Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Grouss Ouverture vum VIP Room – High Class Nightlife zu Lëtzebuerg
Meenung Neiegkeeten

Grouss Ouverture vum VIP Room – High Class Nightlife zu Lëtzebuerg

Haut den Owend ass et esou wäit: de VIP Room

dislike
Dossier Skripal: De Jean Asselborn stellt sech hannert d‘Theresa May
Meenung Neiegkeeten

Dossier Skripal: De Jean Asselborn stellt sech hannert d‘Theresa May

An der däreger Affär ëm d‘Vergëftung vun engem fréiere russesche

Qualitative Wuesstem dank engem staarke Secteur vun de Gesondheetstechnologien
Meenung Neiegkeeten

Qualitative Wuesstem dank engem staarke Secteur vun de Gesondheetstechnologien

Bei der Konferenz „Health Technologies @ Luxembourg – Shaping the

D‘ALJP zum Weltdag vun der Pressefräiheet (kommentéiert)

D‘ALJP zum Weltdag vun der Pressefräiheet (kommentéiert)

„De Verband vun de Lëtzebuerger Beruffsjournalisten, notzt d‘Geleeënheet fir de Public iwwert d‘Violatioune vum Recht op fräi Meenungsäusserung ze informéieren an dësem an Erënnerung ze ruffen datt vill vun hire Kollegen a Missioun, op der Welt musse fäerten an de Prisong ze kommen oder esouguer ëmbruecht ze ginn“.

Esouvill zum „internationale Volet“ aus dem Communiqué vun der ALJP, dee mat kengem Wuert op d‘Kausa „Julien Assange“ ageet, jo net emol drop verweist, datt Journalisten an Ungarn, säit de Viktor Orban un der Muecht ass zenséiert ginn. Och an Europa gi Journaliste mëttlerweil ganz oppen ugegraff, wéi et ee Kamerateam vum ZDF den 1. Mee um eegene Leif huet missen erfueren.

PressefräiheetDofir gëtt drun erënnert, datt zu Lëtzebuerg trotz villen Interventioune vun der ALJP an dem Presserot, nach ëmmer keen Zougang zu den „Informatiounen“ huet, wat an anere Länner längst de Fall wier. Dat ass leider net ganz richteg. Ob an Däitschland, Frankräich oder der Belsch, wou et esou ee Recht op Informatioun gëtt, dauert et oft Éiwegkeeten an dann ass villes geschwäerzt.

Richteg dogéint ass, datt am Koalitiounsaccord Verbesserunge versprach sinn, déi den zoustännege Minister a Concertatioun mam Presserot an der ALJP wëll ausschaffen. Wéini dat soll stattfanne geet aus dem Pabeier net ervir. An der Politik geet et jo u sech och duer eppes ze verspriechen an esoulaang ee keen Datum festgeluecht huet, ass et einfach eppes op déi laang Bänk ze drécken.

PressefräiheetAm Ranking vu „Reporter ouni Grenzen“ läit Lëtzebuerg op Plaz 17 vun 180. De Verband ass elo der Meenung, datt wéinst der restriktiver Kommunikatiounspolitik am Kontext vun der sanitärer Kris, dës Plaz net ze halen ass. Dobäi steet eisem Land déi sech uschléissend Wirtschaftskris an déi domadder verbonne Rezessioun, méiglecherweis esouguer eng Deflatioun, nach bevir…

De Weltdag vun der Pressefräiheet ze notzen, fir d‘Regierung drun ze erënneren, datt eng Fräi Press e grondleeënde Baustee vun enger demokratescher Gesellschaft ass, muss ee begréissen, soss héiert ee jo éischter wéineg vun hinnen. Vläicht missten si hire Fuerderungen eppes Nodrock verléinen, an esou ee gewaltege Protestpiquet organiséiere, wéi sengerzäit wou de Jeudi zu Graf gedroe gouf.

Foto: Wéi Gewalt géint Journalisten zu Hong Kong – wéi an dësem Beispill ze erkennen – ausgesäit ass leider net aus dem Communiqué vun der ALJP ze enthuelen. © PPP News (courtesy)

Ähnlech Sujeten ALJP, Pressefräiheet, Presserot, Verband vun de Lëtzebuerger Beruffsjournalisten, Weltdag vun der Pressefräiheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel