Weltdag vum Héieren

Wiesou si gutt Ouere esou wichteg? Kommunikatioun, Orientéierung, Sécherheet – nëmmen e puer Stéchwierder, déi ënnersträichen, ewéi wichteg ee gutt Lauschtere fir den Alldag ass.

Net nëmmen den Informatiounsaustausch leid bei engem schlechte Gehéier, och d’Liewensqualitéit ass net méi déi selwecht. Et féiert dacks dozou, datt een den Uschloss u geléifte Mënsche verléiert.

Stellt iech vir, dir kéint näischt méi héieren. Stëmme vun der Famill, d’Musek, de Stroosseverkéier oder einfach Alldagsgeräischer. Et ass ee schreckleche Gedanken. De Gehéiersënn ass eis Verbindung zu anere Mënschen an der Ëmwelt.

Dofir ass et schlëmm, wann d’Oueren net méi ewéi gewinnt funktionéieren.

Iwwert Ursaachen, Auswierkungen, a Behandlungsméiglechkeeten, wëll den 3. Mäerz op iech opmierksam maachen. Dacks kann ee gratis ee sougenannte Gehéiertest bei engem Akustiker maachen. Oder einfach mol ee Rendezvous beim Ouerendokter maachen.

Wann een d’Gehéier verléiert, kléngt net alles méi lues.

Et ass schwéier ze beschreiwen, ewéi sech déi akustesch Welt verännert. Et héiert een net einfach méi lues. Fir d’éischt ginn déi héich Frequenze verluer, Betraffener verstinn dës méi schlecht oder guer net. Fir Betraffe kléngt dat Gehéiert, ewéi wann et duerch eng déck Mauer géing kommen. Mee d’Symptomer si vu Mënsch zu Mënsch verschidden, genee esou ewéi gesond Mënschen ënnerschiddlech héieren.

Iwwregens ass d’Ouer net nëmme fir ze lauschteren do – am Bannenouer befënnt sech ee Gläichgewiichtsorgan. Wann et do zu Stéierunge kënnt, kann et zu Schwindel, Iwwelkeet an Onwuelsinn kommen.

Dernières nouvelles