Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nei Forme fir d’Landwirtschaft: Déi lokal Produktioun am Fokus
International Neiegkeeten Stories

Nei Forme fir d’Landwirtschaft: Déi lokal Produktioun am Fokus

Gëschter huet de Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung

Den Eenzelhandel zu Lëtzebuerg ass an der Statistik staark ugeschloen – mee et gëtt kee Grond zu Panik!
International Neiegkeeten Stories

Den Eenzelhandel zu Lëtzebuerg ass an der Statistik staark ugeschloen – mee et gëtt kee Grond zu Panik!

Wat den Eenzelhandel ugeet, ginn et fir Lëtzebuerg keng gutt

Wéi gutt kenns du Veianen?
International Neiegkeeten Stories

Wéi gutt kenns du Veianen?

Et gëtt kaum eng Stad am Land, déi esou beléift

Weltausstellung 2020: E sozialistesche Projet

(opgepasst ka Spuere vu Meenung enthalen)

Weltausstellung 2020: E sozialistesche Projet

Wéi en Aarbechtsrecht gëllt fir de Lëtzebuerger Pavillon zu Dubai? Dat wollten d‘Pirate vun den zoustännege Minister beäntwert kréien. Et huet nees gedauert an eng Äntwert gesäit anescht aus.

Firwat et eise Minister an hiren Ekippen oft einfach net gelénge wëll d‘Froe vun den Deputéierten an der festgeluechter Zäit ze beäntwerten, kann ee wuel dem Fait zouschreiwen, datt en hinnen um Allerwäertesten erlaanscht geet, wat nees de Schluss zouléisst, datt si éischter genervt sinn. Dat och besonnesch dann, wann et wéi am presente Fall ëm Representatioun a Wirtschaftsentwécklung geet.

Enn Januar jiddefalls wollt de Marc Goergen a sengem drëtten Ulaf (d‘Piraten hate scho mat de Froe 647 an 1567 ëm Opklärung gebueden) dann elo awer wëssen, wéi et op der Baustell zu Dubai ëm d‘Aarbechtskonditioune bestallt ass. Wien un déi mega Chantieren am Katar denkt, déi fir déi ominéis Fussballweltmeeschterschaft entstane sinn, weess datt Aarbechtsrecht keng Prioritéit ass.

Wien hei schaaft ass seelen e Moslem, well Allah huet et senge Schäffercher verbueden déi eege Leit auszebeuten, firwat och zu Dubai bëlleg a wëlleg Aarbechtssklaven ënnert schonn zimmlech exekrabele Konditiounen zu wierk goe mussen. Datt wëssen och de Groussherzog Henri a de fréiere Wirtschaftsminister Etienne Schneider, déi de Chantier vum Lëtzebuerger Pavillon besicht haten.

Déi hunn dann och am Januar allebéid keng Mënsche gesinn, déi a Lagerkleedung oder mat enger „Bull“ um Fouss vu Viraarbechter mat Peitschen zur Aarbecht ugehale ginn. Zudeem géif den Direkter vum Pavillon, Daniel Sahr, zesumme mat der Kommissärin fir de Pavillon, Maggy Nagel, ganz gutt oppassen, datt d‘Aarbechter – zumindest op eisem Chantier – gutt behandelt ginn.

Dat wichtegst: de gudden Androck

Um Chantier vun der Weltausstellung Dubai schaffe ronn 42.000 Leit, dovunner gutt a gäre 40.000 Mënschen déi aus aller (Drëtt)Welt erbäigeschaaft goufen. Well een natierlech Récksiicht op d‘Gefiller vun de Scheiche muss huelen, an natierlech och déi reliéis Befëndlechkeete respektéiere sollt, kann ee vum Kinnekshaus an de Vereenten Arabeschen Emirater keng Äntwert erwaarden.

Firwat sech dann den Daniel Sahr zum „Bückling“ vun de Scheichen degradéiere léisst, dat kann ee getrouscht senger Persoun iwwerloossen. Hie war sech jiddefalls net ze schued am Januar eng Lanz fir d‘Weltausstellung ze briechen, an dem Lëtzebuerger Land ze versécheren, datt et eng Charta gëtt, déi – haalt iech un – als „Referenz vu Modernitéit fir ee Land an der Regioun“ hierhale soll.

Gutt, wéi de Groussherzog Henri an den Zukünftegen ESA-President de Chantier mat ausgewielte Journaliste besicht hunn, haten all d‘Aarbechter brav en Helm um Kapp an Aarbechtskleedung un. D‘Anhale vun der Charta gëtt vun enger externer Entreprise, spezialiséiert am Audit, kontrolléiert a jiddereen deen um Lëtzebuerger Pavillon schafft muss sech strikt dorunner halen, heescht et do.

