Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Castlevania ass eng Ëmsetzung, wéi een se sech wënscht
https://moien.lu/dating-with-a-married-man/

Castlevania ass eng Ëmsetzung, wéi een se sech wënscht

Videospillëmsetzungen ass grondsätzlech ze mësstrauen. Ze oft ass ënnert bekannte

https://moien.lu/nigerian-dating-site/
https://moien.lu/dating-with-a-married-man/

Krautmaart: Parteiiwwergräifend Eenegkeet bei de Stroosseninfrastrukturen

D‘Sëtzung um Krautmaart vum Mëttwoch Nomëtteg kéint een als „Formalitéit“

Dem Trump seng Ëmstridden „Trauer-Tournée“
https://moien.lu/dating-with-a-married-man/

Dem Trump seng Ëmstridden „Trauer-Tournée“

No de Masseschéissereie vum leschte Weekend huet den US-President d‘Stied

Weltëmweltdag: Mir musse géint d‘Insektestierwe virgoen!

Weltëmweltdag: Mir musse géint d‘Insektestierwe virgoen!

En Dënschdeg war Weltëmweltdag, an d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet dësen zum Ulooss geholl, fir op e bedreeleche Virgank hinzeweisen. Esou ginn et rezent Etüden, déi drop hiweisen, datt mir et an Europa, mee och zu Lëtzebuerg, mat engem bedreelechen Insektestierwen ze dinn hunn.

D‘Ministesch weist an dësem Kontext dann dorops hin, datt d‘Insekten d‘Grondlag vun der Ernärungsketten duerstellen, an si essentiell fir d‘Gläichgewiicht vun eisen Ökosystemer sinn. D‘Carole Dieschbourg huet dann och méi prezis op eng Etüd vum LIST higewisen, aus där d‘Problematik zu Lëtzebuerg ervirgehuewe gëtt.

An dëser Etüd vum LIST, déi am Hiecht soll verëffentlecht ginn, ass sech besonnesch mat de Päiperleke beschäftegt ginn, an éischten Informatiounen no, hu mir zu Lëtzebuerg hei en zolitte Problem. Esou wier eng vun dräi Päiperlek-Aarte bedreet, a bei zwou vun dräi Aarte misst e sech Suerge maachen. An datt deem esou ass, huet vill Ursaachen.

Et wier dann och iwwerflächlech d‘Insektestierwen eleng op déi intensiv Landwirtschaft zréckzeféieren, och wann déi Flächendeckend de gréissten Afloss op de Bestand vun de Bestäuber-Insekten huet. D‘Bestäubung huet dann och e Präis: op Weltniveau gëtt deen op 153 Milliarden Euro geschat, dovunner 15 Milliarden déi en Europa mussen opgewannt ginn.

Zuelen déi engem Angscht sollte maachen

Wann een den Zuelen déi vum Naturschutzbond (NABU) an Däitschland virgeluecht gi sinn vertraut, da sinn an de leschte 27 Joer ganzer 75% vun den Insekten „verluer“ gaangen. Ouni dës Insekte gëtt et um Enn keen Uebst, kee Geméis a schliisslech och keng Blumme méi. Zudeem verzéien sech dann och d‘Villercher, déi sech vun dësen Insekten ernieren.

Et sollt ee sech dann och net „op de Noper verloossen“ an einfach selwer aktiv ginn, fir dem Insektestierwen entgéint ze wierken, an esou e wichtege Beitrag zur Biodiversitéit ze leeschten. Dat bescht dorunner: et verlaangt kaum kierperlechen Asaz an et brennt engen och kee Lach an de Portmonnie. E bëssche gudde Wëllen a gesonde Mënscheverstand, méi brauch et net.

Den Ufank ka jidderee maachen, deen e Gaart huet (mat Blummendëppe geet et och) an schonn emol prinzipiell op Pestizide verzicht. Wéi einfach dat ass, dat erkläert d‘Ëmweltberodung Lëtzebuerg Asbl op senger Säit http://www.ounipestiziden.lu/. Do gëtt een dann och gewuer, datt ee gutt beroden ass, d‘Fanger vu „schlechtem“ Som ze loossen, a wou ee „gutt“ lokal Produkter kritt.

Mee och bei der Gestaltung vum Gaart, respektiv Virgäertchen, kann een e richteg gudde Beitrag zum Ëmweltschutz leeschten, an deem een zum Beispill drop verzicht e „Schottergaart“ unzeleeën. Esou eppes schéngt op den éischte Bléck „praktesch“ well et ausgesäit wéi wann et kaum Entretien bréicht. Um Enn behält hei d‘Natur awer d‘Iwwerhand an et huet e vill Geld fir „Näischt“ ausginn.

D‘Regierung an d‘Gemengen hunn d‘Lag erkannt

Fir de Bierger ze sensibiliséieren, deet ee gutt drun mam gudde Beispill virzegoen, an dat ass de Fall vun de Gemengen déi beim interkommunale Syndikat SIAS Member sinn. Si ënnerstëtzen op ganz vill ënnerschiddlech Manéieren d‘Gemengen (Atelieren, Seminären a Formatiounen) an droen esou zur Opwäertung vun den ëffentleche Gréngfläche bäi.

Op politeschem Niveau huet ee sech zu Lëtzebuerg dann och en Häerz gefaasst, a mam neien Naturschutzgesetz, datt déi nächst Woch an der Chamber zur Ofstëmmung virgeluecht gëtt, ginn dann och d‘Jalonen nei geluecht. Net ze vergiessen, datt de nationale Plang zum Naturschutz 2017/21 eng Enveloppe vun 100 Milliounen Euro enthält, fir eng ganz Rei Projeten ëmzesetzen.

Heibäi gëtt op d‘Zesummenaarbecht mat der Landwirtschaft, a villen aneren Acteure gesat. Renaturéierung, d‘Erhale vu Bongerten an Hecken, de Schutz vum Habitat an, d‘Stäerkung vum nationalen Insekten-Iwwerwaachungsprogramm, sinn hei ee puer Punkten, déi beim Weltëmweltdag ugeschwat gi sinn. A jidderee kann a sollt sech hei bedeelegen.

De Schutz vun der Biodiversitéit ass dann och net einfach nëmmen eng Floskel, mee d‘Fundament zur Ofsécherung vun der Liewensqualitéit. Mir droen alleguerten zesummen d‘Verantwortung fir déi kommend Generatiounen. An dësem Sënn deet een dann och gutt drun, an dat ouni datt een op eppes misst verzichten, mam gudde Beispill virzegoen, an der Ëmwelt mat Respekt ze begéinen.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Ëmweltberodung Lëtzebuerg Asbl, Insektestierwen, SIAS, Weltëmweltdag
Nächsten Artikel Virrechten Artikel