Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-Budget 2021: President wëll Geld fir seng Mauer an nei Atomwaffen
International Kultur Neiegkeeten

US-Budget 2021: President wëll Geld fir seng Mauer an nei Atomwaffen

An der Nuecht huet Donald Trump am Kongress säi Budgetsentworf

Fir den Engagement an d’Higab zu Gonschte vun der Heemescht
International Kultur Neiegkeeten

Fir den Engagement an d’Higab zu Gonschte vun der Heemescht

Am Kader vun de Festivitéite fir Nationalfeierdag huet de Premier

De Premier an d‘Gesondheetsministesch op Visitte
International Kultur Neiegkeeten

De Premier an d‘Gesondheetsministesch op Visitte

Den Triage-Zenter vum CHL, dee neie Scanner fir d‘Covid19-Patienten, d‘Zelter

Weltdag vum Buch: Esou gëtt d’Liesen gefeiert

Weltdag vum Buch: Esou gëtt d’Liesen gefeiert

Mam Weltdag vum Buch um haitegen 23. Abrëll ginn d’Liesen, d’Bicher an d’Auteursrechter gefeiert. Den UNESCO-Aktiounsdag soll dobäi vu literaturbegeeschterte Persounen, iwwert Librairien, bis hin zu Schoulen een Ustouss ginn, fir déi gemeinsam Leidenschaft zum Buch ze deelen an och Anerer mat dëser Passioun unzestiechen.

„Wa mir liesen, distanzéiere mir eis net vun der Welt, mir kommen hir méi no. Mat Hörbicher kënne mir eis och an Nuechten ouni Schlof oder erzwongenen Zäiten am Stau entspaant den Erfarungen ëffnen, déi anerer fir eis gemaach hunn. Liesen an Nolauschteren sinn déi wierksamst Akten vum Widderstand géint d’Rausche vum Elo“, erkläert den Dr. Roland Bernecker, Generalsekretär vun der Däitscher UNESCO-Kommissioun.

Weltdag vum Buch

Sam Tanson – meng Säit / Facebook

Och d’Lëtzebuerger Kulturministesch Sam Tanson hieft d’Wichtegkeet vun der Literatur ervir. Op Facebook schreift si: “De Motto vun der 20. Editioun vun de Lëtzebuerger Journées du livre et du droit d’auteur “E neien Ufank” verstinn ech als eng Aluedung eis iwwer d’Bicher an d’Literatur nei z‘erfannen fir gestäerkt aus der aktueller globaler Kris erauszegoen. Ech sinn iwwerzeegt datt d‘Buch eng vun eise stäerkste Waffen ass fir déi sozial Lienen erëm hierzestellen, eis Kreativitéit z‘entwéckelen an de kulturellen Austausch ze fërderen. Et ass elo a méi wéi jee den Ament fir eis d’Wichtegkeet vun de Bicher an der Literatur virun A ze féieren.

All deene Kulturschafenden aus dem Buchsecteur déi den Ament vun hirem Public getrënnt sinn, a wéi vill anerer an hirer Aarbecht virun neien Erausfuerderunge stinn, soen ech e grousse Merci fir hiren onermiddlechen Asaz an hire grousse Bäitrag fir d’Kultur an de lëtzebuerger Patrimoine.

Ech invitéiere jiddereen de räichen online Programm vun de Journées du livre et du droit d’auteur z’entdecken. Ech hunn dovu profitéiert fir e Bléck an der José Ensch hier Gedichter ze werfen, meng fréier franséisch Proff, an eng vun de Persounen déi meng Léift zur Literatur stimuléiert huet.

“Tenace, la terre
sous l’infini …
Les puits du ciel
abreuvent la soif
pour la dernière récolte

Les arbres n’ont pas perdu leurs feuilles
mais bientôt leur nudité
te fera réfléchir
devnt les villes enceintes
de conscience révoltée

Tenace, la terre
sage comme les clochers et les montres
sans référence aucune.”
Les façades, éd Estuaires, 2009″

Weltdag vum Buch

Grad elo wou d’Schoule zou sinn an d’Bevëlkerung seng Zäit dobausse staark limitéiere muss, kënnt d’Stäerkt vun de Bicher nees ervir. Liesen ass nämlech net nëmmen den ideale Moyen, fir d’Isolatioun ze iwwerbrécken, a Geschichten anzedauchen an d’Protagoniste vun de Bicher kennenzeléieren.

