Police vu Rotterdam entdeckt Migranten am Killcontainer
An engem Killcontainer op enger dänescher Fähr huet déi Rotterdamer
An engem Killcontainer op enger dänescher Fähr huet déi Rotterdamer
Nodeems d’Marie-Jeanne Chèvremont-Lorenzini iwwer 20 Joer d’Féierung vu Women in
Tëscht dem Donald Trump an dem Kim Jong-un herrscht Äiszäit.
Zum Weltdag ouni Tubak relancéiert d’Santé nees seng Sensibiliséierungscampagne, déi ënnert anerem op Longekrankheeten opmierksam mécht. Donieft geet den Appell un d’Fëmmerten eraus, fir de Konsum ze reduzéieren oder, am beschte Fall, ganz opzehalen. Heivir gi speziell Programmer ugebueden, fir vun der Drog ewech ze kommen.
Fir eis Gesondheet an eist Wuelbefanne spillen d’Longen eng essentiell Roll. Net nëmme versuerge si eise Kierper mat Sauerstoff – esou maache si och alldeeglech Beweegungen, wéi goen, lafen oder einfach wibbelen, méiglech. D’Suitte vum Tubak op eis Longe sinn dobäi dramatesch:
Duerch déi aktuell sanitär Kris dierf een Otemproblemer, an domadder och d’Suitte vum Tubakskonsum net vernoléissegen. Där Meenung ass och d’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO), déi ugëtt, datt Fëmmerten eng schlëmmer Form vun der Covid-19-Erkrankung entwéckele kënnen, wéi Net-Fëmmerten. Donieft klëmmt de Risiko vu Komplikatioune bei der Behandlung vum Virus.
D’Ausso, datt den Nikotinkonsum de Risiko u Covid-19 ze erkranken erof schrauwe géif, wëll een net bestätegen. Aktuell géif et heivir kee wëssenschaftleche Beweis ginn.
© Ray Reyes / Unsplash
Schonn 48 Stonnen nom Ophale mat Fëmmen kritt de Kierper nees méi Sauerstoff an d’Ootemfunktioun verbessert sech. Gutt ee Joer nom Ophalen ass d’Ootmung nees an engem normalen Zoustand an de Risiko een Häerzinfarkt ze kréien, geet ëm d’Halschent erof. De Risiko u Longekriibs ze erkranke geet no 10 Joer ouni Tubak ëm d’Halschent zeréck, an 20 Joer méi spéit ass een um selwechten Niveau wéi een Net-Fëmmert.
Wien ophält, gëtt net eleng gelooss. Am Joer 2008 huet de Gesondheetsministère zesumme mat der CNS ee Programm opgestallt, fir esou Persounen ze encouragéieren, déi mam Fëmmen ophale wëllen. Déi medikamentéis Traitementer ginn zum Deel vun der Santé zeréckbezuelt an eng professionell Begleedung kann een och zur Säit gestallt kréien. Weider Informatiounen dozou ginn et op www.tabac-stop.lu.
An dësem Kader huet d’Fondation Cancer een interessanten Interview mat fréiere Fëmmerten gefouert a si gefrot, wéi et war, fir opzehalen. Dës Gespréicher fannt Dir HEI.
Opmaacherbild: © Amritanshu Sikdar / Unsplash