sollt verhënneren. An zu Bréissel sollt een déi nei italienesch Politik ënnerstëtzen.

Dat ass awer ass keng einfach Affär. Länner mat „radikaler“ Ausriichtung, wéi beispillsweis Polen an Ungarn, an déi nei Faschisten am EU-Parlament – déi vu sech behaapten d‘Mëtt vun der Gesellschaft ze vertrieden – loossen näischt onversicht, fir ee Konsens op EU-Niveau ze verhënneren, well et fir si d‘Enn vun der europäescher Wäertergemeinschaft bedeit, Flüchtlingen opzehuelen.

mat indymedia/rom/bru

Foto: © SOS Méditerranée/MSF

Ähnlech Sujeten Eu-Sommet vun den Inneminister, Flüchtlingshëllef, Malta, Migratioun, MSF, Ocean Viking, SOS-Méditerranée
Nächsten Artikel Virrechten Artikel