Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weltëmweltdag: Mir musse géint d‘Insektestierwe virgoen!
Crazy Fail Neiegkeeten

Weltëmweltdag: Mir musse géint d‘Insektestierwe virgoen!

En Dënschdeg war Weltëmweltdag, an d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet dësen

surprise
D’Eisebunnergewerkschaft fënnt den Tram suspekt – gëtt sozialen Dumping bedriwwen?
Crazy Fail Neiegkeeten

D’Eisebunnergewerkschaft fënnt den Tram suspekt – gëtt sozialen Dumping bedriwwen?

D‘FNCTTFEL, eis Eisebunnergewerkschaft, huet e neie President. De Georges Merenz

angry
D‘Dignitéit an d‘Autonomie schwiewen mat dëser Reform vun der Fleegeversécherung a Gefor, esou d’adr
Crazy Fail Neiegkeeten

D‘Dignitéit an d‘Autonomie schwiewen mat dëser Reform vun der Fleegeversécherung a Gefor, esou d’adr

Fir d’adr steet fest: De Minister Romain Schneider hätt d’Leit

tonguedislike

Weltgesondheetsdag: Eng Krankeversécherung fir jiddereen!

Weltgesondheetsdag: Eng Krankeversécherung fir jiddereen!

De Weltgesondheetsdag gëtt all 7. Abrëll zelebréiert. Dëst Joer ass et den 70. Jubiläum vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) deen domat eng eemoleg Geleeënheet bitt, Opmierksamkeet ze kréien. D‘Leit solle sensibiliséiert ginn, datt jiddereen e Recht op medezinesch Behandlung muss hunn, an et un der Zäit wier, eng universell Ofsécherung fir jiddereen ze schafen.

Dës Ofsécherung gëtt als onëmgänglecht Element vun der Gesondheet an dem Wuelgefill vun de Bevëlkerunge gesinn. Dat wat ënnert dem Kierzel UHC (Universal Health Coverage) als Wiechter vum fundamentale Recht op Gesondheet ze verstoen ass, kritt ëmmer méi Gewiicht a der Weltgesondheetsagenda. D‘UHC huet sech an de leschte Joerzéngten als gutt Strategie bewisen.

Eng Strategie déi och noutwenneg ass. Dat fir aner Objektiver ze erreechen déi mat der Gesondheet verbonne sinn. Méi global betruecht, soll d‘UHC och dozou bäidroen, datt d‘Objektiver vun der nohalteger Entwécklung, am Kader vun der Agenda 2030, erreecht kënne ginn. Aktuell huet d‘Hallschent vun der Weltbevëlkerung keen Zougang zur medezinescher Grondversuergung.

Et geet een dann och vum Prinzip aus, datt all Mënsch, iwwerall muss Zougang zu enger qualitativer medezinescher Grondversuergung muss hunn, an dat ouni finanziell Nodeeler ze erleiden. Dofir engagéiert sech Lëtzebuerg bei der WHO, fir d‘Länner ze ënnerstëtzen, déi eng UHC aféiere wëllen. D‘Objektiv ass et, bis 2023 enger Milliard Mënschen d‘UHC zouzegestoen.

Fir méi Gerechtegkeet an der Welt

D‘Engagement vu Lëtzebuerg léisst sech och um Partenariat „EU-Lëtzebuerg-WHO“ ofliesen, dat säit 2013 besteet. Zesumme mat der EU, ass Lëtzebuerg de Haaptbedeelegte vun dësem innovative Programm. Dat primäert Zil vum Partenariat ass et de Länner, déi fir de Programm eligibel sinn, ze hëllefe politesch an nohalteg Strategien op d‘Been ze stellen.

Wat de Partenariat vu Lëtzebuerg betrëfft, esou kann hei drop higewise ginn, datt d‘UHC sechs vu senge siwe Partnerlänner concernéiert. Dat sinn: Burkina Faso, Cabo Verde, Mali, Niger, Senegal, an zanter 2015 och Laos. De Kooperatiounsminister Romain Schneider gesäit heiranner och en Zousaz fir déi bilateral Kooperatiounsprogrammer, déi vu Lëtzebuerg ëmgesat ginn.

Am Senegal oder dem Laos, wou déi bilateral Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg um Gesondheetssecteur considerabel ass, versammelt dëst Partenariat d‘Acteure vun der Entwécklung ronderëm dat gemeinsamt Zil vun der UHC a favoriséiert eng echt Synergie. Op all d‘Objektiver bis 2023 kënnen erreecht ginn ass wuel net gewosst, mee et schéngt ee beméit alles dofir ze maachen.

Wéi gesäit et zu Lëtzebuerg aus?

Fir déi concernéiert Ministère, stellt sech d‘Fro vun der universeller Krankeversécherung nëmmen a spezifesche Kontexter. Esou den Accès an d‘Iwwerwaachung vu bestëmmten Traitementer, wéi beispillsweis dem AIDS. Heivunner si besonnesch marginaliséiert Persoune betraff: Toxikomanen, Prostituéiert oder Mënschen ouni Wunneng.

Hei wier dann awer de Risk sech ze infizéieren héich. Déi betraffe Populatioun hunn engersäits schlechten Zougang zum Traitement, a well se keng Krankekeess hunn, ginn se och vill manner an bei den Dokter. Et also immens wichteg sech d‘Moyenen ze ginn, dësem Deel vun der Bevëlkerung eng Krankeversécherung ze ginn, ganz ofgesi vun hirer Situatioun.

Et gëtt dann och villes versicht, zum Deel esouguer ëmgesat. Experten an ONGen, déi sech och vir eng universell Krankeversécherung asetzen, gesinn hei awer Schwaachpunkten. Sech op „Deeler“ vun der Gesellschaft ze bezéie wier de falsche Wee a géif der Bezeechnung „universell“ net gerecht. D‘UHC muss iwwerall a fir jidderee gëllen, grad a besonnesch zu Lëtzebuerg.

Foto: CC BY 2.0 – WHO – United States Mission Geneva

Ähnlech Sujeten Krankeversécherung, Lydia Mutsch, Romain Schneider, Weltgesondheetsdag
Nächsten Artikel Virrechten Artikel