Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
Iessen, Reesen a Moud: 10 Lëtzebuerger Blogger stelle sech vir
International Neiegkeeten

Iessen, Reesen a Moud: 10 Lëtzebuerger Blogger stelle sech vir

Lëtzebuerg huet eng wibbeleg a gesond Blogger-Communautéit. Mir sinn higaangen

Disco Soup – fir eng nohalteg Landwirtschaft
International Neiegkeeten

Disco Soup – fir eng nohalteg Landwirtschaft

Leschte weekend huet d’Aktioun Good Food Good Farming a ganz

Vel‘oH: 100% elektresch sollen se ginn, mee et muss een nach Gedold hunn
International Neiegkeeten

Vel‘oH: 100% elektresch sollen se ginn, mee et muss een nach Gedold hunn

Dat haten se sech am Stater Schäfferot anescht virgestallt. D‘lescht

Weltraum: Parker-Sond um Wee bei d‘Sonn

Weltraum: Parker-Sond um Wee bei d‘Sonn

E Sonndeg huet d‘NASA a Florida seng Sond „Parker“ erfollegräich an de Weltraum geschoss. Et ass dat séierst Objekt datt jeemools vu Mënschenhand hiergestallt ginn ass, a soll d‘Atmosphäre vun der Sonn duerchbriechen. Et gëtt sech erhofft, d‘Geheimnis vun de Sonne-Stierm ze entdecken.

„Dës Missioun markéiert wierklech déi éischt Visitte vun der Mënschheet op engem Stär“, esou den Thomas Zurbuchen vun der NASA. „Mir hunn eppes fäerdegbruecht, dat ass et virun zéng nëmmen als „Science-Fiction“ ginn“.

Ofgeschoss gouf d‘Rakéit, eng Delta IV Heavy, vun der Weltraumgar op Cap Canaveral, um 3.31 Auer (lokalzäit). Knapps eng Stonn méi spéit, huet den Operateur vum Lancement bestätegt, datt sech d‘Sond uerdnungsgemäss vun der Trägerrakéit getrennt huet, an seng Weltraumodyssee fort setzt. „Fir den Ament geet et der Sonde Gutt“, esou den Ingenieur.

D‘Sond, esou grouss wéi, mat 1,5 Milliarden US-Dollar Baukäschten, awer eppes méi deier wéi en Auto, ass d‘Parker-Sond dat éischt vum Mënsch hiergestallte Weltraumgefier, mat deem versicht gëtt d‘Atmosphär vun der Sonn, en „high-tech“ Schëld, ze duerchbriechen. Eng Sond déi vill Hoffnungen an sech dréit, vun der NASA, mee och der wëssenschaftlecher Communautéit.

E liichte Retard

Eigentlech sollt d‘Sond schonn e Samschdeg op hir Rees geschéckt ginn, mee e klengen technesche Problem (net genuch Drock um Helium-Gas) kuerz virum Start, hat zur Verzögerung gefouert. De Mëssel konnte séier gekläert ginn, an esou stoung dem Lancement et Sonndeg näischt an de Féiss.

Weltraum

© NASA/Bill Ingalls

D‘Missioun vu Parker ass kloer: datt éischt Objekt ze ginn, dat vu Mënschenhand hiergestallt ginn ass, an deem et (hoffentlech) geléngt déi dantesch Konditioune vum Kranz ze iwwerstoen. De Sonnekranz, en deel vun der Atmosphäre vun der Sonn, ass 300 mol méi gliddeg wéi de Stär selwer.

Laut dem Programm, soll d‘Sond ongeféier 6,2 Millioune Kilometer vun der Sonnenuewerfläch ewech bleiwen, a 24 mol duerch de Kranz fléien. D‘Missioun ass op siwe Joer ausgeluecht.

Gesäit een vun der technescher Meeschterleeschtung of, esou gëtt et e grousse wëssenschaftlechen Interessi hannert dëser Missioun. Et geet drëms d ze verstoen, firwat de Kranz ronn 300 mol méi gliddeg wéi d‘Sonn selwer ass. Erausfanne well een och, firwat seng energetesch Partikelen zu elektromagnéitesche Stierm féieren, déi den elektresche Reseau op der Äerd stéiere kënnen.

De Sonnewand viraussoen

„D‘Parker-Sond wäert derzou bäidroen, datt et eis méiglech ass Stéierungen am Sonnewand ze erkennen a viraussoen ze kënnen, op a wéini d‘Äerd dovunner betraff ass“, erkläert den Justin Kasper, dee matverantwortlech fir de Projet, a Professer op der Michigan-Universitéit ass.

Weltraum

© NASA/Bill Ingalls

„Mir wäerten eis an enger passionanter Zon erëmfannen, wou de Sonnewand an der Acceleratioun ass“, kommentéiert sengersäits den Jim Green, Direkter vun der Planéite-Wëssenschaft bei der NASA. „Do wou mir gigantesch elektromagnéitesch Felder gesinn, wann den Ausworf vun der Mass am Kranz sech an d‘Sonnesystem ergéisst“.

D‘Sond ass dat bis ewell eenzegt Weltraumgefier vun der NASA, datt no engem nach liewege Wëssenschaftler benannt ginn ass: den Astrophysiker Eugene Parker, haut 91 Joer jonk. Hie war deen éischten deen d‘Theorie vum Sonnewand 1958 entwéckelt huet, an déi elo vun der Sond studéiert ginn. Den Eugene Parker huet sech „Impressionnéiert“ gesot.

D‘Weltraumgefier ass vun engem Schutzschëld aus Karbon-Komposit, vun enger Déckt vun 12 Zentimeter ëmginn. Dat soll duer goen, fir déi an der Sond enthalen Instrumenter ze schützen, bei Temperature vu bis zu 1.400°C. An der Sond selwer sollt d‘Temperatur bei 29°C leien.

Der Sonn „nolauschteren“

„Eis Sonn ass voller Geheimnisser“ kommentéiert den Nicky Fox, Member vum Physik-Laboratoire vun der John Hopkins Universitéit an déi wëssenschaftleche Verantwortlech vun der Missioun. „Mir si bereet a kennen d‘Froen op déi mir Äntwerte wëllen. Zanter 60 Joer dreemen d‘Wëssenschaftler dovunner esou eng Maschinn ze bauen, mee et ass eréischt elo, wou den technologesche Fortschrëtt dat méiglech gemaach huet.

Weltraum

© NASA/Bill Ingalls

D‘Instrumenter mat där d‘Sond ausstafféiert ass, sollen d‘Partikel mat héijer Energie moossen, déi magnéitesch Fluktuatiounen analyséieren a Biller vum Kranz maachen, fir de Fonctionnement vum ganze besser ze verstoen. „Dëse Kranz, dee fir eis esou e friemt Ëmfeld ass“, seet den Alex Young, e Sonnespezialist vun der NASA.

„Mir lauschteren och de Plasmawellen no, vun deene mir wëssen, datt se zirkuléiere wann sech d‘Partikel beweegen“ vervollstännegt d‘Nicky Fox.

Wann „Parker“ bei der Sonn ukomm ass, huet d‘Sond eng Vitesse, déi séier genuch wier, fir den Trajet New-York – Tokio an enger Minutt ze bewältegen. An Zuelen ausgedréckt: 700.000 Km/h. Domatter ass Parker definitiv dat séierst Objekt dat jeemools vu Mënschenhand gebaut ginn ass.

mam Kerry Sheridan/AFP

Foto: © NASA/Bill Ingalls

Ähnlech Sujeten Eugene Parker, NASA, Sonn, Weltraum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel