Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

2017 war e gutt Joer fir Fraen am Kino
International Neiegkeeten

2017 war e gutt Joer fir Fraen am Kino

  D’Golden Globes sti virun der Dier. An anescht wéi

Tacheles: Filtere si feelerufälleg an entscheede falsch
International Neiegkeeten

Tacheles: Filtere si feelerufälleg an entscheede falsch

D’Julia Reda, Member vum Europäeschem Parlament, huet e Puer Fäll

dislike
De Pensiounsregimm gëtt zum Wahlkampfthema
International Neiegkeeten

De Pensiounsregimm gëtt zum Wahlkampfthema

Wann ee sech eens ass, datt de Wuesstem zu Lëtzebuerg

Weltbank versprécht Milliarde fir de Klima

200 Milliarde sollen tëscht 2021 an 2025 an de Klimaschutz fléissen

Weltbank versprécht Milliarde fir de Klima

Um haidege Méindeg huet d‘Weltbank d‘Mobiliséierung vu ronn 200 Milliarden US-Dollar, a Form vu Finanzementer fir den Zäitraum 2021-2025 ugekënnegt. Geld datt den Entwécklungslänner soll zerguttst kommen, fir sech dem Klimawandel ze erwieren.

Den Zäitpunkt fir dës Annonce ass net zoufälleg gewielt. Si gëtt gemaach, knapps datt déi 24. UN-Konferenz fir de Klima (COP24) a Polen ugefaangen huet. D‘Weltbank wëll domatter e wichtegt „Signal“ un d‘Weltcommunautéit riichten, ouni se direkt opzefuerderen, hir et gläich ze maachen.

Et ass en Ufank

Déi „entwéckelt“ Länner hu sech engagéiert, bis 2020 all Joer 100 Milliarden US-Dollar (aus privaten an ëffentleche Fongen) anzesetzen, fir den Entwécklungslänner eng Chance ze ginn hir klimapolitesch Ziler ëmzesetzen. D‘OECD ass awer net iwwerzeegt, a weist drop hin, datt d‘Länner aus dem “Süden“, wiesentlech méi Engagement vun de Länner aus dem „Norden“ fuerderen.

Vun den 200 Milliarden déi d‘Weltbank haut an de Raum gestallt huet, kommen dann och nëmmen 100 Milliarden direkt aus hire Fongen. Déi aner Hallschent, gëtt zu engem Drëttel duerch Fonge vun zwou Agencen – déi vum Grupp Weltbank ofhängeg sinn – an zu zwee Drëttel duerch privat Fongen abruecht, erkläert den John Roome, dee sech op der Weltbank mam Klima beschäftegt.

Hie preziséiert, datt dat 35% vun alle Finanzementer duerstellt. „Dat sinn ongeféier 40 Milliarden d‘Joer, dovunner 27 Milliarden aus direkte Fongen. Während dem fiskalesche Joer 2018 (Juli 2017/Juni 2018) huet d‘Weltbank 20,5 Milliarden US-Dollar fir Klima-Finanzementer engagéiert, an am Schnëtt 13,5 Milliarden am Joer, fir den Zäitraum 2014-2018“, esou de John Roome.

Firwat de Goss agesat gëtt

De Gros vun de Finanzementer fir de Klima, fléisst an Aktiounen, déi geduecht sinn d‘Emissioune vun Zäregas ze reduzéieren. Dat notamment duerch d‘Entwécklung vun den erneierbaren Energien. Fir d‘Period 2021-2025 huet d‘Weltbank drop bestanen, datt méi Geld muss fir d‘Ënnerstëtzung an Moossname géint déi klimatesch Verännerungen, investéiert ginn.

„Mir musse sécherlech d‘Ursaache bekämpfen, mee et de Länner och erméiglechen, sech de Konsequenze vum Klimawandel unzepassen. Konsequenzen, déi besonnesch fir déi ‚aarm Länner‘ ëmmer dramatesch sinn“, stellt d‘Kristalina Georgieva, Generaldirektesch vun der Weltbank, fest. Esou gi 50 Milliarde vum eegenen direkte Fong, integral fir „Adaptatioun-Projeten“ agesat.

De Mieresspigel klëmmt, et gëtt Iwwerschwemmungen en Masse, dann nees d‘Dréchent… Am häertste betraff sinn d‘Entwécklungslänner, déi sech der klimatescher Zerstéierung net erwiere kënnen. Geld dat gebraucht gëtt: fir Diguen a soss infrastrukturell Moossnamen, oder nëmmen d‘Aféierung vu Systemer, fir d‘Mënschen ze alertéiere wann d‘Meteo nees verréckt spillt.

Et gëtt esou lues richteg waarm

Interessant, de Fait, datt den John Roome, eng aner Expertise wéi déi grouss Majoritéit vun de Fuerscher a Wëssenschaftler huet, déi d‘Katastroph scho bei +1,5°C viraussoen. Hie mengt: „Och wann et eis geléngt d‘Äerderwiermung op +2°C ze begrenzen, esou wësse mir, datt déi Moyenen déi mussen agesat ginn, a Länner wéi dem Tschad, Mosambik oder Bangladesch, enorm sinn“.

Dofir läit hien dann nees mat senger Feststellung richteg, wann hie seet: „Wa mir d‘Emissiounen elo net reduzéieren, a Moossnamen ergräifen déi eng Adaptatioun erméiglecht, dann hu mir bis 2030 honnert Millioune Mënsche méi, déi an Aarmut liewen“. D‘Zuel vun de Klimaflüchtlinge gëtt bis 2050, eleng fir Afrika, Asien a Latäinamerika, op 143 Millioune Mënsche geschätzt.

Zu Katowice hunn sech Vertrieder aus bal 200 Länner Rendez-vous ginn (et sinn nëmmen 30 Staats- oder Regierungscheffen déi deel huelen) déi bis de 14. Dezember, d‘Reegele vun der Uwennung vum Paräisser Accord (COP21) finaliséiere wëllen. Wa gewosst ass, datt d‘USA sech net un dësem „Projet“ bedeelegen an d‘Länner „aner“ Suergen hunn, weess een dat net gelénge kann.

mat AFP

Foto: De Weekend huet zu Katowice a Polen, déi 24. Weltklimakonferenz ugefaangen. Nach ëmmer gëtt sech mam Paräisser Accord befaasst, deen derzou sollt bäidroen, datt een de Klimawandel an de Grëff kritt. Ouni d‘Industrienatiounen, an dozou gehéieren d‘USA, ass dat net ze realiséieren. Iwwerhaapt, geet zanter Jore méi „gebraddelt“ wéi tatsächlech ënnerholl an ëmgesat. © cop24.gov.pl

Ähnlech Sujeten Äerderwiermung, COP24, Katowice, Klimakonferenz, Klimawandel, Polen, Weltbank
Nächsten Artikel Virrechten Artikel