Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Spärung am Rondpoint Irgäertchen ab e Freideg
groupon speed dating nyc

Spärung am Rondpoint Irgäertchen ab e Freideg

Am Kader vun den Erneierungsaarbechten am Rondpoint Irgäertche gëtt vu

free dating site in greece
groupon speed dating nyc

are supergirl and mon el dating

D’Lëtzebuerger Fotografin Eilo Elvinger huet 2017 zu London bei de

Erkennt déi zukünfteg Koalitiounsregierung Palestina als Staat un?
groupon speed dating nyc

Erkennt déi zukünfteg Koalitiounsregierung Palestina als Staat un?

OP d‘Fro déi um Site www.smartwielen.lu un d‘Parteien an d‘Kandidate

Weltdag vun der humanitärer Hëllef

Wéi eng Roll spillt Lëtzebuerg a wou leien eis Stäerkten?

Weltdag vun der humanitärer Hëllef

De Weltdag vun der humanitärer Hëllef ass eng gutt Geleeënheet fir déi exemplaresch Leeschtung vun de Mënschen ervirzehiewen, déi an dësem Secteur schaffen a villen Erausfuerderungen ausgesat sinn. Krisen déi sech engersäits duerch ëmmer länger unhalend Konflikter auszeechnen, an anersäits Krisen déi duerch de Klimawandel entstinn.

Mee de Weltdag vun der humanitärer Hëllef ass och an d‘Liewe geruff ginn, fir all deene Mënschen ze gedenken, déi beim Attentat op de Sëtz vun de Vereenten Natiounen zu Bagdad (2003) hiert d‘Liewe verluer hunn. 22 Mënsche ware sengerzäit ëmbruecht ginn, dorënner och de Sergio Vieira de Mello, Sonnergesandte vun der UNO am Irak.

Iwwert d‘Roll vu Lëtzebuerg a wéi eist Land seng Ressource notzt fir e Beitrag am Kontext vun der humanitärer Hëllef ze leeschten, dat am kader vun der „Lëtzebuerger Humanitär Aktioun“, huet eis d‘Ministesch vun der Zesummenaarbecht an Humanitär Aktioun, Paulette Lenert, informéiert. An hei dierf een aleedend betounen, datt mir eis net musse Schummen.

Et geet och ëm Geld

2018 huet eist Land 53 Milliounen Euro (dat entsprécht 1% vum nationale Bruttoakommes – RNB) fir déi Humanitär Aktioun ausginn. Dovunner si 75% fir direkt Aktiounen agesat ginn, 20% goufe fir Opbau an/oder konsolidéierend Projeten opgewannt a 5% sinn a preventiv Moossname gefloss.

Dat lescht Joer ass vun den humanitäre Krisen a Syrien an am Jemen (am Jemen stierwen all Stonn sechs Kanner) dominéiert ginn. Mee och d‘Situatioun am Sahel oder der Regioun vum Séi Tschad, huet sech net verbessert. Fir all dës humanitär Kontexter huet Lëtzebuerg substantiell Geldmëttel zur Verfügung gestallt, esou dat national ONGen dréngend Projeten op d‘Bee stelle konnten.

Lëtzebuerg awer och déi humanitär Operatioune vun den UN-Agencen an dem Internationale Comité vum Roude Kräiz (ICRC) ënnerstëtzt. D‘Ministesch huet nach drop higewisen, datt nieft finanzielle Mëttel, och fënnef jonk Lëtzebuerger an der humanitärer Aktioun engagéiert sinn. Si ënnerstëtzen tatkräfteg de Welternierungsprogramm (WFP), den UNHCR an den OCHA.

D‘Ursaachen si bekannt

Déi heefegst Ursaach vun enger humanitärer Kris sinn nach ëmmer d‘Konflikter. Laut den Zuele vun de Vereenten Natiounen, sinn iwwer 135 Millioune Mënsche weltwäit op humanitär ugewisen, mee déi awer nëmme bei 97,9 Millioune Mënschen tatsächlech un. 408 Mataarbechter goufen Affer vu Gewalt. Heibäi sinn der 131 ëmbruecht, 144 blesséiert an 130 sinn entfouert ginn.

Et huet dann och nach e gudde Grond firwat de Weltdag vun der humanitärer Hëllef 2019 der Aarbecht vun de Frae gewidmet ass. Zum enge gëllt et de geleeschte Beitrag vun de Fraen a Krisesituatiounen ze valoriséieren, zum aneren drëms ëm d‘Noutwennegkeet de Schutz vum internationale Recht fir all Mënsch – ouni Ënnerscheeder ze maachen – sécherzestellen.

D‘Paulette Lenert stellt nach emol kloer, datt déi verstäerkte sozioekonomesch Integratioun vun de Fraen an de jonke Leit eng vun de véier thematesche Prioritéiten am Kontext vun der genereller Kooperatiounsstrategie „En Route pour 2030“ ass. Net ze vergiessen, datt Gendergläichheet an d‘Verselbststännegung vun de Fraen a Meedercher eent vun de 17 Ziler vun der nohalteger Entwécklung vun de Vereenten Natiounen ass.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Weiderféierend Informatiounen zum Weltdag vun der humanitärer Hëllef:

Ähnlech Sujeten ICRC, Minsitère vun der Kooperatioun an der humanitärer Aktioun, OCHA, Paulette Lenert, UNHCR, Weltdag vun der humanitärer Hëllef, WFP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel