Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Trump als Mann vu Fridde begréisst
Money Neiegkeeten

Trump als Mann vu Fridde begréisst

Et war eng kuerz Visite déi den amerikanesche President an

Si sinn um beschte Wee sech selwer erauszegeheien
Money Neiegkeeten

Si sinn um beschte Wee sech selwer erauszegeheien

Wärend déi brittesch Regierung mat engem ëmstriddene Gesetzesentworf dem scho

Et solle méi Zich tëscht Wittlich a Lëtzebuerg zirkuléieren. Dobäi kënnt jidderee fir säin eegenen Trafic op!
Money Neiegkeeten

Et solle méi Zich tëscht Wittlich a Lëtzebuerg zirkuléieren. Dobäi kënnt jidderee fir säin eegenen Trafic op!

Eng Kéier d’Stonn soll den Zuch tëscht Lëtzebuerg a Wittlich

money

Weltausstellung zu Dubai soll eng Vitrinn vun de Lëtzebuerger Entreprise sinn

Weltausstellung zu Dubai soll eng Vitrinn vun de Lëtzebuerger Entreprise sinn

An engem knappe Joer ass et esouwäit, dat heescht et sech a Schuel geheien an zu Dubai e gudden Androck hannerloossen. Gëschter ass an der Handelskummer de wirtschaftleche Volet vum Pavillon virgestallt ginn.

Fir d‘Handelskummer ass d‘Weltausstellung mat sengen erwaarte 25 Millioune Visiteuren, eng eenzegaarteg Geleeënheet d‘Expertise vun de Lëtzebuerger Entreprisen der Welt virzestellen. An esou huet den Direkter vun der Handelskummer, Carlo Thelen, e Wirtschaftsprogramm presentéiert, deen e Spigelbild vun der Lëtzebuerger Ekonomie soll sinn. Et soll nach besser wéi Shanghai ginn.

A China, esou de Carlo Thelen, hätt ee sech 2010 méi op de lokale Maart konzentréiert, an dat soll zu Dubai anescht sinn. Hei huet sech d‘Handelskummer virgeholl d‘Weltaustellung als Zougang zur Welt ze notzen, woubäi et hei wuel éischter drëms geet neit Kapital op Lëtzebuerg ze lackelen, wéi datt Lëtzebuerger Entreprisen sech am Ausland ausbreede sollen. Wichteg ass et trotzdeem.

Net ze vergiessen, an dat huet den Direkter vun der Handelskummer treffend formuléiert, datt et tëscht den Arabeschen Emirater a Lëtzebuerg „Ähnlechkeete“ gëtt: béid Länner setze massiv op d‘Diversifizéierung vun hire wirtschaftlechen Aktivitéiten. International Kontakter knäppen an d‘Virdeeler vun de Kooperatiounen ervirhiewen, sollt den Entrepreneuren en Uleies sinn,.

Made in Luxembourg

Am Lëtzebuerger Pavillon zu Dubai heescht et Akzenter setzen. Akzenter a Punkto Knowhow a mam „Made in Luxembourg“ wëll d‘Handelskummer d‘Attraktivitéit vum Land ervirhiewen. Et geet dobäi natierlech och ëm déi nei Wirtschaftssecteuren. Esou de Secteur vun der Raumfaart, Biomedezin, Ekotechnologien, Architektur an natierlech d‘Gastronomie déi eenzegaarteg ass.

Dat heescht allerdéngs, datt ee sech muss ee gudde Programm zesummestellen, wann all Secteur soll entspriechend an Zeen gesat ginn. Et ass net dovunner auszegoen, datt eis Entreprisen – also zumindest déi wou do matmaachen dierfen oder kënnen – sech langweile wäerten. Mee et ass jo nach eppes Zäit bis dohinner. Fir unzefänke muss eise Pavillon jo och emol opgeriicht ginn.

Fir d‘Presidentin vum GIE spillt de „grousse Public“ awer och eng entscheedend Roll. Nieft de sécherlech wichtege „Geschäfter“, geet et jo op der Weltausstellung och drëms eist Land engem grousse Publikum ze presentéieren. An hei ass sech virgeholl ginn, déi fënnef Sënner besonnesch unzespriechen an dat an Harmonie mat der Geschicht vum Land a senger Zukunft ze bréngen.

Illustratioun: © Luxembourg Pavillon / Metaform

Ähnlech Sujeten Carlo Thelen, Dubai, Handelskummer, Made in Luxembourg, Maggy Nagel, Weltausstellung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel