Covid-19: D’Gemeng Käerjeng informéiert seng Bierger
Am Kampf géint den neiaartege Coronavirus Covid-19 huet de Käerjenger
Am Kampf géint den neiaartege Coronavirus Covid-19 huet de Käerjenger
Nach ni ass op der Welt esouvill Geld an d‘Rëschtung
Si sinn kleng, bréngen awer eng riseg Leeschtung, mat där mir all Dag, ouni et matzekréien, konfrontéiert ginn. Eng Welt ouni déi schwaarz-giel gesträift Insekte ass ondenkbar. Net nëmmen dréit d’Bestëbsung duerch Beien zur Liewensmëttelsécherheet bäi, och eis Biodiversitéit gëtt erhalen.
Bal 90 % vun eise wëlle Planzen si ganz oder zum Deel ofhängeg vun der Bestëbsung duerch Beien, Päiperleken, Fliedermais an aner Déiercher. Ganzer 75 % vun eisem Iesse ka just duerch si wuessen, an och d’Landwirtschaft profitéiert vun de Bestëbser. Ee Verloscht vu Beien geet soumat mam Verloscht vu Biodiversitéit anhier.
Op der ganzer Welt ass ee Réckgang an de Beievolleker ze bemierken. D’Ursaachen, déi zum Beiestierwe bäidroen, si villsäiteg:
Op der Säit vun de Vereenten Natiounen zum Weltbeiendag ginn eng Rei Ureegungen presentéiert, fir esou der Bei an dem ganze Secteur ënnert d’Ärem ze gräifen. Ënnert anerem gëtt dozou geroden, vill verschidden heemesch Blummen ze setzen, an dat iwwert dat ganzt Joer verdeelt. Ma, och si brauche Waasser, wouduerch eng kleng Schossel vum killen Naass net verkéiert ass.
Am eegen Gaart solle Pestiziden, Herbiziden a Fungizide vermeit ginn an och Kolonien vu wëlle Beien musse geschützt ginn. Iwwert d’Ënnerstëtze vum lokalen Imker an nohaltege Bauer freet sech net just d’Landwirtschaft, mee och de schwaarz-giele Bestëbser.
Gläichzäiteg ginn d’Regierungen opgefuerdert, d’Participatioun vu lokale Gemeinschaften ze fërderen, wa si zum Respekt vum Ekosystem an der Biodiversitéit bäidroen.
© Jan Tinneberg / Unsplash
Ma, un dësem Dag am Joer 1734 ass den Anton Janscha gebuer ginn. Bekannt gouf hien als Imkermeeschter um Haff vum Maria Theresia zu Wien. Hien huet déi sougenannt Zargenbetribsweis erfonnt, bei där d’Wabe vum Beiestack ouni Problemer verréckelt kënne ginn. Donieft war de Janscha Direkter vun der éischter Imkerei-Schoul an huet zu Liefzäiten zuelräich Bicher iwwert d’Imkerei an d’Ziichte vu Beien verëffentlecht.
Am Joer 2014 huet dunn ee sloweneschen Imkerverband, mat Ënnerstëtzung vun der slowenescher Regierung, den Aktiounsdag fir d’Bei an d’Liewe geruff. Knapp 4 Joer méi spéit hunn och déi Vereenten Natiounen de Weltbeiendag ausgeruff a soumat een offiziellen an internationalen Aktiounsdag geschaaft.
Et ass net just eng Bei, net nëmmen een Insekt, dat sech heiansdo mol méi genee eisen Äppeljus ukuckt a ronderëm d’Blummen um Balcon schwieft. Dat klengt Déierchen vollbréngt eng immens Aarbecht. Elo ass et un eis si ze schützen, fir eiser aller Iwwerliewen.
Opmaacherbild: © Damien TUPINIER / Unsplash