Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ankara a Washington tausche „Frëndlechkeeten“ aus an d‘Lira geet an de Keller
asian dating apps android Neiegkeeten

https://moien.lu/the-trouble-with-online-dating/

E Freideg huet d‘Tierkei versprach „zréckzeschéissen“ falls sech d‘USA dozou

european hookup
asian dating apps android Neiegkeeten

Däitschland: Zu dausende fir d‘Séinoutrettung op d‘Strooss gaangen

Eng ganz Rei Mëttelmierlänner hunn an de leschte Woche private

Stan Lee: eng Legend zitt seng Reverenz
asian dating apps android Neiegkeeten

Stan Lee: eng Legend zitt seng Reverenz

Stan Lee, den amerikaneschen Zeenarist dee fir de Verlag „Marvel

De Weltklimarot warnt viru Réckgang vun der Liewensmëttelsécherheet

De Weltklimarot warnt viru Réckgang vun der Liewensmëttelsécherheet

Ee kierzlecht verëffentlechte Sonnerbericht vum Weltklimarot IPCC warnt elo virun de Gefore fir d’Liewensmëttelversuergung bei weiderhin steigenden Temperaturen.

Säit der virindustrieller Zäit ass d’Lofttemperatur iwwert de Landuewerfläche bal duebel esou staark eropgaangen, wéi déi global Duerchschnettstemperatur. Eng negativ Folg: Duerch Dréchenten, Hëtztwellen an Desertifikatioun kann eis Liewensmëttelversuergung net méi garantéiert ginn. Geet een dem IPCC-Bericht no, esou ginn d’Emissiounen, wann een och den Zesummenhang mat de Prozesser virun an no der Produktioun am globalen Ernierungssystem berécksiichtegt, op 21 bis 37 % vun der ganzer anthopogenen Netto-Zäregasemissioune geschat.

Verglach goufen d’Zäitraim tëscht 1850 an 1900, sou wéi 2006 bis 2015. Esou ass an der zu lescht genannter Zäit déi global Uewerflächentemperatur ëm 0,87 °C eropgaanggen. Iwwer 500 Millioune Mënschen si vu Versteppung bedreet, si wunnen a Regiounen déi extrem ufälleg duerch d’Wieder sinn a wäerte wuel als éischt déi mangelnd Liewensmëttelversuergung ze spiere kréien.

Besonnesch ëm Mëttelmier wäert d’Zuel, d’Dauer an d’Intensitéit vun Hëtztwellen an Dréchente steigen. Dobäi hänkt de Risikoniveau duerch de Klimawandel vum Konsum-, Produktiouns-, technologeschen Entwécklungs- Bevëlkerungs- a Landmanagementverhalen of.

Weltklimarot

Eleng op de Bam sollt ee sech also net konzentréieren

D’Reaktiounsméiglechkeete mussen am Beräich vun der Ernierungssécherheet allerdéngs vun der Produktioun bis hin zum Endverbraucher reechen. Politesch Strategie mussen um ganze Wee agesat ginn, sou datt och de Verloscht an d’Verschwendung vu Liewensmëttel verréngert an Ernierungsentscheedunge beaflosst ginn. Dëse Schrëtt géif een nohaltege Landnotzungsmanagement erméiglechen an och eng méi héich Sécherheet vir eis Liewensmëttelversuergung bedeiten.

Laut dem IPCC-Bericht mussen ënnert anerem d’Konditioune bei de Landsystemer geännert ginn. Heizou gehéiert nieft de Landflächen och de Bësch. D’Opholzung eleng wäert eis awer net retten. „Et ass wichteg, datt de Weltklimarot d’Bedeitung vu Landflächen a Bëscher voll erkannt huet“, sou de Greenpeace-Bëschexpert Christoph Thies. De Land-Secteur muss beim Klimaofkommes méi staark mat abezu ginn. Kritik äussert hien allerdéngs wéi onkritesch IPCC d’Opholzung ugesäit. D’Alternativ vun der Renaturéierung vum Ökosystem, wéi bei Bëscher a Moueren bitt villen Déieren- a Planzenaarte Liewensraum.

Hannergrond

De Bericht iwwert de Klimawandel a Landsystemer ass, opgrond enger Entscheedung vun IPCC am Joer 2016 als ee vun dräi Sonnerberichter erstallt ginn. Dobäi si Virschléi vun der Regierung a Beobachterorganisatiounen berécksiichtegt ginn. De Bericht befaasst sech generell mat Zäregasflëss an de landbaséierten Ökosystemer, Landnotzung an nohaltege Landmanagement am Zesummenhang mat der Upassung un de Klimawandel a seng Verréngerung. Weider geet et mat der Desertifikatioun, Landdegradéierung an Ernierungssécherheet.

De Bericht ass vun der englescher, nach net editéierter Versioun vum 8. August 2019 iwwersat ginn. De Rapport gëllt nach als virleefeg Iwwersetzung.

Ähnlech Sujeten Dréchent, Hëtztwell, IPCC, Liewensmëttelversuergung, Sonnerbericht, Weltklimarot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel