Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eragekuckt: Ass déi Rout Bréck och bannen rout?
International Kultur Neiegkeeten

Eragekuckt: Ass déi Rout Bréck och bannen rout?

Um haitege Mueren ass d’Press invitéiert ginn, fir mam Chef

dislike
Keng Jamaikakoalitioun fir eis däitsch Noperen
International Kultur Neiegkeeten

Keng Jamaikakoalitioun fir eis däitsch Noperen

Et ass komm wéi et huet misse kommen. Déi sëlleche

Giel Gileten Akt VIII: ass et nach Protest oder scho Revolutioun?
International Kultur Neiegkeeten

Giel Gileten Akt VIII: ass et nach Protest oder scho Revolutioun?

Am Frankräich sinn d‘Feierdeeg eriwwer, zumindest fir de Mouvement vun

Weltdag vum Buch an den Auteursrechter 2020: En neien Ufank

Vum 20. bis de 26. Abrëll 2020

Weltdag vum Buch an den Auteursrechter 2020: En neien Ufank

Déi dësjäreg Editioun vum Weltdag vum Buch an den Auteursrechter wäert an digitaler Form stattfannen. Ënnert dem Motto „New beginnings – En neien Ufank“ soll, duerch d’Literatur, den Enthusiasmus fir een Neistart lassgekiddelt ginn.

Wou am Hierscht 2019 d’Thema ausgewielt ginn ass, hat wuel nach kee mat der aktueller Covid-19-Pandemie gerechent. Sollt, trotz sanitärer an humaner Kris, de Motto trotzdeem bäibehale ginn? No laangen Iwwerleeungen huet den Organsiatiounscomité decidéiert, datt den Neiufank grad elo aktuell ass an eng essentiell Roll spillt.

Egal wat geschitt, d’Geschicht ass gepräägt vu Schlësselelementer an Ereegnisser, déi souwuel erfreelech, wéi awer och bedréckend kënne sinn. Wichteg ass et awer, datt ee sech vun der Vergaangenheet léist – Tabula Rasa also – a sech nei erfënnt, fir esou mat Energie nees duerchzestarten.

Grad elo ass d’Weltbevëlkerung mat enger eegener Reflexioun beschäftegt, wat wahrscheinlech och déifgrënneg Ännerunge mat sech brénge wäert. Kann et esou schonn zum neien Ufank kommen? Ze hoffe wier et op alle Fall.

Weltdag vum Buch

© Laëtitia Buscaylet / Unsplash

UNESCO: Et sollt een trotz allem feieren

„Méi wéi jeemools virdrun, zu enger Zäit wou déi meescht Schoule ronderëm d’Welt zou sinn an d’Leit hir Zäit dobausse limitéiere mussen, sollt d’Kraaft vun de Bicher den Hiewel ëmleeën, fir esou d’Isolatioun ze bekämpfen, Verbindungen tëscht de Mënschen ze stäerken, Horizonter ze erweideren, wärend eis Gedanken a Kreativitéit stimuléiert ginn“, esou d’UNESCO zum Weltdag vum Buch an den Auteursrechter.

Wou zu Lëtzebuerg eigentlech, iwwert eng ganz Woch verdeelt, déi verschiddenst Evenementer an Aktivitéiten zum Thema Buch a Literatur organiséiert ginn, huet een d’Aktiounsdeeg an den Internet verlagert. Online gëtt esou d’Fërderung vum Liesen an d’Verbreede vu Wëssen ervirgehuewen, fir esou op nei Fantasie-Zich opzesprangen.

Weltdag vum Buch

© UNESCO

Ob Zitater, Gedichter, Buchpresentatiounen oder Ähnlechem, Dir sitt häerzlech invitéiert Är Erfarung a Begeeschterung ze deelen. Weltwäit gëtt op de soziale Medien heivir den Hashtag #WorldBookDay benotzt.

De komplette Programm fannt Dir op der Säit vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik, op www.liesen.lu an op der Facebook-Säit zum Weltdag vum Buch an den Auteursrechter 2020.

Wat een onbedéngt nach wësse sollt

De Weltdag vum Buch fënnt weltwäit um 23. Abrëll 2020 statt. Ma, dësen Dag ass allerdéngs keen Zoufall: Am Joer 1995 huet een, bei der Generalversammlung vun der UNESCO, dem William Shakespeare a Miguel de Cervantes hiren Doudesdag als symboleschen Datum ausgewielt, fir esou d’Literatur an d’Auteuren global ze éieren.

Als eent vun den eelste Kommunikatiounsmëttel a säin Déngscht an der Verbreedung vu Wëssen a Kultur, bleift d’Buch trotz digitaler Ära een essentiellt Mëttel. Jiddwereen soll encouragéiert ginn, d’Freed um Liesen nees opliewen ze loossen, de Schafensprozess vun Texter a Bicher kennenzeléieren a méi zu den Auteursrechter gewuer ze ginn.

Weltdag vum Buch

Ähnlech Sujeten BnL, Buch, Coronavirus, Covid-19, Liesen, Literatur, Miguel de Cervantes, Nationalbibliothéik, New beginnings – En neien Ufank, UNESCO, Weltdag vum Buch an den Auteursrechter, William Shakespeare, WorldBookDay
Nächsten Artikel Virrechten Artikel