Grandbrothers um Siren’s Call 2019
Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s
Aus operationelle Grënn muss op der Linn 60, d‘Streck tëscht
Fir eis Polizisten ass et den Ament och alles anescht
Zënter 1980 huet d’Zuel u Persounen, déi un Diabetis leiden, sech quasi vervéierfacht. Dës extrem Erhéijung ass ze erklären duerch Iwwergewiicht, Fettsucht an kierperlech Inaktivitéit. Eleng zu Lëtzebuerg liewe 25.000 Persoune mat der chronescher Stoffwiesselerkrankung, déi sech duerch een dauerhaft erhéichte Bluttzockerspiggel äussert. An de meeschte Fäll handelt et sech dobäi ëm den Typ 2, deen duerch déi grad genannte Grënn ausgeléist gëtt, an net duerch eng Autoimmunerkrankung wéi beim Typ 1.
„Wa mir d’Viruschreide vun dëser Krankheet, virun allem beim Diabetis Typ 2, verhënnere wëllen, musse mir eis alldeeglech Gewunnechten iwwerdenken, wat dann heescht eng gesond Ernierung ëmzesetzen, reegelméisseg kierperlech Aktivitéiten auszeüben, een Normalgewiicht ze halen an mat fëmmen opzehalen“, sou de Gesondheetsminister Étienne Schneider.
Bei engem vu véier Erwuessene gëtt den Diabetis Typ 2 net festgestallt an domat och net behandelt. En fréizäiteg Erkennung dréit dozou bäi, datt duerch eng passend Behandlung schlëmmer Komplikatiounen a käschtespilleg Agrëff verhënnert kënne ginn. Dobäi sollt gewosst sinn, datt déi chronesch Erkrankung net heelbar ass, mee just traitéiert a kontrolléiert ka ginn.
Duerch ee Manktem oder ee Feeler beim Ausschëdde vum Hormon Insulin kann de Kierper den Zocker net als Energiequell notzen. Ass dat de Fall kann een d’Erkrankung am Blutt noweisen. D’Net-Behandele vum Diabetis ka sech am schlëmmste Fall spéider duerch een Häerzinfarkt, Erkrankunge vun de Koronararterien, Niereninsuffisenz oder och Verstoppung vun den Arterien äusseren.
Scho fir eng zweete Kéier gesäit déi internationale Federatioun vum Diabetis (FID) mam Thema „D’Famill an den Diabetis“ fir, déi wichteg Roll vun der Famill am Zesummenhang mat der Erkrankung ervirzehiewen. Dat geschitt op 3 Niveauen:
Fir d’Ëffentlechkeet unzezéien an d’Bierger zum Thema ze informéieren, sief et zur Preventioun, dem Traitement oder der Gestioun, organiséieren de Gesondheetsministère, d’ALD, d’Lëtzebuerger Societéit vun den Diabetologen (SLD) an déi 4 Klinike vum Land ganzer dräi Informatiouns- a Sensibiliséierungsdeeg. Um 7., 9., a 14. November gëtt ee mat diversen Aktioune méi zum Depistage vum Iwwergewiicht, der Fettsucht an dem Diabetis gewuer. Dank dem Froebou „Findrisk“ an dem Moosse vum Zockerwäert am Blutt kann den Diabetisrisiko ausgerechent ginn.
Weider Informatiounen zum Diabetis a Recommendatioune vun der FID an der WHO ginn et ënnert www.sante.lu, www.ald.lu, www.idf.org, www.worlddiabetesday.org.