Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du dech mat der Stad Iechternach aus?
Sport Stories

Wéi gutt kenns du dech mat der Stad Iechternach aus?

Nodeems mer ugangs der Woch schonn an de Kanton Iechternach

Brexit: De risikofreedegen Optimismus vu Bréissel
Sport Stories

Brexit: De risikofreedegen Optimismus vu Bréissel

De President vum Europarot, Donald Tusk, straalt Optimismus aus a

geek
Schuedsoftware „Wanna Cry“ gräift ëm sech
Sport Stories

Schuedsoftware „Wanna Cry“ gräift ëm sech

Um Freidegowend a Samschdegmueren huet et dausende Windows-User op der

12 Saachen, déi s de maache kanns, fir der WM aus dem Wee ze goen

D'Méiglechkeete sinn ouni Grenzen!

12 Saachen, déi s de maache kanns, fir der WM aus dem Wee ze goen

Kee Frënd vu Fussball? Du wëlls Russland net aus politesche Grënn ënnerstëtzen? Oder du kanns mat dem ganze Gegröls näischt ufänken? Et gi vill Grënn, fir der Weltmeeschterschaft aus dem Wee wëllen ze goen. Mir ginn der e puer (net ëmmer ganz eescht gemengten) Tipps, wéi s du dat erreeche kanns!

1. Maach eng Rees

Et gi genuch Plazen op der Welt, wou Fussball net esou beléift ass. Oder besser nach: Wou d’Nationalmannschaft net un der Meeschterschaft deelhuelen. Kanada a Kuba gëllen duerchaus als Geheimtipps. Noutfalls geet et an d’Antarktis!

2. Spill eis Quizen

Mir hu mëttlerweil iwwert 200 Quizen op eisem Site. Kriss de se all an 90 Minutten duerch? Mir mengen net…

3. Stierz dech a Literatur, Serien oder Videospiller

Mat dem modernen Entertainment-Offeren ass et zimlech einfach, sech ofzeschotten. Bicher si wuel déi bëllegst Alternativ, wann een no bei enger Bibliothéik ass. An deng Netflix-Watchlist ass déi lescht Méint och net méi kleng ginn, oder? A mat e puer Videospiller kann ee ganz Méint iwwerbrécken. Just villäicht d’FIFA-Spiller evitéieren…

4. Entdeck en neit Hobby fir dech!

Heekelen, Schreiwen, Musek maachen – Et ginn esou vill Méiglechkeeten, seng Kreativitéit fir sech ze entdecken. Hobbye ginn et der genuch, an informéiere kann een sech haut zum Gléck ganz einfach. Dat bescht: Et kann een nei Leit doduerch kenne léieren!

5. Besich eis Muséeën!

Mir hunn der, an zwar net ze knapps! Wetten, dass de se nach net all besicht hues, oder hir neisten Ausstellunge gesinn hues.

6. Gëff sportlech aktiv!

Joggen, Tennis, Basket – et ginn esou vill Méiglechkeeten. Op an engem Club oder eleng, et gi genuch Méiglechkeeten, sech d’Zäit ze verdreiwen, dem Fussball aus dem Wee ze goen an als Bonus och nach fit ze bleiwen!

7. Géi spadséieren!

Mir huelen un, datt d’Wieder et zouléisst, ma et kann een laang eraus spadséiere goen. E Pluspunkt ass net nëmme bei der Gesondheet ze verzeechnen, mee et kann een esou och ganz gutt seng Kenntnesser vum Land ausbauen. Dat ass dach och eppes wäert?

8. Léier eng Sprooch!

Et huet nëmme Virdeeler: Du kanns mat méi Leit schwätzen, kanns méi Filmer am Originaltoun kucken a bei méi Lidder uerdentlech matsangen. Eng ganz nei Dimensioun u Literatur gëtt fir dech fräi an du bass eng länger Zäit domat beschäftegt!

9. Probéier nei Rezepter aus!

Vue datt an al Café a Restaurant d’WM gewise gëtt, ass et eng gutt Iddi, och dës Etablissementer ze evitéieren. Déi perfekt Geleeënheet also, fir nei Rezepter auszeprobéieren an déi eege kulinaresch Kapassitéiten ze erweideren!

10. Léier Lëtzebuergesch schreiwen

Deng Facebook-Kommentaren erënneren un d’Visioune vum Lovecraft? Hënn fänken u mat jaulen, soubal s de se online setz? Dann ass et eventuell un der Zäit, fir eis Sprooch schreiwen ze léieren…

11. Kama Sutra duerch “schaffen”

Wien een/eng (oder méi) wëlleg PartnerInnen huet, kann duerchaus e Bléck an de Kama Sutra werfen, an deen duerchschaffen. D’Verhütung awer net vergiessen!

12. Kino, Theater a Concerten

Vue datt de Summer do ass, si genuch nei Filmer am Kino ze gesinn. Och am Theater an a Punkto Musek gëtt genuch gebueden.

 

Ähnlech Sujeten Fussball, Weltmeeschterschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel