Search

You may also like

Coronavirus: Vill Informatioune wéineg Äntwerten…
International Neiegkeeten Stories

Coronavirus: Vill Informatioune wéineg Äntwerten…

Um Sonndegnomëtteg huet et nees eng virtuell Pressekonferenz ginn, an

Elektromobilitéit: Wat seet de Code de la Route zur Autonomie?
International Neiegkeeten Stories

Elektromobilitéit: Wat seet de Code de la Route zur Autonomie?

Enn Abrëll hat den Deputéierte Sven Clement (Piraten) am Uschloss

Finanzminister presentéiert de Budget 2019
International Neiegkeeten Stories

Finanzminister presentéiert de Budget 2019

Et ass net dem Finanzminister, Pierre Gramegna (DP), säin éischte

An enger Welt voller Mutanten

Keng Panik, d‘Politik ass just der Meenung datt déi nei Covid19-Variant ausser Kontroll geréit…

An enger Welt voller Mutanten

Säit gëschter si London an grouss Deeler vu Südengland am „Total Lockdown“. Dat huet de Boris „King of the World“ Johnson esou entscheet, nodeems eng Mutatioun vum SARS-CoV2 Virus, de VUI2012/12/01 entdeckt gouf. Dës Covid19-Variant soll 70% méi ustiechend sinn, wei alles wat e bis ewell esou entdeckt huet. Rieds a vu bis zu 4.000 bekannte Coronavirus-Mutatiounen.

Fir de brittesche Gesondheetsminister Matt Hancock, Zäit sech eppes Suergen ëm d‘Kapassitéiten a vläicht och méi generell ëm de Gesondheetssystem ze maachen. D‘Britten si mat ronn 18.000 Infizéierten nees no un hirem „Rekord“ vum Fréijoer. De mat Hancock huet op Sky News gemengt, datt sech elo all brittesche Bierger esou verhale misst, wéi wann hie mam Covid19 infizéiert wier.

Dat wier deen eenzege Wee wéi een d‘Pandemie nees ënenr Kontroll kréie kann. De Minister huet och d‘Méiglechkeet a betruecht gezunn, datt déi streng Moossnamen op déi ganz Insel ausgewäit kéinte ginn an iwwer Méint a Kraaft bleiwe mussen. Fir de Buergermeeschter vu London, Sadiq Khan, war et keng Freed op der BBC seng Administréiert opzeruffen elo vu Reesen ofzegesinn.

Elo awer emol eppes Erklärung

Mat dëser Covid19-Mutatioun (VUI2020/12/01) déi d‘Insulaner eppes ënner Drock setzt, ginn elo nach weider a virun allem méi drastesch Mesure agefouert an ëmgesat. Laut britteschen Experten, eng wéinst dem risegen Infektiounspotential vun der Mutatioun richteg Decisioun. Déi nei Variant géif iwwer ongewéinlech vill genetesch Verännerunge, besonnesch am Spike-Protein verfügen.

Aktuell gëtt jo schonn an Groussbritannien geimpft, dat mam Vaccin vu Pfizer/Biontech. Vun dësen heescht et, datt den Impfstoff géint genee dëst Protein eng Immunäntwert produzéiert. Et gëtt also absolutt kee Grond beonrouegt ze sinn, dëse Vaccin wierkt och am Kontext vun der Mutatioun. Et ass zudeem net déi éischt Mutatioun vum Coronavirus. Bis ewell sollen et dëser eng 4.000 ginn.

Wat elo den neie Stär um Infektiounshimmel betrëfft esou ass dëse vun de brittesche Servicer virun allem am Süde vun England opgetrueden. Eng dausend Mënsche sollen sech de „Mutant“ schonn agefaangen hunn. Et gëtt och eng Mutatioun a Südafrika, déi zolidd Onrou stëft. Dës Variant awer huet strikt näischt mat der Insel-Mutatioun ze sinn. Zudeem sinn sech d‘Experten nees net eens…

Politik a Wëssenschaft

A wärend d‘Politik hir hannerlëschteg Spillercher dréift, droen och d‘Wëssenschaftler hiert Waasser bei d‘Millen. Déi nämlech sinn, entgéint de Premierminister, net iwwerzeegt dovunner, datt sech de Covid19-Mutant VUI2020/12/01 aus eegenem Undriff géif méi séier verbreeden. Si weisen dezent drop hinn, datt och superspreader Events den Androck vun enger héijer Kontaminatioun erwächen.

De Gesondheetsminister Matt Hancock behaapt de Virus wier ausser Kontroll geroden. Och dat ass eppes wat d‘Experten esou net gewëllt sinn ze ënnerschreiwen. Mutatiounen nämlech – an dat ass iwwert déi lescht Joerzéngten esou och noweisbar – hu seelen en Afloss op den Infektiounsfloss. Et ass also streng wëssenschaftlech betruecht, eppes onsënneg Panik ze maachen, et sief et géif Grënn.

Natierlech hunn d‘Britten d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) an hir fréier Kollege vun der Europäescher Unioun iwwert d‘Situatioun informéiert. Hei kéint ee elo mengen, well et jo genuch Erfarungswäerter aus dem Fréijoer gëtt, datt Europa sech elo op gemeinsam Mesuren accordéiert, wéi mat dëser neier Situatioun ëmzegoen ass. Dat besonnesch bezunn op Grenzschléissungen.

1 Unioun – 27 Eenzelkämpfer

Datt sech, wéi „gewësse“ Länner unilateral entscheet haten d‘Grenzen zu den europäesche Partner zouzemaachen, d‘Ursula von der Leyen lamentéiert huet a grouss Figure vun der Politik zum Zesummenhalt an der Ofsprooch opgeruff hunn, dorunner schéngt sech den Ament grad keen ze erënneren. An esou mécht nees jiddereen dat wat hie fir sech a säi Land als dat bescht empfënnt.

Holland huet als éischt den „Echange“ mat der Insel ofgebrach. Fluch- a Schëffsverbindunge sinn zumindest bis dat anert Joer ausgesat ginn. Da kënnt den „No Deal“ an se mussen och net méi opgeholl ginn. Mee eppes méi eescht: elo hunn och: Belsch, Bulgarien, Däitschland, Éisträich, Frankräich, Irland, Italien an Tschechien hir Fluchverbindunge mat der Insel ënnerbrach.

D‘Luxair huet e Sonndeg annoncéiert, de bestoende Fluchplang bis den 23. Dezember anhalen ze wëllen. Am Kontext vun den ugekënnegten Annonce säitens eisem Regierungschef, betreffend ee méigleche Lockdown (elo huet jo alles seng Akeef erleedegt) kéint et awer schonn haut den Owend eriwwer sinn. Ob sech en Expert erofléisst de Lëtzebuerger dat mat der Mutatioun ze erklären?

mat indymedia/lon/bru/par/ber

Illustratioun: © Fusion Mecial Animation / unsplash

Related topics Covid19, Grenzschléissung, Lockdown, Mutanten, Mutatioun, Panik, SARS-CoV2, VUI2020/12/01
Next post Previous post