Search

You may also like

Beim OGBL gëtt alt nees vu Streik geschwat
Neiegkeeten

Beim OGBL gëtt alt nees vu Streik geschwat

Wann den 1.Mee op ee 27.Abrëll fält Et ass schonn

The Punisher mécht et engem net liicht, mee ass awer eng eescht an déif Serie, déi et der Wäert ass
Neiegkeeten

The Punisher mécht et engem net liicht, mee ass awer eng eescht an déif Serie, déi et der Wäert ass

Et ass net déi éischte Kéier, datt een sech um

Chantier op der A6 tëscht dem Echangeur Helfenterbréck a Stroossen
Neiegkeeten

Chantier op der A6 tëscht dem Echangeur Helfenterbréck a Stroossen

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt den Tapis op der Autobunn A6

Weltaidsdag: Meng Gesondheet, meng Rechter

Weltaidsdag: Meng Gesondheet, meng Rechter

Säit 1988 gëtt all Joer um 1. Dezember den internationalen Dag vum Kampf géint den Aids zelebréiert. Den Dag op deem d‘Welt opgeruff gëtt sech geschlosse géint d‘Verbreedung vum Virus opzestellen, awer och den Dag wou et noutwenneg ass, sech solidaresch mat deenen ze weisen, déi erkrankt sinn.

Der Epidemie vum Aids en Enn bereeden, dat wier haut méi wéi nëmmen eng historesch Flicht, géintiwwer all deenen déi dem Virus erleeë sinn. Et soll d‘Geleeënheet sinn d‘Fundament vun enger méi gesonder Welt ze leeën, eng Welt déi méi gerecht fir déi zukünfteg Generatiounen ass. Wierder déi Hoffnung maachen, net awer d‘Wierklechkeet erëm ginn.

Vu Fakten an Zuelen

Den Aids-Virus, virun eppes méi wéi 35 Joer entdeckt, ass d‘Pescht vum postindustriellen Zäitalter. Säit Mëtt den 80er Joer, esou gëtt geschat, hunn sech 78 Millioune Mënsche mam Virus ugestach. 35 Millioune sinn um Aids gestuerwen.

Vun Ufank un, huet ONUSIDA (gegrënnt 1996) vill „Dirigenten“ op lokalem, nationalen, regionalen an internationalen Niveau inspiréiert. D‘Innovatioun an d‘Partenariater si sinn encouragéiert ginn, fir enges Daags ze erreechen de Virus auszeläschen. En éierbart Zil mee och e fromme Wonsch.

Säitens de Vereenten Natioune gëtt ee sech dann awer zouversiichtlech. Unhand de „plakegen“ Zuelen, soll ee feststellen, datt säit 2010 d‘Infektioune bei den Erwuessenen ëm 11% zréck gaange sinn. 2016 wieren dann och „nëmmen“ nach 1 Millioun Leit un der Krankheet gestuerwen. 2005 waren et der nach 1,9 Milliounen.

Berouegend ass dann tatsächlech, datt vun den 36,7 Millioune Mënschen, déi aktuell vum Aids-Virus infizéiert sinn, der 20,9 Milliounen (54%) Zougang zu enger retroviraler Behandlung hunn (Zuele vum Juni 2017).

Lëtzebuerg leescht säi Beitrag

Wéi aus der Matdeelung vum Gesondheetsministère ervirgeet, ënnerstëtzt Lëtzebuerg déi ambitiéis Strategie „90-90-90“ vun ONUSIDA déi eng Zounam vum Kampf géint de Virus virgesäit, an en Enn vun der Krankheet bis 2030 virgesäit.

Dofir missten awer 90% vun den Infizéierten depistéiert ginn. A vun deenen 90% mussen der op e neits 90% „behandelt“ ginn, woubäi och hei erëm 90% vun de behandelten den Traitement musse konsequent anhalen an eng viral Charge entwéckelen déi net méi „feststellbar“ ass.

Säit dem 1. Januar 2015, huet och Lëtzebuerg de Parrainage vun dëser Campagne mat iwwerholl. Den LSAP-Deputéierte Marc Angel ass dann och den Ambassadeur vun dëser „90-90-90“ Initiativ. Interessant wier nach ze bemierken, datt Schweden deklaréiert huet dës Ziler erreecht ze hunn.

