Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

NATO bereet sech op de Stärekrich vir
Auto International dating someone in nursing school hookup security id card

casual dating versus relationship

Beim Meeting vun de Verdeedegungsminister zu Bréissel huet den NATO-Generalsekretär,

TDF: Geraint Thomas vu Sky gesäit giel
Auto International dating someone in nursing school hookup security id card

TDF: Geraint Thomas vu Sky gesäit giel

De Gallier Geraint Thomas (Sky) huet sech um Samschdeg den

Steet dem Marschall Pétain en Hommage zou?
Auto International dating someone in nursing school hookup security id card

Steet dem Marschall Pétain en Hommage zou?

Fir den 90 järege Jean-Marie Le Pen, rietsradikale Politiker, Grënner

„Wëlls de kucken?!“ – Police bréngt Gaffer zur Läich vum Accident!

„Wëlls de kucken?!“ – Police bréngt Gaffer zur Läich vum Accident!

Um Dënschdeg Mëtteg ass et op der däitscher A6 a Franken zu engem déidlechen Accident komm. Et schéngt wuel ee Spektakel gewiescht sinn, un deem sech verschidde Leit mat Fotoen nees opgäile wollten a ganz genau hikucke wollten. Dës Kéier huet d’Police allerdéngs zu méi drastesche Moossname gegraff, amplaz de Gaffer eng einfach Geldstrof ze erdeelen.

Géint 11:30 Auer ass ee Camions-Chauffeur aus Ungarn déidlech blesséiert ginn, wëll hien op d’Enn vum Stau op der Autobunn opgefuer ass. A schonns no kuerzer Zäit huet de „begeeschterte Publikum“ net op sech waarde gelooss, fir de ganze Chaos mam normale Verkéier, den Ambulanzen an der Police komplett ze maachen.

Ee Moment fir d’Fassung ze verléieren

Et ass nëmme verständlech, schonn eleng den Hannerbliwwene géigeniwwer, datt d’Police dem ganzen Tumult een Enn setze wollt, och wann een dës Kéier méi schwéier Moossnamen opgefouert huet. De Collis huet hei einfach misse platzen.

„Klammt eraus. Wëllt Dir? Majo da verschwannt“, sou de Beamten. Nodeems als éischt eng Madamm an engem bloe Fiat gebiede ginn ass aus dem Auto erauszeklammen a sech d’Läich dach emol méi no unzekucken, ass et dunn un een Tschech an enger wäisser Camionnette gaangen. Frëndlech ass hie opgefuerdert gi säi Gefier ze verloossen. Op hien doudeg Leit wéilt gesi freet de Polizist de Mann, deen ouni mat der Schëller ze zucke weider mat geet.

„Wëlls de se gesinn? Nee? Wisou mëss de da Biller dovun? Wann s de wëlls da kanns de ëm Moie soe goen. Wëlls de?“ An uschléissend ass et zur Geldstrof vun 128,50 € komm, wëll den tschechesche Mann den Accident op Foto huet. An och een Här aus Ungarn ass am Video ze gesinn, deen sech d’Läich vum Doudegen, aus dem eegenen Heemechtsland ukucke soll. Als eenzegen – op alle Fall op dësem Video – entschëllegt hie sech a seet direkt, datt en dat net wëll.

Accident

Direkt Konfrontatioun

Spéider erkläert den däitsche Polizist, datt d’Leit souwuel mat der Kamera an dem Steierrad an der Hand un de Beamte laanscht fueren. Vun 10 Stéchprouwen haten 8 Persoune kee Wunnsëtz an Däitschland an hunn dofir direkt op der Plaz d’Strof bezuele missen. „Et ass erschreckend, mat wéi wéineg Matgefill d’Leit mat dëser Lag hei ëmginn“, bericht de Polizist.

An esou muss hie schockéiert zouginn, datt d’Leit sech eréischt der Gravitéit vun der Situatioun bewosst gi sinn, wéi si kuerz virdru stoungen den Doudege ganz no ze gesinn. Et ass kee Spaass, mee eng Plaz, un der een déidlechen Accident geschitt ass. Fir d’Police war et wichteg, d’Gaffer mat hirem Verhalen ze konfrontéieren. De Léiereffekt wier duerch esou ee Schock méi grouss, wéi einfach nëmmen eng Geldstrof ze verlaangen.

Si mir emol éierlech, wat wëll een iwwerhaapt herno mat dëse Fotoen? Géif et sech ëm ee Familljemember oder Kolleg handelen, géif ee schliisslech och net mam Handy niewendru stoen an d’Affer als Fotomodel mëssbrauchen. Am schlëmmste Fall geschitt genau duerch esou eng däämlech Aktioun nach ee weideren Accident.

Ähnlech Sujeten A6, Accident, Camion, Däitschland, Gaffer, Video
Nächsten Artikel Virrechten Artikel