Restrukturatioun bei Siemens: Dausende fäerten ëm hir Aarbecht
Rentabilitéit a Profitmaximéierung: den däitschen industrielle Siemens dee weess wéi
[onionbuzz quiz-id=142][/onionbuzz] Lëtzebuergesch schreiwen huet nach laang net jiddereen an
Nodeems nei Virwërf opkomm sinn hunn d‘US-Demokraten éischt Moossnamen ergraff,
Zanter 2009 schléisst sech de Gesondheetsministère der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) un, fir de Weltdag vun der Hand-Hygiène (5. Mee) ze zelebréieren. Eng appropriéiert Hand-Hygiène konstituéiert eng vun den einfachste Methode fir d‘Infektiounen ze reduzéieren, och abegraff déi, wou vum Virus SARS-Cov2, den Ausléiser vum Covid19, ausginn.
De Coronavirus iwwerdréit vun enger Persoun op déi aner iwwert Otem-Drëpsen, déi vun der Nues oder dem Mond, notamment wann ee néitst oder houscht, ausgestouss ginn. Dës Drëpse kënnen eng Zäit laang op Objeten oder Uewerfläche persistéieren. Laut de leschte Studien, kann de Coronavirus bis zu 3 Stonnen an der Luucht, op Koffer bis zu 4 Stonnen, op Kartong bis zu 24 Stonnen an op Plastik oder raschtfräiem Stol bis zu 72 Stonnen aktiv bleiwen.
D‘Persounen infizéieren sech mam Coronavirus wann si déi kontaminéiert Uewerflächen oder Objeten upaken an da mat hiren Hänn, de Mond, d‘Nues oder d‘Ae beréieren (eng Persoun beréiert datt eegent Gesiicht am Schnëtt 23 mol an der Stonn). An der Konsequenz ass wichteg sech d‘Hänn mat Waasser a Seef ze wäschen, fir eng Transmissioun vum Coronavirus, wéi och all aner Infektioun (Schnapp, Gripp, Infektioune vun den Otemweeër) ze verhënneren.
An der Absence vu Waasser a Seef, kënnen d‘Hänn och mat enger hydroalkoholescher Léisung desinfizéiert ginn.
„Den aktuelle Kontext vun der Coronavirus-Pandemie huet eis d‘Importenz an den Interessi vun der Hand-Hygiène en Erënnerung geruff- D‘Hänn wäschen, een u sech einfachen Hygiène-Gest, konstituéiert eng essentiell Barrière géint d‘Pandemie. Fir iech an déi aner virum Coronavirus ze schützen, wäscht iech reegelméisseg d‘Hänn“ insistéiert d‘Gesondheetsministesch, Paulette Lenert.
Zur Occasioun vum Weltdag vun der Hand-Hygiène, relancéiert de Gesondheetsministère seng Sensibiliséierungscampagne an erkläert wéini a wéi sech d‘Hänn wäschen.
Wéi wäscht ee sech gutt d‘Hänn mat Waasser a Seef?
Wéini sech d‘Hänn wäschen?
Opgepasst: Händchen droen ersetzt net dat reegelméissegt a richtegt Hänn wäsche mat Waasser a Seef
Sech reegelméisseg d‘Hänn wäsche schützt iech besser géint de Coronavirus wéi Händchen droen, ausser a spezifesche Situatiounen, wei bei medezinesche Soinen. De Virus kann sech op den Händche befannen an et besteet e Kontaminatiounsrisk wann sech eng Persoun mat der Händchen an d‘Gesiicht faasst, oder, wann een se ausdeet, d‘Persoun déi baussenzegen Deel vun der Händche mat der anerer Hand ouni Händche beréiert. Gebrauchten Händche mussen, aus Respekt virun der Ëmwelt an zur Sécherheet vun der Bevëlkerung, no hirem Gebrauch an eng Dreckskëscht gehäit ginn.
Matgedeelt vum Gesondheetsministère, aus dem franséischen Iwwersat vum Laure Schlesser
Illustratioun: © Dhaya Eddine Bentaleb / unsplash