Allerdéngs ass Europa d‘Regioun, esou zumindest d‘Zuele vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO), wou d‘Infektiounen nach ëmmer zouhuelen. Eng Bedenklech Tendenz, déi besonnesch dowéinst Kappzerbrieches bereet, well d‘Infektioun oft nëmme ganz spéit festgestallt gëtt.

Beim europäeschen Zenter fir Preventioun a Kontroll vu Krankheeten (ECDC) warnt een dann och virun ze vill Optimismus. Et misst een, den aktuellen Zuele folgend, an Europa wesentlech méi Efforte maachen. 29.000 nei Fäll ginn am Joer festgestallt, an den Diagnostik gëtt an de meeschte Fäll eréischt dräi Joer no der Infektioun gemaach, wat vill ze spéit ass.

Prioritéite setzen

De Gesondheetssecteur ass eng vun de Prioritéite vun der Lëtzebuerger Kooperatioun. D‘Direktioun vun der Kooperatioun fir d‘Entwécklung an der humanitärer Aktioun, vum Ausseministère engagéiert sech scho säit Joren am Kampf géint den Aids, esou d‘Informatioun aus dem Communiqué.

Fir elo och nach laangfristeg eng koherent Äntwert op dëse globalen Objektiv ze ginn, si weider Partenariater mat „multilateralen“ Agencen a Fongen, notamment ONUSIDA, WHO an dem Weltfonds fir de Kampf géint den Aids, ofgeschloss ginn. Och eng ganz Rei ONGen déi an dësem Beräich zu Lëtzebuerg oder den Entwécklungslänner aktiv sinn, ginn ënnerstëtzt.

Primär setzt sech Lëtzebuerg an, fir deen Deel vun der Bevëlkerung ze erreechen deen am ufällegsten ass. D‘Kooperatioun gëtt dann och der „Genre-Gläichheet“ eng besonnesch Plaz, déi an allen Interventiounen Uwennung fënnt.

Drogen, ee konstante Problem

Zu Lëtzebuerg ass d‘Feststellung, datt d‘Zounam vun den Infektiounen déi ee mam Konsum vun Drogen a Verbindung stinn, e schlecht Bild vun der Gesellschaft zeechent. 2016 huet Lëtzebuerg mat 98 nei-Infektiounen (73 Männer / 25 Fraen) en neien, traurege Rekord erreecht.

Laut dem Communiqué, hunn sech 39 heterosexuell, 32 homosexuell an 21 drogesüchteg ugestach, dat besonnesch bei Mënschen am Alter tëscht 26 a 35 Joer. D‘Zounam vun den Infektiounen am Drogemilieu ass dann och beonrouegend. Dat besonnesch well et zu Lëtzebuerg eng grouss wiel u verschiddenen Offeren zur Risiko Reduzéierung gëtt.

De Gesondheetsministère a seng „Partner“ wëllen iwwert d‘Aktioune vum Depistage an der Informatioun, elo och nach nei Strategien entwéckelen. Dat am Kader vun der Fäerdegstellung vum nationalen Aids-Plang. Dat wichtegst ass a bleift awer den Depistage, a wien vill „Verkéier“ huet, mat ofwiesselnd Partner, sollt sech entspriechend schützen an teste loossen.

Vill lass zu Lëtzebuerg um Weltaidsdag

Well et wichteg ass, an en Aktiounsplang, wéi de Numm et scho verréit, och „Aktioun“ brauch, ass um haidege Freideg eng méi lass. De Moie ginn esou op der Gare an der Stad „Gummie“ verdeelt. Parallel kënne jonk Studenten un Atelieren deel huelen, wou se vun de verschiddenen Acteuren aus dem Aids-Beräich Informéiert ginn. (ab 8.30 Auer am Ökozenter, Pafendall)

Eng mobil Eenheet, den DIMPS, ass op der Gare (Stad Lëtzebuerg) vun 11 bis 15 Auer, fir allen déi et wëllen e gratis Depistage (schnell an anonym) unzebidden. Ab 16.30 Ass dann den Ökozenter op fir de grousse Public. Hei kann een d‘Ausstellung „Aids, 35 Joer dono“ entdecken, an nach villes méi.

Op dësen 1. Dezember feiert zudeem „Stop aids now/Acces“ seng 25 Joer a luet op deng Manifestatioun an de Kapuzinertheater an.

Related topics Aktiounsplang, Gesondheetsministère, Preventioun, Weltaidsdag
Next post Previous post