Duerch d’Opsuckele vun Texter a Geschichte ginn tëschemënschlech Brécke gebaut, eisen Horizont erweidert, d’Kreativitéit an d’Denken stimuléiert,gläichzäiteg awer och Wëssen vermëttel. Virun allem bei de Kanner ass et wichteg, d’Léift zur Literatur scho fréi opzebauen an hinnen domat ee Cadeau fir d’Liewen ze maachen.

Ma, och d’Pandemie kann dem Weltdag vum Buch an den Auteursrechter näischt doen: Bicher a Geschichte mat aneren ze deelen, bréngt d’Mënsche weltwäit am Geescht zesummen.

Weltdag vum Buch

© Road Trip mam Raj / Unsplash

Léift a Passioun sollt gedeelt ginn

Schonn de ganze Mount iwwer huet d’UNESCO Zitater, Gedichter a Messagen gedeelt, déi symbolesch fir d’Kraaft vun de Bicher stoen an zum Liesen encouragéiere sollen. Duerch d’Gemeinschaft, déi sech dobäi opdeet, kann d’Gefill vum Eleng-Sinn reduzéiert ginn.

D’UNESCO rifft dofir Studenten, Léierpersonal a Literaturbegeeschterter, wéi och d’Librairien an d’Bicherindustrie op der ganzer Welt dozou op, d’Léift zum Liesen auszedrécken an dat eent oder anert Liiblingswierk der Ëffentlechkeet virzestellen. Op de soziale Medien kann ee säi positive Message mat den Hashtags #StayAtHome a #WorldBookDay ze verknäppen.

Weltdag vum Buch

© Ben White / Unsplash

Wisou dësen Datum

Den 23. Abrëll ass de katalaneschen Namensdag vum hellege Georg. Inspiréiert vu senger Higab ginn a verschiddene Länner un dësem Dag Rousen a Bicher verschenkt. Iwwert dëse Brauch hinaus gëtt et awer nach ee weidere Grond, mat besonneschem Hannergrond, fir grad um haitegen Dag de Weltdag vum Buch ze zelebréieren.

T’ass nämlech den Doudesdag vum William Shakespeare (1564-1616) a Miguel de Cervantes (1547-1616). Mat grousse Klassiker, wéi Hamlet, Romeo a Julia oder och Ein Sommernachtstraum gëllt den engleschen Dramatiker, Lyriker an Acteur William Shakespeare zu de ganz Grousse vun der Weltliteratur. Nach haut gi seng Wierker reegelméisseg opgefouert an duerfte souguer verfilmt ginn.

Mam Don Quijote – mir all kennen de Ritter, dee géint d’Wandmille gekämpft huet – ass de spuenesche Schrëftsteller Miguel de Cervantes an d’Geschicht agaangen. Méi zu hinnen zwee gitt Dir awer um Weekend gewuer.

Wéi eent ass Äert Liiblingsbuch? Wéi engem Auteur seng Wierker liest Dir am Léifsten? Deelt Är Erfarungen a Leidenschaft!

Opmaacherbild: © UNESCO


Dësen Artikel ass Deel vun eiser Aktiounswoch zum Weltdag vum Buch an den Auteursrechter.

Ënnert dem Motto „New beginnings – En neien Ufank“ soll, duerch d’Literatur, den Enthusiasmus fir een Neistart lassgekiddelt ginn. Wou zu Lëtzebuerg eigentlech, iwwert eng ganz Woch verdeelt, déi verschiddenst Evenementer an Aktivitéiten zum Thema Buch a Literatur organiséiert ginn, huet een d’Aktiounsdeeg an den Internet verlagert. Online gëtt esou d’Fërderung vum Liesen an d’Verbreede vu Wëssen ervirgehuewen, fir esou op nei Fantasie-Zich opzesprangen.

Artikelen an dësem Kader:

Ähnlech Sujeten Ënnerhalung, Geschichten, Librairie, Literatur, Miguel de Cervantes, Schoul, UNESCO, Weltdag vum Buch, Weltdag vum Buch an den Auteursrechter, Wëssen, William Shakespeare
Nächsten Artikel Virrechten Artikel