Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Alles fir d’Kaz um Internationale Kazendag?
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Alles fir d’Kaz um Internationale Kazendag?

Alles muusseg oder wat? Um haitegen Internationale Kazendag dréit sech

money
Och d‘Start-up Entreprise kréie gehollef
Kultur Neiegkeeten

Och d‘Start-up Entreprise kréie gehollef

Nodeems d‘FLSU (dat ass de Verband vun de Start-up Entreprisen)

EU-Mobilitéitspak: déi éisträichesch Propose ass besuergnesereegend
Kultur Neiegkeeten

EU-Mobilitéitspak: déi éisträichesch Propose ass besuergnesereegend

Eng Delegatioun vum Transportsyndikat ACAL-OGBL an der europäescher Federatioun vun

Et gëtt fiicht: De Weltdag zum Schutz vun de Fiichtgebidder

Et gëtt fiicht: De Weltdag zum Schutz vun de Fiichtgebidder

Liewe gedeit an de Fiichtgebidder. Am Kader vum weltwäiten Dag vun de Fiichtgebidder 2020 gëtt dofir op den Zesummenhang mam Aarteräichtum opmierksam gemaach an den Notze fir eis Mënsche verdäitlech. Dobäi spillen ënnert anerem och Waasserknappheet, de Schutz virun Iwwerschwemmungen a Klimawandel eng essentiell Roll. Passend zu dësem Aktiounsdag huet och natur&ëmwelt eng Aktivitéit geplangt.

Ganzer 40 % vun allen Aarte liewen oder bréien a Fiichtgebidder. Doriwwer hinaus verdéngen sech iwwer 1 Milliard Mënschen hire Liewensënnerhalt, ënnert anerem duerch eis Ernierung (Fësch, Räis, Séitang a méi). Do wou Waasser absorbéiert a gespäichert gëtt, viru Stierm geschützt gëtt a Schuedstoffer am Waasser reduzéiert ginn, profitéiere Mënsch an Déier. Zuelräich Punkte schwätze fir den Erhalt vum fiichte Biotop a soumat sollt dës Gebidder, déi sech dauerhaft un den Iwwerschoss vu Waasser ugepasst hunn, och konsequent geschützt ginn.

Fiichtgebidder

© YellowWaters / worldwetlandsday.org

Ka Lëtzebuerg säi Beitrag leeschten?

Eng Etüd vun de leschten 150 Joer huet beluecht, datt eng ganz Rei Vullenaarten, déi enk u Fiichtgebidder gebonne sinn, zu Lëtzebuerg ausgestuerwen (Blobrëschtchen, Wäisse Storch) oder extrem rar gi sinn (Summerint, Kleng Dommel). Soumat huet och ee klengt Land eng grouss Verantwortung vis-a-vis vun der heemescher Fauna ze droen. Zesumme mat de sougenannte Ramsar-Schutzgebidder am Groussherzogtum (Haff Réimech a Stauséigebitt), probéiert een elo senger Verantwortung gerecht ze ginn.

Um 2. Februar luet natur&ëmwelt an, dës zwee bedeitend national Fiichtgebidder besichen ze goen:

  • Wanter am Haff Réimech
    Sonndes, den 2. Februar um 9:30 Auer beim Biodiversum Rëmerschen
    Waarm Kleedung a passend Schong, sou wéi ee Fernglas sollt een dobäi hunn. Hënn sinn net zougelooss
    Umeldung ënnert der Telefonsnummer 24 75 65 31.
    Dauer: 2 Stonnen.
  • Een Tour duerch d’Naturschutzgebitt Schlammwiss-Brill
    Sonndes, den 2. Februar um 9:00 Auer um Parking vum Fussbakksterrain Uewersyren
    Gëeegent Schong a Kleedung, wéi ee Fernglas si vu Virdeel. Hënn sinn net zougelooss. Den Zougang mat ëffentleche Verkéiersmëttel ass iwwert d’Mënsbecher Gare méiglech.
    Umeldung ënnert der Telefonsnummer 621 293 695 oder j.p.schmitz@luxnatur.lu
Fiichtgebidder

© TownsvilleTownCommon / worldwetlandsday.org

Ramsar-Konvention: Zum Schutz vun de Fiichtgebidder

De wéinegste Leit dierft d’Wuert Ramsar geleefeg sinn, nach kenne vill Mënschen déi wichteg Ziler vum Dokument, wat 1971 verfaasst ginn ass. Schonn deemools war et den Naturschützer kloer, datt grad d’Vullewelt vun de Fiichtgebidder uerg bedreet ass. Mee grad dës Biotope sinn net nëmme fir Waasser- a Watvullen, mee och fir eng ganz Rei un Amphibien, Mamendéieren, Päiperleken a Libellen déi eenzeg Iwwerliewenschance.

Esou si beispillsweis Zuchvullen aus nërdleche Regiounen op waasserféierend Gebidder an Afrika a Südasien ugewisen, fir de Wanter ze iwwerliewen. All Memberstaat, deen d’Konventioun ënnerschriwwen huet, verflicht sech op mannst ee bedeitend Fiichtgebitt vu sengem Land als Ramsargebitt ze schützen.

Mëttlerweil hunn 171 Partner d’Dokument ënnerschriwwen. Bis ewell konnten esou weltwäit 2.375 Gebidder als Ramsarschutzgebidder ausgezeechent ginn, wat 253.614.461 Hektar representéiert.

Opmaacherfoto: © worldwetlandsday.org

Ähnlech Sujeten Aartenräichtum, Biodiversitéit, Biodiversum Rëmerschen, Fiichtgebidder, Lëtzebuerg, natur&ëmwelt, Ramsar-Konventioun, Schlammwiss, Vullenaarten, Weltdag zum Schutz vun de Fiichtgebidder, World Wetlands Day
Nächsten Artikel Virrechten Artikel