Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gewënnspill 2018: Eng Fläsch Gin gefälleg?
alpha dating app nicole bilderback dating

dating dungannon

Maacht mat a gewannt mat e bësse Gléck eng Fläsch

infp dating advice
alpha dating app nicole bilderback dating

Ungarn: Europarot kritiséiert Gewalt bei Ausweisung vu Migranten

Mat engem Bericht, huet en Dënschdeg den Europarot, déi widderholl

Wat leeft? Kënnt de generaliséierten Tiers-Payant oder kënnt e net?
alpha dating app nicole bilderback dating

Wat leeft? Kënnt de generaliséierten Tiers-Payant oder kënnt e net?

D‘Patiente-Vertriedung hat den 19. November en oppene Bréif un de

Weltgesondheetsorganisatioun warnt viru Riedelen-Epidemie

Schonn 365.000 Fäll weltwäit bis Enn Juli – Afrika ass am schlëmmste betraff

Weltgesondheetsorganisatioun warnt viru Riedelen-Epidemie

Bei der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) zu Genève ginn se onroueg. Enn Juli goufen no virleefegen Zuelen, bal 365.000 Fäll vu Riedele registréiert. Dat sinn dräimol esouvill Fäll wéi d‘Lescht Joer zur selwechter Zäit, a méi wéi iwwert dat ganzt Joer. Um afrikanesche Kontinent konnte bis ewell zéngmol esouvill Fäll gezielt gi wéi nach 2018.

An der WHO-Afrikaregioun ass d‘Zuel vu de gemellte Fäll bannent de sechs éischte Méint vun 2019, am direkte verglach zum Virjoer, ëm 900 Prozent geklommen. An der Westpazifikregioun sinn et 230 Prozent an der Europaregioun nach +120 Prozent. (Zu dëser Regioun zielen nieft der EU, Schwäiz, Russland, Tierkei, Israel an déi asiatesch Länner, Usbekistan an Aserbaidschan.

Weltgesondheetsorganisatioun

Säitens der WHO gëtt nach emol drop higewisen, datt nëmmen e Brochdeel vun den Erkrankungen iwwerhaapt gemellt ginn. Fir eng Schätzung zu de reelle Fäll opstellen ze kënnen, huet d‘WHO sech op déi bestoend Statistike vun 2017 misse bezéien. Deemools ware bis zu 6,7 Millioune Leit weltwäit erkrankt. 110.000 Mënschen si gestuerwen. Dat misst net sinn, et gëtt eng Impfung…

Eigentlech…

…war bis 2016 d‘Zuel vun den Erkrankungen op der ganzer Welt réckleefeg. An Europa hat een d‘Hoffnung, datt d‘Riedelen „ausgerott“ wieren. Bei eisen däitschen Noperen zum Beispill, wou nach Ufank den 90er Jore vum leschte Joerhonnert, all Joer eng 50.000 Fäll registréiert goufen, ass een zanter 2003 – mat zwou Ausnamen – all Joer ënner 2.000 Infektioune bliwwen.

Et gëtt e sécheren a käschteneffizienten Impfstoff, a weltwäit sinn d‘Equippe vun der WHO mee och aneren Organisatiounen – wéi beispillsweis Dokteren ouni Grenzen (MSF) – am Asaz fir déi Mënschen an deene Géigenden ze impfen, an deenen esou eppes wéi e Gesondheetssystem nach ëmmer e Friemwuert ass. Beim Präis vun 1 US-Dollar pro Kand sollt et net um Geld hänken…

Während d‘WHO an UNICEF sech op en Taux vu 95% Impfunge baséiere fir d‘Krankheet als „ausgerott“ bezeechnen ze kënnen, gëtt et aktuell an den industrialiséierte Länner d‘Negationisten. Also esou Leit déi sech der Impfung widdersetzen, well si fäerten, datt Impfunge bei de Kanner Autismus ausléist. Dat huet Folgen an ëmmer méi Länner maachen Impfungen „obligatoresch“.

Foto: © Krepkih / UNICEF

Ähnlech Sujeten Gesondheetsministère, Impfungen, MSF, Mumps, Riedelen, Unicef, WHO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel