Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

International Stories

Aus der Welt, kuerz bericht

Manchester: Aacht Verhaftungen Nom schrecklechen Uschlag zu Manchester sinn um

angrytonguecrying
Facebook mécht ongewollt d‘Posts vu 14 Millioune Clienten ëffentlech
International Stories

Facebook mécht ongewollt d‘Posts vu 14 Millioune Clienten ëffentlech

Um Donneschdeg huet Facebook bekannt ginn, datt d‘Posts vu 14

Aarbechtslosenzuele an Europa sou déif wéi säit 2009 net méi
International Stories

Aarbechtslosenzuele an Europa sou déif wéi säit 2009 net méi

Et si gutt Noriichten, déi Eurostat bréngt: An den Euro-Länner

De Klimawandel kéint d‘Welt an eng Sauna verwandelen

De Klimawandel kéint d‘Welt an eng Sauna verwandelen

D‘Transitioun zu enger grénger Wirtschaft ass esou dréngend wéi nach ni. D‘Äerd, geschiedegt duerch d‘Verschmotzung aus dem Verbrauch vu fossillen Energien, riskéiert sech op Dauer an eng Sauna ze verwandelen. Dat zumindest hunn e Méindeg international Fuerscher behaapt.

Wann d‘Pol-Kappe weider schmëlzen, d‘Bëscher ofgeholzt oder verbrannt ginn, den Ausstouss vun Zäregaser all Joer nei Rekorder brécht, da misst et och den Optimiste verständlech sinn, datt d‘Äerd hei u Grenze stéisst, a mir net méi vun deem Punkt ewech sinn, wou d‘Rechnung net méi op geet.

Mir stinn um Bord vum Ofgrond. An e puer Joerzéngten, esou d‘Warnung vun de Wëssenschaftler an der Revue „Proceedings“ vun der National Academy of Sciences (PNAS), kéint de Schratt no „vir“ deen entscheedende sinn. Si ginn dann och vun enger globaler Erwiermung vu 4°C bis 5°C, géintiwwer der virindustrieller Ära aus. An da klëmmt de Mieresspigel ëm 10 bis 60 Meter…

D‘Äerd eng „Sauna“?

„Eng Äerd als Sauna ass mat Sécherheet ne ze kontrolléiere a fir villes geféierlech“, esou d‘Conclusioune vun de Wëssenschaftler vun der Uni Kopenhagen, der nationaler Universitéit an Australien, an dem Fuerschungsinstitut vu Potsdam.

An d‘Wëssenschaftler gesinn dat esou: d‘Baache lafen iwwer, Orkaner zerstéieren d‘Küsten, d‘Koralle-Bänke verschwannen… an dat alles nach an dësem Joerhonnert. Déi duerchschnëttlech Welttemperature géifen iwwert all deene leien déi et jeemools tëscht zwou Äiszäite ginn huet.

Eleng d‘Ofschmëlze vun de Pol-Kappen, géif zu enger Erhéijung vum Mieresspigel féieren, wat erëm zu engem enorme Landverloscht féiert. Honnerte Millioune Mënsche géifen hir Heemecht verléieren, dausenden Hektar fruchtbart Land wieren op Éiweg verluer. „Wann d‘Äerd zur Sauna gëtt, gëtt e groussen Deel vum Planéit onbewunnbar“, esou de Johan Rockström, aus Stockholm.

D‘Brochstell

D‘Fuerscher sinn iwwerzeegt, datt d‘Brochstell dann erreecht ass, wann d‘Temperatur vun der Äerd 2°C iwwert dem Wäert vun der virindustrieller Ära klëmmt. Aktuell leie mir 1°C iwwert dësem Wäert a deen hëlt, opgrond de wirtschaftlechen Aktivitéiten all 10 Joer ëm 0,17°C zou.

„Eng Erwiermung vun 2°C ka vill Brochstelle gläichzäiteg aktivéieren, wouduerch et zu enger weiderer Erwiermung kënnt, déi nees Brochstellen aktivéiert… En Domino-Effet deen derzou féiert, datt et nach méi waarm gëtt, an dann net méi opzehalen ass. Als Beispill gëtt sech op d‘Zounam vun de Bëschbränn bezunn, déi zouhuele wann d‘Äerd sech erwiermt an ausdréchent.

D‘Methodik

Bei dëser Etüd ass op fréier wëssenschaftlech Aarbechten zréckgegraff ginn, déi sech scho mat den „Brochstellen“ vun der Äerd beschäftegt hunn. Et ass zudeem och ganz wäit an d‘Vergaangenheet zréckgebléckt ginn. Esou an d‘Ära vum Pliozän – déi zweeteelst Epoch aus dem Neogen – virun déck 5 Millioune Joer, wou den CO2-Niveau an der Atmosphär, wéi haut, bei 400ppm geleeën huet.

Während der Period vun der Kräid – do wou et nach Dinosaurier ginn huet – esou 100 Milliounen zréck, war duerch déi enorm vulkanesch Aktivitéit, den CO2-Niveau bis op 1.000ppm geklommen. Sech drop festzeleeën, datt eng Temperaturerhéijung vun 2°C als „point of no return“ unzegesinn ass, dat ass nei, bemierkt de Martin Siergert vum Grantham Research Institute on Climate Change.

Kann een dat stoppen?

Theoretesch schonn, mee an der Praxis schwiereg. Fir der Temperaturerhéijung den Dicks ze béien, misste d‘Mënschen (op der ganzer Welt) elo direkt hire Liewenswandel veränneren. Dat zumindest ass de Standpunkt vun de Wëssenschaftler. Si stelle fest, datt déi eenzeg Léisung doranner besteet, déi fossil Energien, duerch Energie mat wéineg CO2-Ausstouss ze ersetzen.

D‘Wëssenschaftler fuerderen dann och besser Gestioun vum Buedem, eng verbessert Praxis an der Landwirtschaft, dem Schutz vu Land a Küsten. Zudeem missten Techniken entwéckelt ginn, déi et erméiglechen den CO2 opzefänken, méi Beem geplanzt, an d‘Bëscher geschützt ginn.

Woubäi… esouguer wa mir nach haut ophalen Zäregasen an d‘Luucht ze joen, huet déi aktuell Tendenz zur Erwiermung de Nodeel, datt se aner Prozesser vum Äerd-System (Retroaktiounen) ausléist, déi d‘Temperatur zousätzlech héich dreift.

Zu dëse Prozesser gehéieren: d‘Schmëlze vum Permafraschtbuedem, d‘Ofholze vun de Bëscher, d‘Feele vun enger Schnéidecken op der nërdlecher Hemisphär, de Verloscht vum Mieräis an de Pol-Kappen.

mam Kerry Sheridan/AFP

Ähnlech Sujeten Äerderwiermung, Fossil Energien, Klimawandel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    3

  • Fail

    3

  • Cry

    1

  • Angry

    0

  • WTF

    1

  • Crazy

    8

  • Love

    0