Search

You may also like

What the Fakt – Eng europäesch Konventioun géint d’Gewalt géint Fraen!
Neiegkeeten

What the Fakt – Eng europäesch Konventioun géint d’Gewalt géint Fraen!

Bei der sougenannter Istanbul-Konventioun hunn haut virun 8 Joer ganzer

Kuerz Notéiert: CETA
Neiegkeeten

Kuerz Notéiert: CETA

Wann et richteg ass, datt d‘Chamber bis den 3. Abrëll

Covid19-Impfung ass a bleift fräiwëlleg!
Neiegkeeten

Covid19-Impfung ass a bleift fräiwëlleg!

An der ganzer Unioun gëtt sech, elo wou jo emol

Weltnierendag 2020 – Kleng Organer, grouss Aufgaben

Weltnierendag 2020 – Kleng Organer, grouss Aufgaben

Um haitegen Weltnierendag läit de Fokus op der Gesondheet vun eisen Nieren, wéi och op der Fréierkennung vun Nierenerkrankungen. D’Organ, wat virun allem Schuedstoffer aus dem Blutt eliminéieren a soumat eise Kierper entgëfte soll, dréit eng iwwerliewenswichteg Roll. Wéi bei allen Erkrankunge gëllt och hei: Wat een de Problem un den Nieren éischter erkennt, wat d’Heelungschance méi grouss sinn. Grond genuch, fir op

Haaptfunktioun vun den Nieren ass d’Entgëftung vum Kierper. Normalerweis trëtt d’Organ als Koppel op, scheet Gëftstoffer iwwert den Urin aus, reguléiert de Waasser- an Elektrolythaushalt a produzéiert lieweswichteg Hormoner, wéi beispillsweis Renin (zoustänneg fir d’Bluttdrockregulatioun) an Erythropoetin (zoustänneg fir d’Stimulatioun vun der Bluttbildung). Schafft dat fläissegt Organ net richteg, leit de ganze Kierper. Zil vum Weltnierendag ass et dofir d’Opmierksamkeet op eis Gesondheet, wéi och den op den Impakt vun Nierenerkrankungen ze zéien.

Weltnierendag

Guer net emol esou seelen, trotzdeem geféierlech

An dësem Joer steet de Weltnierendag ënnert dem Motto Gesond Niere fir jiddwereen – vu Preventioun bis Erkennung an fairen Accès op Fleeg. Ass d’Funktioun vun eisen Niere beanträchtegt, esou kann dëst zu Diabetis a Blutthéichdrock féieren. Am Eeschtfall kënnt d’Dialys (Bluttwäsch) zum Asaz. Wann näischt méi geet, muss op een neit Organ gehofft ginn.

Funktionéieren d’Nieren net richteg, sammelen sech Gëftstoffer am Kierper un, wouduerch de Waasser-, Mineral- a Sairen-Basen-Haushalt gestéiert gëtt. Bei enger fortgeschrattener Erkrankung sinn typesch Symptomer Iwwelzegkeet, Appetitlosegkeet, Bäissen, héije Bluttdrock, gro Hautfaarf, Problemer beim Otmen oder och Waasserusammlungen.

Wéi d’Initiative World Kidney Day, een Zesummeschloss aus der International Society of Nephrology (ISN) an der International Federation of Kidney Foundations (IFKF), matdeelt, géif all drëtt Persoun een erhéichte Risiko fir eng chronesch Nierenerkrankung (CKD) opweisen. Wien erkrankt ass, weist keng oder eréischt ganz spéit éischt Symptomer op. Fir een effektiven Traitement ze garantéieren, ass d’Fréierkennung duerch Blutt- an Urintester vun essentieller Bedeitung. Net behandelt kann déi chronesch Nierenerkrankung an engem kompletten Ausfall vum Organ endegen.

Weltnierendag

Wat Dir maache kënnt

Nierenerkrankunge si roueg Mäerder. Ier se komplett zouschloen, gëtt d’Liewensqualitéit enorm beaflosst. Eng Rei Moossname kënnen allerdéngs hëllefen, de Risiko vu Problemer an Erkrankungen un den Nieren ze reduzéieren:

  • Bleift aktiv: Reegelméisseg Beweegung reduzéiert ënnert anerem de Risiko vu Blutthéichdrock an CKD;
  • Iesst gesond: Passt dobäi op, net méi wéi 5 bis 6 Gramm Salz pro Dag zou Iech ze huelen;
  • Kontrolléiert Äre Bluttzocker: Besonnesch am steigenden Alter sollt een Krankheete, wéi Diabetis fréi genuch erkennen an deementspriechend handelen;
  • Drénkt genuch: Generell ginn 2 Liter Waasser pro Dag pro Persoun recommandéiert;
  • Verzicht op Zigaretten: Duerch d’Fëmme gëtt de Bluttdrock reduzéiert, wouduerch d’Nier d’Blutt net am eigentleche Rhythmus entgëfte kann;
  • Medikamenter a Moossen: Reegel- oder iwwerméisseg ageholl kënne Medikamenter géint Péng an Entzündungen d’Niere schiedegen.

Am Kader vum Aktiounsdag organiséiert de Centre Hospitalier du Nord (ChdN) een Informatiouns- a Sensibiliséierungsstand. Geplangt sinn Fréierkennungstester zu Nierekrankheeten, wéi och een Informatiouns- a Sensibiliséierungsstand.

Zur selwechter Geleeënheet mobiliséiert sech de Centre Hospitalier Émile-Mayrisch (CHEM) zu Esch-Uelzecht an informéiert vun 8:00 bis 16:30 Auer an der Entrée iwwert déi verschidden Nierenerkrankungen an Risikofacteuren. Zudeem proposéiere si ee gratis Screening mat Kontroll vum Bluttdrock, dem Bluttzocker, engem Urintest an enger medezinescher Anamnes.

Opmaacherbild: © Robina Weermeijer / Unsplash

Related topics Blutt, CHdN, CHEM, Diabetis, Dialys, Entgëftung, Hormoner, International Federation of Kidney Foundations, International Society of Nephrology, Nieren, Sensibiliséierung, Urin, Weltnierendag, World Kidney Day
Next post Previous post