Den Daniel Sahr ass zudeem fest dovunner iwwerzeegt, a wier wahrscheinlech och bereet Garantien ze ginn, datt och wann d‘Aarbechtskonditiounen nach net ganz deene bei eis am Land gläichen, déi Vereenten Arabesch Emirater ganz no dru wieren, zumindest am direkte Verglach mat de Noperen, déi sech jo däitlech a Punkto: Kultur, Relioun a Respekt vun de Mënscherechter, ënnerscheeden.

Verluge wéi all näischt Gutts

Elo ass zum engen net esou, datt een de Fonctionnement vun den Emirater net géif kennen a och mat de Kollegen déi ageluede waren sech en Androck op der Plaz ze maachen, konnt ee schwätzen. Interessant: alleguerten hunn se uginn, datt hinnen nogeluecht ginn ass, net mat den Aarbechter um Chantier schwätzen. Mee wat hätten „d‘Sklaven“ aus dem Bangladesch a Pakistan och erziele sollen?

Wann dann och behaapt gëtt, datt am Géigesaz zu den Aarbechter op de Chantiere fir d‘Fussball Weltmeeschterschaft, hei kee säi Pass muss ofginn an och net brauch ëm Erlaabnes gefrot ze ginn, fir nees „Ausreesen“ ze dierfen, esou ass dat glat gelunn. Mee et ass och vill Prestige mat am Spill an d‘Regierung erhofft sech och ee wirtschaftlechen Impakt, firwat net alles ka behäerzegt ginn.

Nodeems de Franz Fayot als Wirtschaftsminister dann dem Deputéierte Marc Goergen (Piratepartei) endlech geäntwert huet, gëtt et puer Informatioune weider. De sozialistesche Minister, deen eigentlech eng kloer neoliberal Politik bedreift an och berufflech enk mat der Wirtschaft verknäppt ass, geet an der déift op déi him gestallt Froen an. Seng Äntwerte loossen sech net iwwerpréiwen.

Um Pabeier gesäit et dann awer emol esou aus: En Aarbechter sollt also ëm déi 300 Euro/Mount verdéngen (ass entspriechend der Qualifikatioun variabel) an hätt eng Krankekeess. De Patron assuréiert d‘Ernierung an d‘Kleedung. Et ass séchergestallt, datt all Sklav eemol am Joer fir eng bestëmmten Zäit a seng Heemecht dierf an och hei géifen d‘Reeskäschte vum Patron iwwerholl.

Handlaanger vun engem System de se selwer bekloen

Blöd ass et wann sech weder dat mat der Pai, nach mat der Krankeversécherung oder dem „Congé“ beweise léist. Als Affekot muss ee wuel en „anert“ Vertrauen un den Dag bréngen, wéi dat bei Gewerkschaftler a Journalisten de Fall ass, dofir gëtt dann och nach eng zolidd Schëpp nogeluecht. An eigentlech sollt domadder just den Intellekt vun deem wou d‘Fro gestallt huet beleidegt ginn.

Esou heescht et an der Äntwert weider: „en Aarbechtsdag sinn 8 Stonnen; e Maximum vun zwou Iwwerstonnen si ‚méiglech‘. D‘Iwwerstonne gi mat 100% bezuelt. Eng Aarbechtswoch huet sechs Deeg, an et dierf net méi wéi 60 Stonnen an der Woch geschafft ginn. D‘Leit sinn och ënnerbruecht an dat entspriechend de Reegele vun der „Expo Dubai 2020 Worker Welfare“. Och dat gouf gepréift.

Esou huet en Zëmmer am Duerchschnëtt 26 Quadratmeter, datt da vu 6 bis maximal 8 Aarbechter gedeelt gëtt. All Zëmmer ass klimatiséiert, huet fléissend Waasser, Miwwelen an Internet. De Sanitärberäich ass getrennt an et gëtt Gemeinschaftsraim fir Iessen, Bieden a Fräizäitgestaltung. Et leeft also alles esou, wéi d‘Decideuren sech et gewënscht hunn. Nokucke geet souwisou net.

Wien sech elo awer wéilt iergeren, datt Lëtzebuerg am „Ausland“ op Mënschen- a Aarbechtsrecht verzicht, sollt wëssen, et gëtt héijer Interesse wéi d‘Recht, d‘Gerechtegkeet oder de Respekt: an dat sinn de Goss an d‘Muecht. Wa Lëtzebuerg schonn näischt dru geleeën ass den EU-Institutiounen opzëerleeën sech un d‘Aarbechtsrecht ze halen, wéi kéimen se derzou dat zu Dubai ze verlaangen?

Illustratioun: © Rishab Lamichhane / unsplash

Ähnlech Sujeten Aarbechtsrecht, Daniel Sahr, Dubai 2020, Fränz Fayot, Lëtzebuerger Pavillon, Maggy Nagel, Mënscherechter, Sklaverei, Weltausstellung Dubai
Nächsten Artikel Virrechten Artikel