Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Protester vun de Jonken weisen hir éischt Wierkung
International Money Neiegkeeten

D’Protester vun de Jonken weisen hir éischt Wierkung

Eisen Energieminister Claude Turmes huet gëschter zu Bréissel um Energierot

De Realisateur Milos Forman ass verstuerwen
International Money Neiegkeeten

De Realisateur Milos Forman ass verstuerwen

E Samschdeg ass de amerikanesch-tschechesche Realisateur Milos Forman am Alter

What the Fakt – D’Gebuert vum Fransous Yves Rocher
International Money Neiegkeeten

What the Fakt – D’Gebuert vum Fransous Yves Rocher

Alles Guddes Här Rocher! Haut hätt de gudde Mann, dee

money

Welthandelsorganisatioun ouni Spëtzt

De President Roberto Azevedo schmäisst no 7 Joer d‘Handduch an zitt sech virzäiteg zréck

Welthandelsorganisatioun ouni Spëtzt

Bei der Welthandelsorganisatioun (WTO) sténken d‘Lompen net, si brennen. Zanter Jore gëtt sech méi gestridde wéi matenaner diskutéiert, dobäi soll des international Organisatioun, där sech 164 Länner ugeschloss hunn, eigentlech d‘Reegele fir de Handel opstellen an Sträitfäll schlichten. Mee dank dem Dissens huet et an de leschte Jore keng verbindlech Accorde méi virleeë kënnen.

Elo huet den 62 järege Brasilianer Roberto Azevedo, deen 2013 d‘Presidence vun dëser eigentlech wichteger Institutioun iwwerholl, „aus perséinleche Grënn“ säi Récktrëtt erkläert. Dobäi sollt säi Mandat nach bis August 2021 lafen. Den tatsächleche Grond dierft awer en anere sinn, well och dës Organisatioun ass duerch d‘Neiausriichtung vun der US-Aussepolitik, net méi Funktiounsfäeg.

Den Donald Trump werft zanter sengem Amtsuntrëtt der Welthandelsorganisatioun vir, si géifen d‘USA iwwert den Dësch zéien, an US-Entreprise generell a systematesch benodeelegen. Dofir wieren d‘USA am Welthandel staark behënnert. En Dissens deen och am Zesummenhang mam trumpschen Handelskrich mat de Chinesen an den Europäer steet. Esou ass alles blockéiert ginn.

Eigentlech sollt awer grad d‘WTO, wann et beim Handel zu Streitegkeete kënnt, hei iwwert den Ëmwee vu senge Schiidsgeriichter, esou Problemer léisen. Dat schéngt net am Sënn vu Washington ze sinn, well d‘Amerikaner hunn d‘Besetzung vun zentrale Stelle beim WTO-Appellsgeriicht mat vill Engagement verhënnert, an esou ganz bewosst dëse Gremium „neutraliséiert“.

Zäit fir eng Reform

Datt d‘Welthandelsorganisatioun reformbedierfteg ass, dat ass bekannt an net eleng d‘USA hunn dës Fuerderung opgestallt. Wéi et allerdéngs zu dëser sécher wënschenswäerter Reform komme soll, wann een se quasi Handlungsonfäeg mécht, an esou den Dissens bannent der Institutioun méi befeiert, wéi dat ee Konsensbereetschaft fërdert, léisst sech beim beschte Wëllen net novollzéien.

Elo wou de „Patron“ a leschter Konsequenz entscheet huet, sech dat net weider wëllen unzedoen, spréngt den US-Handelsbeoptragte Robert Lighthizer aus dem Stull a versprécht, datt sech d‘USA bei der Sich no engem „Ersatz“ wäerten abréngen. Hie behaapt, nodeems seng Ekipp de Buttek op d‘Kopp gestallt an Handlungsonfäeg gemaach huet, datt grad an dësen Zäite ganz wichteg wier.

Den europäeschen Handelskommissär Phil Hogan huet och déi grouss Erausfuerderungen ernimmt, deenen sech d‘WTO am Kontext vun der Covid19-Pandemie wäert stelle mussen. „D‘Nofolleg vum Azevedo muss nach dëst Joer ofschléissend gekläert ginn“, esou de Mann aus Bréissel. Hei dierft de Wonsch de Papp vum Gedanke sinn, well d‘EU huet hir amerikanesch Partner ëmmer gestäipt.

Et geet och der EU-Kommissioun drëms, deen ëmmer gréisseren Afloss vun de Chinesen op de Weltmaart „eppes ze bremsen“. Zudeem, an dat ass erwisen, hëlleft Peking sengen Entreprise mat vill Geld an erzwéngt och technologesch Transferte vun den Entreprisen, déi hir Aktivitéiten no China verleeën. Hei gëtt iwwersinn, datt kee gezwonge gëtt seng Produktioun ze delokaliséieren…

mat indymedia/gva

Illustratioun: Et ass u sech egal op Welthandelsorganisatioun, Weltgesondheetsorganisatioun oder UN-Sécherheetsrot, wou dem Trump seng „Vertrieder“ sëtzen herrscht ee geféierleche Stëllstand. D‘Zil ass och net de Kompromëss, mee kloer d‘Entscheedungsgewalt. Dat huet an de leschte Jore Peking méi Afloss bruecht wéi entzunn. An am Sträit USA vs China, wäert nach esou Muenches op eis duer kommen. © Chuttersnap / unsplash

Ähnlech Sujeten Phil Hogan, Robert Lighthizer, Roberto Azevedo, USA, Welthandelsorganisatioun, WTO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel