Search

You may also like

Nëmmen e Mëssverständnes?
International Neiegkeeten

Nëmmen e Mëssverständnes?

Eng Regentin an eng Damm déi et gäre „riicht eraus“

Fléiend Belugaen – D’Cargolux transportéiert elo Walen
International Neiegkeeten

Fléiend Belugaen – D’Cargolux transportéiert elo Walen

Déi féierend Airline Cargolux deelt mat, datt si zesumme mat

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 8)
International Neiegkeeten

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 8)

Fir d’Period vum Deconfinement méi angenehm ze gestalten, schafft d’Ekipp

Weltdag vum Hireschlag – Well all Minutt zielt!

Weltdag vum Hireschlag – Well all Minutt zielt!

Den Hireschlag ass eng Duerchbluddungsstéierung am Gehir, déi esou séier wéi méiglech vun engem Medeziner behandelt muss ginn. Opgrond vu Sauerstoffmangel kann et soss dozou kommen, datt ze vill Gehierzellen ofstierwen. Pro Minutt stierwen 2.000.000 Neuronen a schonn no ongeféier no 15 bis 20 Minutten kann et ze spéit sinn.

De Patient ka geläämt bleiwen, Sproochstéierungen entwéckelen oder souguer stierwen. E kënnt vun engem Moment op den aneren. Leider ginn et och keng konkret Warnzeechen, déi op all Persoun zoutreffen. Vum liichte Kribbelen an de Fanger, hin zu Problemer beim Schwätzen – éischt Symptomer fale souguer de Leit ronderëm net onbedéngt direkt op.

Eng séier Reaktioun ass wichteg

Eleng wann e Verdacht besteet, sollt een direkt eng Ambulanz ruffen. An engem éischte Schrëtt kontrolléieren d’Rettungskräfte d’Vitalfunktioune vum Patient. Am Spidol gëtt een da weider behandelt, mee leider musse vill Betraffener de Rescht vun hirem Liewe betreit ginn. Anerer erhuelen sech nees vollstänneg.

Heefeg Symptomer sinn:

  • Akut Schwächt oder Lämung op enger Kierpersäit
  • Sproochschwieregkeeten
  • Stéierungen beim Kucken
  • Schwindel
  • Kappwéi
  • Bewosstlosegkeet

Typesch ass och e Mondwénkel deen erofhänkt – oder en ageschlofene Fouss. Dat kann allerdéngs och variéieren, alles hänkt dovunner of, wéi eng Regioun vum Gehir (a wéi schwéier) betraff ass. Tatsaach ass, datt ongeféier all 3 bis 4 Minutten iergendwou e Mënsch op der Welt en Hireschlag huet. A wann e Pech huet a fir e Panzvollist gehale gëtt, kënnt leider all Hëllef ze spéit. Et stëmmt och net, datt just eeler Mënsche en Hireschlag erleide kënnen, och bei Jonke kann esou e Schlag optrieden.

Hireschlag

Blëtz Asbl – D’Lëtzebuerger Associatioun fir Betraffener vun engem Hireschlag

Zu Lëtzebuerg bitt d’Blëtz Asbl Hëllef fir Betraffener a Familljememberen. Zil vun der Associatioun ass et Persoune mat engem Hireschlag ze hëllefen, andeems si de Patienten, Familljen a Frënn Hëllef an Ënnerstëtzung ubidden. Si suergen dofir, datt de Betraffenen sech nees an d’Gesellschaft integréiert a verbesseren esou d’Liewensbedingunge vun hirem Ëmfeld.

Eng weider Aufgab ass och d’Ëffentlechkeet ze informéieren an ze sensibiliséieren. Ausserdeem fërdert dës Associatioun déi medezinesch a wëssenschaftlech Fuerschung, déi sech mat dësem Thema beschäftegt.

Also – passt op Iech op an huelt Är Gesondheet net op déi liicht Schëller!

Related topics Ambulanz, Blëtz Asbl, Lämung, Nervenzellen, Sauerstoffmangel, Sproochstéierung, Weltdag vum Hireschlag
Next post Previous post